Search

You may also like

Klimaplang Lëtzebuerg: 20 Euro fir all Tonn CO² déi ausgestouss gëtt
Neiegkeeten

Klimaplang Lëtzebuerg: 20 Euro fir all Tonn CO² déi ausgestouss gëtt

Genee eng Woch no der Virstellung vum Klimaschutzgesetz, huet de

US-President net vu Warnungen aus Peking beandrockt
Neiegkeeten

US-President net vu Warnungen aus Peking beandrockt

A China sinn de President a seng kommunistesch Zentralregierung net

D’Studentefoire 2020 geet den digitale Wee
Neiegkeeten

D’Studentefoire 2020 geet den digitale Wee

Am Kontext vun der Pandemie wäert déi traditionell Studentefoire 2020, déi

Mam Kowitschäck an d‘Fräiheet

All Mënsch ass gläich, wann hie säi QR-Code an der Täsch oder am Handy huet

Mam Kowitschäck an d‘Fräiheet

Mam Kowitschäck, also dem Zertifikat deen noweist, datt een de Covid19 Iwwerlieft huet, oder geimpft ass, oder vun engem zougeloossenen Acteur aus dem Gesondheetssecteur getest gouf, sollen sech ab ee Sonndeg nees all d‘Dieren opmaache loossen. De gielen Impfpass vun der WHO bleift och gülteg, mee de QR-Code muss een trotzdeem hunn.

Bei de Presentatioun vum Kowitschäck huet d‘Gesondheetsministesch nach emol betount, datt de Projet ambitiéis gewot ass a net gewosst ass op d‘Mesuren hale wat ee sech dovunner versprécht. Trotzdeem muss een et versichen, well esou wéi bis ewell kann et jo och net virugoen. Dofir kann de Kowitschäck och net alles léisen, soll awer hëllefen nees eppes méi Normalitéit ze erlaangen.

Esou ass et dann elo nees méiglech am Restaurant „dobannen“ ze sëtze, d‘Nuetseilen dierfen hir Flilleken och nees ausbreeden, a sportlech wéi kulturell Evenementer kënnen nees „gelieft“ ginn. Dat vir Usammlunge vu bis zu 300 Persounen. Tëscht 301 a bis maximal 2.000 brauch et e sanitäre Konzept. Dee muss dann och vun den zoustännegen Autoritéite gepréift an zougelooss ginn.

Alles geet näischt muss

De QR-Code soll d‘Deplacementer bannent der Unioun erliichteren, ass awer keng Garantie, well nach dierf all Land fir sech decidéieren, wéi eng Kredibilitéit et dësem „Zertifikat“ wëll zougestoen. Woubäi et jo do awer säitens der EU-Kommissioun schonn Entwarnung gëtt, well déi d‘Reese mat eisem Kowitschäck an der EU an de Partner: Island, Liechtenstein, Norwegen an d‘Schwäiz ab dem 1. Juli als geneemegt gesäit. Mat de sougenannten Drëttlänner gëtt nach verhandelt…

Et gouf nach informéiert datt vill geschafft gouf, fir de QR-Code/Kowitschäck ab dësem Sonndeg ze aktivéieren. Den delegéierte Minister fir Digitaliséierung, Marc Hansen, huet nach preziséiert, datt mir zu Lëtzebuerg bannent 24 Stonnen eng 350.000 QR-Code generéiert hunn. 8 EU-Länner hätten därer 1 Millioun nummeriséiert. De Minister betount nach emol, dat dësen Dispositif keng Applikatioun u sech ass. Déi App wou et gëtt (CovidCheck.lu) wier just geduecht fir d‘Kontroll duerch zougeloosse Persounen ze erméiglechen. Et géif awer keen dru gehënnert d‘App ze testen.

QR-CodeDen delegéierte Minister fir Digitaliséierung, Marc Hansen, weist wéi sech dës Applikatioun, déi eigentlech keng ass, presntéiert. © Luc Deflorenne / SIP

D‘Paulette Lenert hirersäits insistéiert, datt de Virus nach ëmmer seng Ronnen dréit, firwat et net ubruecht ass liichtfankeg ze ginn. Aus dësem Grond bleiwen d‘Gest Barrière, baussent dem Kowitschäck-System net nëmme recommandéiert mee zwéngend applikabel. Déi nei Mesure sollen, wann de Gesetzprojet 7836 haut an der Chamber ugeholl ass, bis de 15. Juli gëllen. Zäit also ee Bléck op d‘Prozedur zur Obtentioun vun dësem personaliséierte Kowitschäck QR-Code ze werfen.

