Search

You may also like

Nationalfeierdag 2021 – Ried vum Staatsminister Xavier Bettel
Neiegkeeten

Nationalfeierdag 2021 – Ried vum Staatsminister Xavier Bettel

Altesse Royale, Här Chamberspresident, Exzellenzen, Léif Matbiergerinnen a Matbierger, De

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Mee
Neiegkeeten

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Mee

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

money
Luxair: De Benefice ëm 3 Millioune gesteigert
Neiegkeeten

Luxair: De Benefice ëm 3 Millioune gesteigert

Mat engem Benefice vun 12,5 Milliounen Euro fir 2018, konnt

Maintenance- a Botzaarbechten an den Tunnellen (ab dem 10.08.2020)

Maintenance- a Botzaarbechten an den Tunnellen (ab dem 10.08.2020)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt den zweeten Tour vun den hallefjärege Maintenance- a Botzaarbechten an den Tunnelle usteet. Zu dësen Aarbechten, déi den 10. August 2020 ufänken, gehéiert och déi preventiv Kontroll vum Sécherheetsequipement.

Bis Enn Oktober wäert d’Ekipp mat den Aarbechte beschäftegt sinn. Fir den Impakt op den Trafic ze reduzéieren an och d’Koordinatioun mat de Chantieren garantéieren ze kënnen, gëtt meeschtens nuets geschafft. Déi geplangten Datumer an Interventiounen an de verschiddenen Tunnelle kënnt dir um Site vu CITA noliesen.

Concernéiert Tunnellen:

Tunnel Grouft, Rëngelbuer, Stafelter, Gousselerbierg, Miersch, Rouscht, Kolmer-Bierg, Schieren, Houwald, Cents, Richard Serra, Kierchbierg, Helleg-Geescht, Pénétrante Sud, Märel, Péiteng-Kierch, Biff, Accès Secondaire, Micheville, Ässen, Éilereng, Féiz, Fréiseng, Munneref an de Markusbierg.

Ze kontrolléierend Equipement:

Ventilatioun, Feiermelder, CO / Duerchlässegkeet, Feierläscher, SOS Nisch , Wandmiesser, Beliichtung am Tunnel, Beschallung, Radio-Iwwerdroung, Noutruff-Sailen, Video-Iwwerwaachung, Zieler, Informatik, Telefonen, Reseau, Trëttoir, Pompelen,…

Related topics Botzaarbechten, Equipment, Gousseler Tunnel, Grouft, Helleg-Geescht, Maintenance, Rëngelbuer, Richard Serra, Sécherheet, Stafelter, Stroossebauverwaltung, Transportministère, Tunnellen
Next post Previous post