Search

You may also like

Fra mam Hummer op de Kapp geschloen
International Neiegkeeten Stories

Fra mam Hummer op de Kapp geschloen

Laut dem Policebericht, ass e Freidegmoie géint hallwer néng, eng

D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!
International Neiegkeeten Stories

D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!

Fir de Mount vum Mee baut Netflix säi Film-Ugebuet mat

Neies am Fall vum Amnéviller Zoo
International Neiegkeeten Stories

Neies am Fall vum Amnéviller Zoo

Nodeems d’Mataarbechter vum Amnéviller Zoo iwwer 5 Joer hin an

Problemer vu Regierung a Pandemie ginn Hand an Hand

Problemer vu Regierung a Pandemie ginn Hand an Hand

A Malaysien ginn aktuell d‘Zuele vun den Neiinfektiounen duerch de Plafong. Ee Problem deen d‘Regierung net an der Grëff kritt. Et läit hei weder um Geld oder de Méiglechkeeten, dofir ganz däitlech un engem politeschen Dissens deen am Parlament fir ee bizare Muechtkampf suergt.

Dem aktuelle Premierminister Yassin Muhyiddin seng Majoritéit ass bréckeleg. Datt se iwwerhaapt nach besteet, huet eigentlech just domadder ze dinn, datt sech dem Premier seng Géigner net eens ginn. Weder wat seng Nofolleg ugeet, nach wéi eng Mesuren am pandemesche Kontext ze treffe sinn. Et ass riets vu Verrot, Bedruch a villem méi… An d‘Vollek dréit d‘Konsequenze vun Allem.

Zanter Méint breet sech de Coronavirus a Malaysia aus. Stänneg verkënnegen d‘Autoritéiten nei Héchststänn. Déi vun der Regierung ergraffe Mesure gi vun de Kritiker als Inkoherent bezeechent, an den interne Sträit huet zu massivem Vertrauensverloscht an der Bevëlkerung gefouert. Dobäi huet d‘Regierungskris schonn am Mäerz 2020 säin Ulaf geholl. Et muss een also zeréckblécken.

Sechs Milliarden US-Dollar

2018 gouf déi iwwerraschend Walvictoire vun der Oppositioun kuerzfristeg als „demokratescht Virbild fir Südostasien“ bezeechent. Et war den éischte Regierungswiessel zanter Joerzéngten. D‘Kontroll vun der Press an de soziale Medie gouf gelackert, Sécherheetsgesetzer zeréckgeholl an d‘Demonstratiounsrecht verbessert. Zudeem huet et elo och ee Moratoire fir d‘Doudesstrof.

Nom milliardeschwéiere Korruptiounsskandal, an deen de Premierminister Najib Razak (de Bouf vum virechte Premier Abdul Razak) verwéckelt war, konnten sech politesch Veteranen, wéi de Mohamad Mahatir (Premier vun 1981/2003) dee Malaysia Moderniséierung a wirtschaftlechen Opschwong bruecht huet, an den Ibrahim Anwar, deen eng Politik vum moderaten Islam vertrëtt,

Den Najib Razak gouf am Juli 2020, nodeems de Yassin Muhyiddin (de fréiere Stellvertrieder vum Najab Razak) am Mäerz zum Regierungschef ernannt gouf, zu 12 Joer Prisong verurteelt. Dat wëll hien a säin Ëmfeld solle mindestens sechs Milliarden US-Dollar aus dem Staatsfong „1MDB“ (1 Malaysia Development Berhad) geklaut hunn. Et ass riets vu systemescher Korruptioun.

Bei de Walen 2018 huet den Ibrahim Anwar nach am Prisong gesiess, nodeems och hie wéinst Korruptioun an angeblechen „homosexuellen Aktivitéiten“ zu enger laanger Prisongsstrof verurteelt gi war. Hie sollt awer no Walen op fräie Fouss kommen an als Koalitiounspartner vum Mohamad Mahatir, an der Halbzeit d‘Mandat vum Premierminister iwwerhuelen. Dat goung sech net op.

