Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul

Tëscht dem 15. Mee an dem 31. Juli 2022 kann ee mat der Challenge « Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul  » eppes Guddes fir d’Ëmwelt (an d’Gesondheet) maachen.

Et ass well déi 14. Editioun vun dëser flotter Aktioun, déi vum Mobilitéitsministère an d’Liewe geruff gouf. Dobäi ass et egal, ob een d’Erausfuerderung unhuelen oder säi Stress reduzéiere wëll – wichteg ass, datt op dës Manéier d’Emissiounsgaser reduzéiert ginn. Bei dëser Aktioun gëtt net no der Leeschtung gekuckt – d’Participatioun selwer zielt a steet am Virdergrond.

Dës weideren déngt dëst der Sensibiliséierung a motivéiert hoffentlech e puer Mënschen op alternativ Mobilitéiten ëmzesteigen – oder d’Fuere mam Auto wéinstens ze reduzéieren.

D’Participatioun ass ganz einfach. Et muss eng Ekipp vun 2 bis 4 Persoun e gegrënnt ginn – dës soll sech dann op der Säit www.mvos.lu umellen an opmannst wärend zwou Wochen an d’Pedall en trieden.

Dobäi geet et net nëmmen ëm de perséinlechen Erfolleg, et ginn nawell flott Präisser am Gesamtwäert vun 13.000 Euro ze gewannen.

Dës weideren ass all Ekipp dozou agelueden, Fotoen op de soziale Medien ze posten. Dës sollen mam Hashtag #mvos2022 markéiert sinn.

Weider Informatioune fannt Dir hei.

Dernières nouvelles