Search

You may also like

Happy Brexit Day
Neiegkeeten

Happy Brexit Day

Déi sougenannte „Brexiteers“ hunn et an der Nuecht kraache gedoen.

money
Ab 2019 ginn am Québec verschidde grouss Internetkonzerner besteiert
Neiegkeeten

Ab 2019 ginn am Québec verschidde grouss Internetkonzerner besteiert

Fir verschidde grouss Internetkonzerner, wéi beispillsweis de Streaming-Déngscht Netflix oder

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!
Neiegkeeten

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!

Um 16. Dezember 2018 gouf et am Raum Käerch-Siweburen ee

Mat Récksiicht op Flora a Fauna: Maintenance-Aarbechten beim Fliedermaustunnel

Den Naturpark Our deelt mat, datt den Erliefnispad beim Fliedermaustunnel zu Huldang fir de Rescht vum Joer duerch Maintenance-Aarbechte un de Stëtzmaueren gespaart wäert sinn. Wéi laang d’Spärung dauere wäert ass bis ewell nach net gewosst – d’Récksiicht op Flora a Fauna steet nämlech kloer am Virdergrond, amplaz schnellstméiglech fäerdeg ze sinn.

Scho säit 60 Joer gëtt de Vennbahn-Tunnel zu Huldang net méi vum Mënsch, dofir awer vun de Fliedermais genotzt. Mat hinne sinn och zuelräich aner Bewunner an den Tunnel gezunn an hunn dësen zu hirem neien Doheem gemaach. Virun allem Moos a Farnen fille sech laanscht d’Mauer immens wuel.

Fliedermaustunnel© Caroline Martin

Ma, dës planzlech Bewunner goufen am viraus virsiichteg vun de Mauere geholl, fir wärend den Aarbechten net futti ze goen Déi sensibel Aarten – dorënner beispillsweis de Plagiomnium rostratum oder d’Amblystegium varium, mee och ënnert anerem d’Hirschzong an de Borrers Wuermfarn (alle béid ob der rouder Lëscht) – sollen no der Maintenance nees zeréckgesat ginn.

Fliedermaustunnel© Caroline Martin

Déi offiziell Matdeelung, mat weideren Informatiounen zu de Farnen, fannt Dir HEI a Form vun engem PDF.

Opmaacherfoto: © Caroline Martin

Related topics Aarteschutz, Erliefnispad, Farn, Fliedermaustunnel, Naturpark Our, Stëtzmaueren
Next post Previous post