Et koum zu Spannungen an am Januar 2020 huet de Mohamad Mahatir d‘Plaz net fräi gemaach, mee versicht iwwert den Ëmwee vun engem Récktrëtt an dem schmidde vun enger neier Koalitioun, d‘Muecht ze behalen. Dat huet de Kinnek Sultan Abdullah Shah net appreciéiert an eng Decisioun geholl: hien huet kuerzerhand de Yassin Muhyiddin als Premierminister agesat. Dat war gewot…

Et gëtt komplizéiert

Gutt dräi Joer no de Wale gëtt d‘Land vun engem net vum Vollek gewielte Premier geréiert, an et huet sech an dësem Zäitraum eng vollstänneg Zerspläiterung vun der politescher Landschaft erginn. Et hu sech nei Parteie forméiert a vill „Iwwerleef“ vervollstännegen de politeschen Duerchenaner. Kee weess wien als Nächstes mat wiem zesummeschafft oder d‘Kooperatioun nees beendegt.

Esouguer den „Ethnonationalismus“ huet nees seng Plaz an der Mëtt vun der Gesellschaft. Déi reliéis Minoritéiten (Chrëschten, Judden an Hinduen) hu wéineg bis guer keng Rechter. Dat wëll déi malaysesch Majoritéit (51%) de Bumiputra-Status genéissen, déi de Malaien finanziell Virdeeler am Geschäftsliewen a beim Kaf vun Immobilie séchert. Dat denoncéieren, ass keng gutt Iddi.

De Bumiputra-Status a fro ze stellen, féiert um direkte Wee an de Prisong. Doriwwer eraus gëtt de genannte Minoritéiten den Zougang zum Héischsschoulstudium oder enger Beruffsausbildung verwiert. D‘Majoritéit vun de Malaien ass net gewëllt de Privileg hierzeginn. An d‘Land wëll, wat der moslemescher Majoritéit gefält, d‘UN-Konventioun géint Rassendiskriminéierung net unhuelen.

An d‘Pandemie doranner?

De ganze politesche Chaos, dréckt de Mënschen a Malaysien zolidd op d‘Gemitt. Si bekloen déi offensichtlech Inkompetenz a verlaangen datt sech d‘Regierung nees ëm d‘Nout vun de Bierger këmmert. Dat ganzt Gestreits géif eng kloer Covid19-Strategie verhënneren. All Dag ginn eng 13.000 Neiinfektioune gemellt, an d‘Tendenz ass weiderhi steigend. Do muss elo ugesat ginn.

Et schéngt sech zudeem ze erweisen, datt déi ganz Confinementsmesure méi Schued wéi Hëllef bruecht hunn. Déi finanziell Situatioun vun de Leit hëlt dramatesch Ëmrëss un. Et sinn och grad emol 13% vun der Bierger vollstänneg geimpft. Oppene Protest ass allerdéngs weder erwënscht nach wierklech méiglech. Mee et gesäit een d‘Zeeche vun der Nout iwwerall, et muss ee kucken.

An der Haaptstad Kuala Lumpur gesäit een se, déi „gesaten Zeeche vu konkreter Nout“. Wäiss Lompen oder al Hiemer hänke virun de Wunnenge vu Mënschen déi net genuch z‘Iessen hunn. De leschten Hëllefsruff vun deenen, déi Pandemiebedéngt hiert Akommes verluer hunn. D‘Aktioun gouf den 1. Juni an de sozialen Netzwierker lancéiert. Dës Aktioun enthält och eng Message.

Et ass den Ausdrock datt sech d‘Vollek net méi op d‘Regierung verléisst, mee een sech elo selwer këmmert, ëm sech an den Noper. Elo huet dës Aktioun awer och eng politesch Komponent: wien a Malaysien de Récktrëtt vun der Regierung fuerdert, hänkt eng schwaarz Lomp an d‘Fënster oder op de Balcon. Zanter Januar ass „Etat de Kris“ an domadder sinn dem Parlament d‘Hänn gebonnen.

mat indymedia/kul

Foto: Eigentlech sollt et dem Land un näischt feelen. © Wengang Zhai / unsplash

Related topics Covid19, Etat de Kris, Korruptioun, Malaysia, Neiwalen, Pandemie, Parlament, Politik
Next post Previous post