Search

You may also like

Reaktioun op d‘Reaktioun (Lieserbréif)
Auto Neiegkeeten

Reaktioun op d‘Reaktioun (Lieserbréif)

Nodeems an der Chamber eppes méi kontroverséiert iwwert de Jugendprisong

En Amerikaner um elektresche Stull
Auto Neiegkeeten

En Amerikaner um elektresche Stull

En Amerikaner, deen et virgezunn huet duerch en déidlechen elektresche

De Waasserstand geet zeréck, d’Zerstéierung bleift
Auto Neiegkeeten

De Waasserstand geet zeréck, d’Zerstéierung bleift

Nodeems d’Héichwaasser Lëtzebuerg uerg matgeholl huet, hu S.A.R. de Groussherzog

Mam Stock-Car Auto duerch den Topaze!

Mam Stock-Car Auto duerch den Topaze!

Hat Dir se och gesinn, déi zwee getéitscht Autoen am Akafszentrum Topaze zu Miersch? Vum 24. bis den 30. Juni hunn eis Kollegen vum Stock Cars Club Kayl an d’Racing Team Power Bull’s agelueden, fir hir Gefierer ze bestaunen.

© Shari Pleimelding/moien.lu

Fir d’éischt ware si an der Belle Etoile. Et schéngt de Fuererinnen a Fuerer wuel gutt gefall ze hunn, sou datt et direkt weider gaangen ass an den nächsten Akafszentrum. An esou louch bei de Keesen am Topaze tëscht de Geschäfter Bensin an der Loft. Béid Veräiner hunn jeeweils een Auto presentéiert, natierlech nees mat villen Informatioune ronderëm de Stock-Car.

© Shari Pleimelding/moien.lu

Et ass ee Motorsport, voller Téitschen an entweder Stëbs oder Bulli. Freed mëscht et, an dat beweisen eis d’Memberen, déi dës Saison nees eng Cours no der anerer fueren. Wat eis jo am beschte gefält ass, datt een un hirem Beispill gesäit, datt ähnlech Veräiner och heiansdo gären zesummen halen an d’Frëndschaft och all Course iwwersteet!

Mir wënschen op vill Succès fir dat nächst Evenement! Iwwregens ass dat un dësem Weekend. Fir genau ze sinn um Sonndeg, de 7. Juli. Bei dëser Geleeënheet hu mir ee klenge Cadeau fir eis Lieser!

Stock Car

Gewënnspill Stock-Car 2019

Fir de kommende Sonndeg, de 7. Juli verspille mir nämlech 2 x 2 Entréën, fir datt och Dir um Stock-Car Championnat zu Alzeng deelhuele kënnt. Kuck einfach op eiser Facebook-Säit laanscht, hannerloosst ee Like a kommentéiert mat „Stock-Car“. Um Freideg Owend louse mir aus a kontaktéieren déi glécklech Gewënner!

  Konditiounen

Related topics Alzeng, Course, Racing Team Power Bull's, Stock Cars Club Kayl, Stock-Car
Next post Previous post