Search

You may also like

money
Brauch et eng Reguléierung vum Wunnengsmaart?
International Neiegkeeten

Brauch et eng Reguléierung vum Wunnengsmaart?

Datt et „aarm“ Leit op der Welt gëtt, ass net

Elo hu mir se: d‘Luxembourg Space Agency
International Neiegkeeten

Elo hu mir se: d‘Luxembourg Space Agency

LSA kléngt net ganz esou „renomméiert“ wéi „NASA“, mee et

Hefteg Stierm iwwer Alabama a Louisiana
International Neiegkeeten

Hefteg Stierm iwwer Alabama a Louisiana

An de südlechen US-Bundesstaaten Alabama a Louisiana si bei den

Mallorca: Regionalregierung zitt de Party-Stecker

Mallorca: Regionalregierung zitt de Party-Stecker

Um „Ballermann“ hat et leschte Weekend eppes Mëssuechtung vun de Consigne ginn, och am brittesche Quartier Magaluf hunn d‘Touristen op Messersschneid gedanzt, an elo bezuelen d‘Wiert de Präis… d‘Betriber gi fir zwee Méint an de „Kollektivcongé“ geschéckt.

Fir d‘Bedreiwer vun dëse Party-Halen ass et ee Schock, matten an der Héichsaison mussen d‘Diere geschlosse bleiwen, dobäi haten si séier op de schlechte Beholl vun hire Cliente reagéiert, jo et gouf esouguer an de sozialen Netzwierker Appeller, datt een hinnen no enger laanger Ausgangsspär net d‘Liewen onnéideg schwéier sollt maachen. Dem Tourismusminister ass dat wuel net duergaangen.

An de regionalen Tourismusminister Iago Nergueruela, deen eigentlech, also wann hie vun esou „Touristen“ schwätzt déi sech duerch hir schlecht Manéieren ervirdinn, ëmmer gutt Uecht deet a seng Wierder ofweit, hat dës kéier zolidd Problemer sech an der Gitt ze halen. Dofir war hien dës Kéier däitlech: „Mir wëlle weder esou Betriber nach esou Touristen“. Kann een him net verdenken.

Seng Message un all déi Leit wou d‘Baleareninsel nëmme wéinst „Party“ besiche wëllen: „ Mir wëlle weder dëst Verhalen nach esou eng Clientèle op eisen Inselen“. Betriber déi sech net un déi allgemeng gülteg Oplagen halen, Exzesser a villes méi zouloossen, bezuelen elo de Präis. Déi vill „Gäscht“ deene Maskeflicht a Sécherheetsofstand häerzlech egal ass, hu ganz Aarbecht geleescht.

Eng kloer Usso

Déi ganz „Buden“ zouzemaachen, huet schliisslech och ee wirtschaftlechen Impakt, mee matten an enger Pandemie – wou sech zudeem eng zweet Well däitlech ofzeechent – Party „wéi Fréier“ also ouni Mask a mat kilometerlaange Stréihallem Sangria aus dem gemeinschaftlechen Eemer ze saufen, dat war ganz kloer déi schlecht Approche fir eng Summervakanz ënnert der Sonn 2020…

Fir dat alles ze verhënneren, a keen zu „Dommheeten“ ze verleeden, dierfen et um Ballermann elo weder Stéidëscher nach Sangria-Partye ginn. „D‘Biller aus de leschten Deeg dierfen net op d‘Spill setzen, wat mir als Bierger zesummen erreecht hunn. Déi allermeeschten Entreprisen a Geschäfter hunn sech akribesch un d‘Reegele gehalen an hir Saach gutt gemaach, fir déi aner ass elo Schluss“.

Mat senger Entscheedung wëll de Iago Nergueruela verhënneren, datt eng Minoritéit vu Leit de Ruff vun de Baleareninselen als Vakanzendestinatioun schued. D‘Patrone vun dëse Buden an hir Employéeë ginn de Kameraen an de Mikroen aus de Féiss. Keen huet Loscht dat ze kommentéieren, an déi betraffe „Party-Communautéit“ versteet et guer net, gesinn sech als Wirtschaftsfacteur.

Asiicht gëtt et keng

„Mir droe vill zur lokaler Ekonomie bäi“, erkläert den Tim, dee mat senge Kumpel aus Frankfurt fir eng Woch zu Palma dem tristen Alldag entfléie wollt. Hien hält dee ganzen Zinema wéinst eppes Gefeiers fir iwwerdriwwen. „Sécher huet e klenge Grupp ginn, deen iwwert d‘Strengt geschloen huet, mee dat rechtfäerdegt dach net esou eng Decisioun“. Just datt et ebe kee klenge Grupp war.

An datt d‘Awunner Angscht hunn, datt sech de Coronavirus Covid19 nees onkontrolléiert op der Insel verbreet, si nees missten an de Confinement, ass „dësen“ Touristen dann och éischter egal. D‘Police ass dann och ugewise gi streng ze kontrolléieren, d‘Toleranz ass op „null“ gesat ginn an d‘Protokoller wieren der Situatioun entspriechend ugepasst ginn. Et gëtt also och richteg deier.

Interessant dann awer de Constat, datt d‘Party-Gäscht veriergert sinn, datt hinnen de Stecker gezu gouf, sech awer net een Ament laang Gedanken doriwwer maachen, wat et besonnesch fir déi Leit bedeit, déi an dëse Lokaler hire Liewensënnerhalt bestridden hunn. Dat alles ass awer net hire Problem. A mir hunn et schonn emol gesot: a leschter Instanz bezilt de Wiert d‘Rechnung

mat indymedia/mad

Illustratioun: Mallorca huet esouvill méi ze bidde wéi wootleche Fusel aus engem Plastikseemer. Mat Party ass jiddefalls dëse Summer net méi ze rechnen an d‘Balearen ginn elo zur Destinatioun vun all deenen, déi no Rou a Geloossenheet sichen. © Farid Askerov / unsplash

Related topics Balearen, Ballermann, Magaluf, Mallorca, PALMA, Party, Plastikseemer, Sangria, Spuenien
Next post Previous post