Search

You may also like

Déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg hunn en neie President
Neiegkeeten Sport

Déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg hunn en neie President

Um Samschdeg haten déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg (JSL) zu Esch-Uelzecht

Wou d‘Elektronik an d‘Héichwaasser sech getraff hunn
Neiegkeeten Sport

Wou d‘Elektronik an d‘Héichwaasser sech getraff hunn

Den interkommunale Syndikat SIDEST, als Gestionnaire vun der Iechternacher Kläranlag,

Faarwege Belag fir méi Sécherheet op de Stroossen?
Neiegkeeten Sport

Faarwege Belag fir méi Sécherheet op de Stroossen?

An eisen Uertschaften si fir Autosfuerer nëmme 50 Km/h erlaabt.

Et ass nees esou wäit: Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul

Et ass nees esou wäit: Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul

Vum 15. Mee bis den 31. Juli fënnt déi 13.Editioun vun „Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul“. D’Grënn deelzehuele si villfälteg, genee esou wéi d’Präisser, déi et ze gewanne gëtt!

Sief et en neien Challenge, datt een d’Fitness an d’Gesondheet stäerke wëll, oder sech och méi ëmweltfrëndlech fortbeweege wëll, de Vëlo kritt ëmmer méi een héije Stellewäert. An dat zemools, wëll en esou ëmweltfrëndlech ass, een net an e Stau geréiert an och emol dat Ronderëm gekuckt ka ginn.

„Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul“ ass dofir och eng Sensibiliséierungsaktioun, déi dorop hiweist, fir op déi douce Mobilitéit zeréckzegräifen an déi d’Virdeeler vun der Multimodalitéit ervirhieft. Esou ass et mëttlerweil einfach méiglech, de Vëlo mat aneren Transportmëttel ze kombinéieren an d’Notzung vum Privatauto ze reduzéieren.

Matmaachen ass ganz einfach: Stellt eng Ekipp vun 2 bis 4 Persounen zesummen, schreift Iech op www.mvos.lu an, an notzt wärend op mannst 15 Deeg de Vëlo, fir op d’Aarbecht oder an d’Schoul ze kommen. De Leschten Delai ass de 15. Juli 2021.

Mam Vëlo op d'Schaff oder an d'Schoul

Dobäi ginn et Präisser am Gesamtwäert vu 16.000 Euro ze gewannen. Mat dobäi sinn Akafsbongen, offréiert vun Andy Schleck Cycles, sou wéi och eng Vëlosvakanz zu Lëtzebuerg fir 4 Persounen an 3 Iwwernuechtungen, mat Akafsbonge vu 50 Euro pro Persoun vu Velosophie.

Gäre kënnt Dir als Participant Är flottst Momenter an Erfarungen op de soziale Medien deelen, dat mam Hashtag #mvos2021. Mir wënsche vill Spaass!

Related topics 13. Editioun, Douce Mobilitéit, ëmweltfrëndlech, Mam Vëlo op d'Schaff oder an d'Schoul, Matmaachen a gewannen, Multimodalitéit, Transportministère, Vëlo
Next post Previous post