Search

You may also like

De Vull vum Joer 2019: et ass de Fluessfénk ginn!
Business International Neiegkeeten

De Vull vum Joer 2019: et ass de Fluessfénk ginn!

An dësem Joer huet natur&ëmwelt de Fluessfénk zum Vull vum

(Fräiwëlleg) Beroder hëllefe bei Problemer mat Harespelen
Business International Neiegkeeten

(Fräiwëlleg) Beroder hëllefe bei Problemer mat Harespelen

D‘natur&ëmwelt Asbl huet e Berodernetzwierk gegrënnt, dat mam Zil eng

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 21. bis den 27. Juni 2021
Business International Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 21. bis den 27. Juni 2021

Wéi de Gesondheetsministère, den LNS an de LIST an hirem Bilan

Mallorca am Touriste-Féiwer

Mallorca am Touriste-Féiwer

Zousätzlech Flich trotz stramme Covid19-Reegelen: d‘Vakanzeninsel rechent zu Ouschtere mat engem Ustuerm vun Touristen. Eis däitsch Nopere schéngen decidéiert sech eppes Entspanung ze gënnen. Granzeg Gesiichter huet et beim Bléck op déi drastesch Test-Virschrëften, an eppes Geld sollt een och bereet halen.

Mallorca ass, jee no Joreszäit emol eng englesch, dann nees eng däitsch „Enclave“ zuweilen och béides zesummen. Datt et zanter geraumer Zäit éischter „komplizéiert“ ass dohinner ze kommen, huet dem Reeswonsch keen Ofbroch gedoen. D‘Fuerderung vun de spueneschen Autoritéiten en negative PCR-Test bei der Arees virzeweisen, ass dobäi nach dat mannst. Duerno gëtt et spannend.

Mallorca1 Woch Mallorca fir ënner 400 Euro, wann ee sech net ustécht an all Test negativ ass. Kléngt no enger Offer déi sech net zeréckweise léisst.

Esou brauch den „Tourist“ ab en Dënschdeg 30. Mäerz och en negative PCR-Test fir d‘Insel no der „Party“ nees verloossen ze dierfen. Et gëtt allerdéngs zur Stonn nach gepréift, ob et net och duer goe sollt ee sougenannten Antigen-Test (Schnelltest) ze maachen. Ugesiichts dem Zäitdrock, dierft dëse Wee awer beschratt ginn. Esou Tester sinn dann allerdéngs net gratis, hei sollt ee mat enger „Participatioun“ vun 30 bis 50 Euro pro Test ausgoen. Et muss also keen deiere PCR-Test sinn…

Interessant gëtt et och falls de Kandidat „positiv“ ass. Dann ass d‘Heemrees gestrach an de Kont sollt gutt gerëscht sinn. An deem Fall nämlech mussen sech d‘Touristen esoulaang op eege Käschten isoléieren, bis de PCR-Test (hei geet de Schnelltest net méi duer) negativ ass. Hei sollt gewosst sinn, datt kee Rabatt gewäert gëtt, an dat richteg an Geld goe kann. Mee „who cares?“.

MallorcaVakanz op Mallorca ouni „Party“ ass wéi Béier ouni Schaum. A well et kaum Infektiounsfäll huet, besteet jo eigentlech keng Gefor.

Op Mallorca gesäit een dat alles mat gemëschte Gefiller. Sécher Freed e sech iwwer Touristen déi nees Geld op d‘Insel bréngen, och wann déi aus sougenannte „Risikogebidder“ kommen. Déi fir den Tourismus verantwortlech Acteure sinn awer de Meenung: „De Risk datt Däitscher de Virus op d‘Insel bréngen existéiert aus menger Siicht net wierklech. Um Fluchhafe muss all Mënsch en negativen test virweisen, ouni kënnt keen duerch“, esou den Tourismusbeoptraagte Xavi Pasquet.

Bleift drop hinzeweisen, datt op Mallorca nëmmen eng 15% vun den Hoteller op hunn, wat derzou animéiert unzehuelen, datt ee vill Fräiraum huet an d‘Sonn iwwer Ouschteren um Strand ganz onbekëmmert genéisse kann. Richteg ass och, datt et déi lescht Woch kaum Neiinfektiounen op der Insel hat. D‘Inzidenz ass allerdéngs an der leschter Woch vun 20 op 30 geklommen.

mat indymedia/pmi

Illustratioun: © Vows onthe Move / unsplash

Related topics Ballermann, Covid19-Tourismus, Däitschland, Palma de Mallorca, PCR-Test, Vakanzeninsel
Next post Previous post