Eis Autobunnen: Maintenance- a Botzaarbechten an den Tunnellen 

Och an dësem Joer ginn nees bis Enn Oktober Maintenance- a Botzaarbechten an den Tunnellen duerchgefouert. Fir de Verkéier net ze vill ze stéieren an d’Koordinatioun mat anere Chantieren net duercherneen ze bréngen, wäerten dës Aarbechten ab haut haaptsächlech Nuets duerchgefouert ginn.

An dësem Kader wäert och eng preventiv Kontroll vum Sécherheetsequipement duerchgefouert ginn. De komplette Plang vun den Interventioune mam concernéierten Tunnel an Datum fannt Dir op der Säit www.cita.lu.

Folgend Tunnelle si concernéiert: Tunnel Grouft, Rëngelbuer, Stafelter, Gousselerbierg, Miersch, Rouscht, Kolmer-Bierg, Schieren, Houwald, Cents, Richard Serra, Kierchbierg, Helleg-Geescht, Pénétrante Sud, Märel, Péiteng-Kierch, Biff, Accès Secondaire, Micheville, Ässen, Éilereng, Féiz, Fréiseng, Munneref an de Markusbierg.

Kontrolléiert ginn ënnert anerem d’Ventilatioun, d’Feiermelder, d’CO / Duerchlässegkeet, d’Feierläscher, d’SOS Nischen, d’Wandmiesser, d’Beliichtung am Tunnel, d’Beschallung, d’Radio-Iwwerdroung, d’Noutruff-Sailen, d’Video-Iwwerwaachung, d’Telefonen a villes méi.

Dernières nouvelles