Search

You may also like

Éischt Foto vu schwaarzem Lach als Beweis fir d‘Relativitéitstheorie
Neiegkeeten

Éischt Foto vu schwaarzem Lach als Beweis fir d‘Relativitéitstheorie

Eng kleng wëssenschaftlech Revolutioun oder nëmmen eng schlicht Feststellung? Bis

Vu Gott an der Welt vergiess?
Neiegkeeten

Vu Gott an der Welt vergiess?

Tschetschenien, dat héiert sech un wéi wann et wäit genuch

Afghanistan: Vill Affer bei Ugrëff op Gedenkveranstaltung
Neiegkeeten

Afghanistan: Vill Affer bei Ugrëff op Gedenkveranstaltung

An der afghanescher Haaptstad Kabul hu gëschter islamistesch Attentäter eng

Mam gudde Beispill virgoen

Mam gudde Beispill virgoen

Nodeems bekannt gouf, datt sech de franséische President Emmanuel Macron mat Covid19-Virus ugestach huet, huet eise Premierminister Xavier Bettel via Twitter matgedeelt, datt hie sech a Quarantaine gesat huet. Béid Staatsmänner ware sech beim EU-Sommet vu leschter wuel eppes méi nokomm. Esou och de portugisesche Premierminister an nach vill europäesch „Gréissten“.

Beispill

Laut de Kolleege vu France Info ass de franséische Staatschef zanter dräi-véier Deeg ee potentielle Vecteur zur Iwwerdroung vun der Infektiounskrankheet. Hie wäert sech elo, enstpriechend de geltende Mesure fir siwen Deeg an Auto-Isolatioun beginn, an d‘Staatsgeschäfter „aus der Distanz“ assuréieren, esou de Spriecher vum Elysée. Symptomer hätt den Emmanuel Macron awer keng.

Laut dem Communiqué vun der Regierung, wier de Retrait vum Xavier Bettel eng Virsiichtsmesure an de Premierminister géif sech dann och zäitno engem Covid19-test ënnerwerfen. Och de Premier weist keng Symptomer op. Op déi vill Leit, wou de Premierminister bei der Visite vum Impfzenter um Lampertsbierg begéint huet, an/oder Membere vun der Regierung elo a Quarantaine mussen?

Illustratioun: De Premierminister vu Lëtzebuerg beim ronnen Dësch Gespréich zu Bréissel leschte Freideg. © European Commission

Related topics Auto-Isolatioun, Covid19, Emmanuel Macron, positiv, Quarantaine, Xavier Bettel
Next post Previous post