Search

You may also like

Nationalfeierdag a Klimawandel
Neiegkeeten Sport

Nationalfeierdag a Klimawandel

Nodeems de Xavier Bettel (DP) e Freideg enttäuscht vum EU-Sommet

Editorial: Wie brauch proppert Waasser?
Neiegkeeten Sport

Editorial: Wie brauch proppert Waasser?

Haut ass de Weltwaasserdag, an déi gesamt Weltgemeinschaft ass sech

Nouvelle vun der Aarbechtsfront
Neiegkeeten Sport

Nouvelle vun der Aarbechtsfront

Dat huet et well laang net méi ginn an dofir

Maison du Cycliste: Et rullt, an zwar op zwee Rieder

No der Kreatioun vun der Maison du Motard presentéiert de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) elo seng Maison du Cycliste. Zil ass et Schüler, Sportler, Cyclisten an den Notzer vun dësem douce Fortbeweegungsmëttel unhand vu Formatiounen essentiell Kenntnisser ze vermëttelen an esou eng méi sécher Notzung ze garantéieren.

Fir dës Offer bereetstellen ze kënnen, huet den ACL sech de Service de la Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT), sou wéi d’Sportsfederatioun vum Lëtzebuerger Cyclissem (FSCL) als Kollaborateuren erausgesicht. Déi entspriechend Charta ass e Freideg, de 16. Juli ënnerschriwwe ginn.

Maison du Cycliste
(v.l.n.r.) Ed Buchette, FSCL; Camille Dah, FSCL; Jean-Claude Juchem, ACL, Vania Henry, ACL; Luc Weis, SCRIPT; Luc Belling, SCRIPT beim Ënnerschreiwe vun der Charta vun der neier Maison du Cycliste zu Monnerech © ACL

An dësem Kader huet den ACL-Direkter Jean-Claude Juchem ënnerstrach, datt den Automobilclub eng multimodal Mobilitéit encouragéiert a sech ëmmer méi fir d’Toleranz tëscht allen Notzer vun der Strooss asetzt. „Dëse Projet bitt d’Chance e Kader fir Formatiounen ubidden ze kënnen, andeems all Acteuren an e Reseau un Experten op enger Plaz, op eisem Site zu Monnerech, zesummekommen“, sou den Jean-Claude Juchem, Direkter vum ACL.

Vum Mountainbike, iwwert de Sportsvëlo, hin zum Elektro-Vëlo wäerten am Formatiounszenter zu Monnerech déi verschidde Formen vum Fortbeweegungsmëttel um Programm stoen. Besonnesch elo, wou Nohaltegkeet ëmmer méi grouss geschriwwe gëtt wëll een déi douce Mobilitéit weider fërderen.


© ACL

Gewosst wéi

Esou wéi een als Kand an der Schoul schwamme bäibruecht kritt, sollten och Formatiounen am Bezuch op d’Vëlo-Fueren e fixe Bestanddeel vun eisem Liewe ginn, sou de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT. Zënter zwee Joer ass et hir Initiative „Bicycool“, déi bei de Schüler dës aktiv Praktik fërdert. Esou ass hien houfreg, datt mat der Maison du Cycliste zousätzlech pedagogescht Material erstallt gëtt.

„Fir d’FSCL ass d’Notzung vun der Piste zu Monnerech och en neien Outil deen et eis erméiglecht eis lizenzéiert Jonker a Saachen Technik a Konditioun ze forméieren“, sou de Camille Dahm FSCL-President nach ofschléissend.

An der Billergalerie uewen fannt Dir e puer Andréck zur éischter Formatioun, dI d’Maison du Cycliste enger Schoulklass ugebueden huet © ACL

Related topics ACL, Camille Dahm, Douce Mobilitéit, Formatiounszenter, Fortbeweegung, FSCL, Jean-Claude Juchem, Lëtzebuerger Automobilclub, Luc Weis, Maison du Cycliste, Monnerech, SCRIPT, Vëlo
Next post Previous post