Search

You may also like

money
Si hunn d‘Convivialitéit nees hiergestallt
Neiegkeeten

Si hunn d‘Convivialitéit nees hiergestallt

Fir d‘Reouverture vun den Entreprisen ze wierdegen, fir net ze

Gemengen Zukunftsfit maachen
Neiegkeeten

Gemengen Zukunftsfit maachen

Leschte Méindeg 21. Januar huet d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) d‘Vertrieder

Israelesch Noutstandsregierung steet
Neiegkeeten

Israelesch Noutstandsregierung steet

Et war schonn eng spannend Sëtzung vun der Knesset um

Maintenance- a Botzaarbechten an den Tunnellen (ab dem 15.03.2021)

Maintenance- a Botzaarbechten an den Tunnellen (ab dem 15.03.2021)

Och an dësem Joer ginn nees zwee Mol Maintenance- a Botzaarbechten an den Tunnellen duerchgefouert. D’Stroossebauverwaltung deelt mat, dass déi éischt Campagne 2021 e Méindeg, de 15. Mäerz 2021 ufänkt. Fir de Verkéier net ze vill ze stéieren an d’Koordinatioun mat anere Chantieren net duercherneen ze bréngen, wäerten dës Aarbechten haaptsächlech Nuets duerchgefouert ginn.

An dësem Kader wäert och eng preventiv Kontroll vum Sécherheetsequipement duerchgefouert ginn. D’Aarbechte wäerte vu Mëtt Mäerz bis Mëtt Juni undaueren. De komplette Plang vun den Interventioune mam concernéierten Tunnel an Datum fannt Dir op der Säit www.cita.lu.

Folgend Tunnelle si concernéiert: Tunnel Grouft, Rëngelbuer, Stafelter, Gousselerbierg, Miersch, Rouscht, Kolmer-Bierg, Schieren, Houwald, Cents, Richard Serra, Kierchbierg, Helleg-Geescht, Pénétrante Sud, Märel, Péiteng-Kierch, Biff, Accès Secondaire, Micheville, Ässen, Éilereng, Féiz, Fréiseng, Munneref an de Markusbierg.

Kontrolléiert ginn ënnert anerem d’Ventilatioun, d’Feiermelder, d’CO / Duerchlässegkeet, d’Feierläscher, d’SOS Nischen, d’Wandmiesser, d’Beliichtung am Tunnel, d’Beschallung, d’Radio-Iwwerdroung, d’Noutruff-Sailen, d’Video-Iwwerwaachung, d’Telefonen a villes méi.

Related topics Beliichtung, Botzaarbechten, Feiermelder, Kontroll, Maintenance, Noutruff, Sécherheet, Stroossebauverwaltung, Tunnel, Ventilatioun, Verkéier
Next post Previous post