Search

You may also like

Dausende Leit bei der Gay Pride zu Jerusalem
Kultur Stories

Dausende Leit bei der Gay Pride zu Jerusalem

Si huet stattfonnt, d‘Gay Pride zu Jerusalem. Begleet vun héchste

dislikesurprise
Cattenom ass a bleift eng Gefor, esou vill ass fir Greenpeace kloer
Kultur Stories

Cattenom ass a bleift eng Gefor, esou vill ass fir Greenpeace kloer

Virun ee puer Wochen hat Greenpeace eng Aktioun géint d‘Atomzentral

Migrante vun der Alan Kurdi zu Malta ukomm
Kultur Stories

Migrante vun der Alan Kurdi zu Malta ukomm

Fir d‘Migranten u Bord vum däitsche Rettungsschëff Alan Kurdi ass

Wéi feiert Mamer de Nationalfeierdag?

Wéi feiert Mamer de Nationalfeierdag?

Während sech um Virowend vum Nationalfeierdag de Gros vun den Evenementer an der Stad an zu Esch ofspillt, kann et virkommen, datt d’Festivitéiten am ländleche Raum eppes iwwersi ginn. Hei ass et wuel méi gemittlech an manner Gedrécks, mee zu Mamer huet et eis gutt gefall.

Mam Te Deum an der Mamer-Kierch sinn um Donneschdegowend an der Gemeng d’Festivitéiten ugaangen. D’Veräiner haten hir Vertrieder an engem klengen Ëmzuch laanscht d’Märei bis bei d’Kierch gefouert, wou se vum Paschtouer Fernand Bomb erwaart gi sinn. A senger Priedegt ass de Kierchemann op de Respekt an d’Solidaritéit agaangen.

Den Te Deum um Virowend vum Nationalfeierdeg gouf zelebréiert vum Paschtouer Fernand Bomb. Fir de Kierchemann war et dee leschten, hie geet no 13 Déngscht an der Gemeng an d’verdéngte Pensioun – © Martine de Lagardère

Et soll een, wéi an der helleger Schrëft steet, sengen Nächste bäistoen an d’Aen opmaache vir ze gesi, wou muss gehollef ginn. De Paschtouer weist och drop hin, datt mir bis elo vill Chance haten, ugesicht dem Terror an eisen Nopeschlänner an Esou sollte mer glécklech sinn, eis an der Kierch dierfen ze treffen, ouni Angscht zesummen ze sinn.

Eng Ried an Éierungen

No der Mass huet sech Alles bei d’Gemeng gemaach, hei hat de Buergermeeschter Gilles Roth (CSV) d’Éier wéi all Joer, Medailen, Graden a Spéngelen ze iwwerreechen. Iert et awer esou wäit war, huet de Gemengepapp a senger Ried huet hien drop higewisen, datt Nationalfeierdag keen Dag wéi déi aner ass. Et ass den Dag wou mer eng Natioun feieren, seng Bierger an d’Groussherzoglech Famill. Hien erënnert och un d’Geschicht, de Wiener a Londoner Vertrag, déi vill Aflëss, déi eist Land gestalt huet.

De Schäfferot vun der Gemeng Mamer mat de Pompjeeën an der Delegatioun vun der Harmonie – © Martine de Lagardère

E Land, esou de Gilles Roth, dat och der Migratioun zougewennt ass. Hien erënnert un d’Komme vun den Italiener, vun de Portugisen. Alles Mënschen déi zum Wuelstand vum Land hire Beitrag geleescht hunn an leeschten. An dem Sënn muss ee Lëtzebuerg och am europäesche Kontext gesinn. Eist Land ass eent vun de Grënnerlänner an och wa mir Roud-Wäiss-Blo denken, esou misst eis bewosst sinn, datt Europa Sécherheet a Wirtschaftskraaft bedeit.

