CONGÉS ANNULÉS mat Gregario a Mutiny On The Bounty
E Freideg gouf um Festival Congés Annulés am Haff vun
E Freideg gouf um Festival Congés Annulés am Haff vun
E Bouf aus Guatemala, vu grad emol aacht Joer, deen
No dem Premier gehéiert et sech dat och d’Volleksvertrieder sech
Zënter leschter Woch fiert den Tram bis op d’Gare a bitt esou en einfachen Zougang zu de Butteker am Quartier. Wärend d’Bild vun der Stad Lëtzebuerg konstant moderniséiert an uspriechend gestalt wëll ginn, sollen och jonk Entrepreneuren an Händler, sou wéi hir Clienten vun der Dynamik profitéieren.
Zesumme mat der Stater Handelsunioun UCVL ass dofir de Projet „Mäi Quartier – Mäi Buttek“ lancéiert ginn, deen d’Butteker fir eng bestëmmten Zäit op d’Plaz lackele – dat a Form vu Pop-Up-Stores – an duerch schéin dekoréiert Vitrinnen vun den eidele Geschäfter fir e positiivt Bild vun der Stad suerge soll. Ma, d’VDL huet och wëlles, de Geschäftsleit esou méi Vertrauen zeréckzeginn, fir e Buttek op der Gare opzemaachen.
Dobäi kann ee sech allerdéngs zu Recht froen, ob een dat bei den héije Loyeren an dem Konzept vun der temporärer Notzung duerchgezu kritt.
Nom Succès an der Uewerstad sollen elo och Pop-Up-Stores an de Garer Quartier (44, avenue de la Gare) kommen. Mat dëser Initiative riicht ee sech u jonk Entrepreneuren, Start-Ups, Kënschtler an Händler, déi sech hei am Land beweise wëllen.
Gebuede gëtt eng Fläch vun 200 m², déi fir eng maximal Dauer vu 6 Méint genotzt dierf ginn. De Loyer läit tëscht 3.000 an 7.500 €. Ma, ugeholl gi Butteker fir Kleedung, Accessoiren, Bijouen, Equipement fir d’Wunneng, Fräizäitservicer, Offeren am Beräich Fleeg a Schéinheet, Konscht, Moud, Fotografie a gedréchent verpaakten Iessen sollen.
Nach bis de 17. Januar inclus kënnen d’Kandidaturen agereecht ginn. Enn Januar ginn d’Dossieren analyséiert, sou datt ab Februar 2021 d’Geschäfter hir Dieren opmaache kënnen. De Formulaire zur Umeldung fannt Dir op vdl.lu.
Nach bis Enn Januar 2021 proposéiert d’Geschäft Just Home eng schéin Feierdaagsdeko an de Vitrinne vun den eidele Butteker op der Adress 3-5 an 42-44 Avenue de la Gare. Donieft hunn déi 2 Muséeën vun der Stad Lëtzebuerg sech ëm e flotte Visuell vun der Vitrinn op der Adress 53, Avenue de la Liberté gekëmmert.
An dësem Kader lancéiert d’Stad Lëtzebuerg een Appell un all Proprietäre vu Butteker, déi grad eidel stinn. Jiddwereen ass häerzlech agelueden um Projet „Mäi Quartier – Mäi Buttek“ deelzehuelen. Fir weider Informatioune soll ee sech un de Service Développement Économique et Commercial vun der Stad Lëtzebuerg riichten (Tel.: +352 4796-5000 oder dec@vdl.lu).
Opmaacherbild: © VDL Fotothéik / Charles Soubry