Wéi geet dat ganzt?

1) Den Impf-Zertifikat: Déi ronn 170.000 leit déi vollstänneg geimpft (also entweder 2 Dose vum AstraZeneca – Pfizer/Biontech – Moderna; oder eng Dosis Janssen) sinn, kréien hiren Zertifikat iwwert de Postwee. Zanter gëschter kréien awer och all déi Leit, wou hir zweet Dosis verofreecht kréien, dësen Zertifikat op der Plaz, also am Impfzenter, an de Grapp gedréckt.

Huet een dëst Schrëftstéck elo kritt, also per Post oder am Impfzenter, da sollt een eng digital Kopie iwwert de Site vu myguichet.lu (geet nëmmen iwwert de perséinlechen Espace) op säin Handy eroflueden. Fir déi gutt 30.000 Iwwerliewend, déi eng éischt Dosis erhalen hunn, sollt den Zertifikat am Laf vun nächster Woch zougestallt ginn.

QR-CodeEt heescht zwar Applikatioun, mee den delegéierte Minister fir Digitaliséierung, huet gesot et wier keng, also net am eigentleche Sënn.

2) Nees-Gesond-Zertifikat: Dësen Zertifikat ass tëscht dem 11. an dem 180. Dag nom positive PCR-Test gülteg. Et ass jo net jidderee seriéis erkrankt, verschidde Mënsche ware jo positiv ouni dofir Symptomer entwéckelt ze hunn.

3) Negativen-Test Zertifikat: Wien elo en negative PCR-Test bei engem vum Gesondheetsministère zougeloossenen Acteur aus dem Gesondheetssecteur mécht, ka säi QR-Code online eroflueden. Dat entweder um Internetsite vum Laboratoire, oder op myguichet.lu. Ee sougenannte Schnelltest, deen awer muss zertifiéiert sinn, gëtt ëmmer vun engem Zertifikat a Pabeierform, op deem dann de QR-Code opgefouert ass, begleet. Dëse QR-Code ass da selbstverständlech zäitlech staark begrenzt.

Esou soll de Scanning lafen

Fir unzefänke mussen sech emol all déi Etablissementer, wou decidéiert hunn an de Kowitschäck-Modus ze goen, dem Gesondheetsministère dat mat deelen. Dofir huet et ee Formulaire, deen den Acteur sech um Site vum Ministère erofluede kann, a wann hien dësen ausgefëllt huet, brauch en deen nach just per Email zeréckzeschécken.

Hei wier nach ze notéieren, dat fir bis zu 300 Persounen dës Notifikatioun kengerlee Geneemegung brauch. Dës Notifikatioun ass geduecht et den Autoritéiten ze erméigleche Kontrollen ze maachen. Et gouf nach drop higewisen, datt de Kowitschäck net fir privat Fester gülteg ass. Et kann een also net méi wéi zéng Leit op de Gebuertsdag alueden…

QR-CodeHonnertprozenteg sécher: Dateschutz, Respekt vun der Privatsphär a Fälschungssécher ass de System, wou keng Applikatioun ass (och wann een eng App erofluede muss).

Wien dann elo gehalen ass d‘Kontroll, also de QR-Code ze scannen, d‘Applikatioun (déi keng ass) bei engem vun den Applikatiounshändler eroflueden. Gescannt gëtt ëmmer an der Entrée vum Etablissement oder Standuert vum Evenement. D‘Personal an/oder d‘Sécherheetsleit vun dësem Etablissement / Evenement hunn allerdéngs net d‘Recht eng Iwwerpréiwung vun der Identitéit vun de Leit ze maachen, datt bleift d‘Aufgab vun der Police.

Fir déi kreativ Gesellen, wou dann awer mengen datt fuddelen eng Optioun ass, nach eng kleng Info: wien falsch Zertifikater erstellt/benotzt, muss mat enger Geldstrof rechnen, a bestëmmte Fäll kann et och zu penale Poursuitte kommen.

Foto: © Luc Deflorenne / SIP

Related topics Applikatioun, covidcheck.lu, Gesondheetsministesch, Kowitschäck, Marc Hansen, Minister fir Digitaliséierung, Paulette Lenert, QR-Code
Next post Previous post