Eng Gemeng a Feierlaun

Um Freideg war „grousse Kino“ ugesot. Hannert der Kierch war d’Plaz voller Leit, am Zelt huet d’Musek gespillt. Ee richtegen Nationalfeier- a Familjendag deen eréischt no Mëtternuecht sollt op zu Enn goen. De Gilles Roth, zanter 18 Joer Buergermeeschter vun der Gemeng, verréit eis, datt dëst Volleksfest mat engem Freedefeier ofgeschloss gëtt. Hie freet sech och, datt d’Veräiner fir Iessen a Gedrénks suergen an datt d’Leit aus der Gemeng scho säit Joren Zuelräich deelhuelen.

D’Harmonie vun der Gemeng Mamer suergt all Joer vir ee vollt Zelt – © Martine de Lagardère

An Tatsächlech, wäit iwwer 1.500 Leit aus de ganzer Gemeng hunn sech hei afonnt. Eng Navette huet dofir Suerg gedroen, datt och fir d’Bierger vun Holzem a Capellen de Wee net sollt ze wäit sinn. Eng Offer déi gäre genotzt ginn ass. Jonk an Al, all waren se all Present. Et huet Fritten, Wirschtercher mee och Eisekuche (mat Schlagsahn an Äerdbieren) ginn, natierlech gouf et och eppes ze drénken.

Kulturell uspriechend

Am fréien Owend hunn „Robert & Maryse“ mat enger musikalescher Rees duerch de Rock a Pop de kulturelle Volet opgeschloen. Een Enorme Succès hat „Dream Catcher“ mat sengem neie Programm. Hei huet sech d’Stëmmung dann och gutt evoluéiert an vill vun de Butzen hunn dem John Rech mat senger Band wéi ugeschrauft nogelauschtert a gekuckt. D’Harmonie Gemeng Mamer, huet mat „Let’s Party“ zwou Stonne laang zäitgenëssesch Lidder gebueden an d’Zelt war briechend voll.

Dream Catcher haten ee ganz flotten Optrëtt. D’Kanner sëtze wéi ugeschrauft mee och d’Mammen a Pappe haten hir gelleg Freed – © Martine de Lagardère

De Gilles Roth huet eis dann och verroden, datt et Sënn mécht d’Volleksfest op Nationalfeierdag selwer ze maachen. Esou kann, wien wëll, jiddereen och un de Feierlechkeeten an der Stad deelhuelen. Hie freed besonnesch, datt all Joer och ëmmer méi Leit aus de Nopeschgemengen op Mamer kommen. Wichteg ass, datt dëst Fest och eng gutt Geleeënheet ass sech ze begéinen.

De Buergermeeschter vergësst net d’Kulturkommissioun, déi fir d’Organisatioun gesuergt huet an och de Pompjeeë Merci ze soen. Déi eng këmmeren sech ëm d’Animatioun, déi aner passen op dat kengem eppes geschitt.

Grousse Kino

Eppes no eelef Auer, et huet ugefaange richteg däischter ze ginn, hunn sech déi meescht op de Wee hanner d’Schlass gemaach. Hei sollt den Owend dann och säi verdéngten Ofschloss fannen. Während d’Kanner am Täscheliicht freedeg iwwert d’Wiss gerannt sinn, hunn sech déi Erwuessen an den Aarm geholl. Dräi eenzel Knupperten hunn ugekënnegt: Elo geet et lass.

D’Freedefeier fir Nationalfeierdag zu Mamer – © Martine de Lagardère

Et war dann och ee Spektakel dee sech weise léisst. Op d’Musek ofgestëmmt huet d’Freedefeier alles a säi Bann gezunn. Och D’Kanner sutzen op emol roueg do an hu gekuckt. An ze kucke gouf et villes, war d’Freedefeier dach vun enger Lasershow begleet. No Mëtternuecht war et dann eriwwer, Mamer hat säin Nationalfeierdag wierdeg gefeiert, et war Zäit Äddi ze soen.

Kuckt och eis Galerie

Related topics Lëtzebuerg, Mamer, Nationalfeierdag
Next post Previous post