Search

You may also like

D‘ADR an d‘Koalitiounsregierung: eng Story ouni Happyend?
Kultur Neiegkeeten

D‘ADR an d‘Koalitiounsregierung: eng Story ouni Happyend?

Et war eng – duerch d‘Chamberwahlen am Oktober – eppes

Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?

Eng TNS-Iléres Ëmfro vum RTL huet elo erginn, datt ganzer

Polnesche Premierminister vergräift sech un de Medie mat däitschem Kapital
Kultur Neiegkeeten

Polnesche Premierminister vergräift sech un de Medie mat däitschem Kapital

Zwee Deeg virum Staatsbesuch vun der däitscher Bundeskanzlerin, Angela Merkel,

Mamer TheaterContainer mat „In der Einsamkeit der Baumwollfelder“

Den Timo Wagner a Franz Liebig an der Neiinzeenéierung vun der däitscher Fassung vum Ronald Dofing

Mamer TheaterContainer mat „In der Einsamkeit der Baumwollfelder“

Um Freideg, den 21. August fënnt d’Premiere vum Bernard-Marie Koltès sengem Zweepersounendrama „In der Einsamkeit der Baumwollfelder“ statt. Déi moderniséiert Versioun vum Theaterstéck dréint dobäi ëm en Dealer, en Aussesäiter an e vermeintleche Client.

Et ass einfach e Klassiker vum modernen europäeschen Theater an dobäi eent vun de bekanntsten a meescht opgefouerte Stécker vum franséischen Dramatiker Koltès.

De komplette Spektrum u mënschlechen Emotiounen entluet sech an enger Konfrontatioun aus Sprochgewalt a physescher Aktioun tëscht engem Dealer, engem Aussesäiter a sengem vermeintleche Client. Den Timo Wagner a Franz Liebig spillen an der Neiinzeenéierung vun der däitscher Versioun vum Ronald Dofing d’Haaptrollen.

Theater Container

Weider Informatiounen

D’Virféierunge vun „In der Einsamkeit der Baumwollfelder“ fannen um 21. August (Première), um 24., 25., 26. a 27. August, jeeweils um 20:00 Auer am Haff vum Mamer Jugendhaus (24, rue du Marché zu Mamer) an am Kader vum Mamer TheaterContainer statt.

Den Ticket kascht 10 € (+ Tax) a kann op www.luxembourg-ticket.lu, wéi och iwwert d’Telefonsnummer 47 08 95-1 bestallt ginn.

Zu den Acteuren

Den Timo Wagner huet seng Karriär als Leeschtungssportler ënnerbrach an och de Franz Liebig huet seng berufflech Lafbunn am Finanzwiesen net weider verfollegt, fir dem Wonsch, Schauspiller ze ginn, nozegoen. Béid Männer hunn 2016 d’Schauspillschoul Cours Florent zu Paräis besicht, sech do kennegeléiert an eng Frëndschaft entwéckelt, déi och nom Ofschloss oprecht erhale konnt ginn.

TheaterContainer

Den Timo Wagner a Franz Liebig

Wärend den Timo seng éischt Schrëtt op der Theaterbühn, sou wéi éischt Erfarungen bei Film a Fernseh (The Racer, Hinterland, Capitani) gemaach huet, duerft de Franz seng éischt Haaptroll am Christina Friedrich sengem Kinofilm Hurensöhne – Ein Requiem spillen.

Aktuell bereet sech en Timo op seng nächst Projeten, ënnert anerem d’Theaterstéck Was heißt hier Liebe (Escher Theater), vir. De Franz stécht momentan an de Virbereedungen zur Kreatioun G.O.U.L.E. mam Prinzip Gonzo, dat am November zu Nancy opgefouert gëtt.

Zesumme sinn d’Acteuren am Januar 2021 an der Produktioun Rosenkranz und Güldenstern auf Greta am Kasemattentheater ze gesinn.

Related topics Bernard-Marie Koltès, Client, Dealer, Franz Liebig, In der Einsamkeit der Baumwollfelder, Mamer Jugendhaus, Mamer Theater Container, Neiinzeenéierung, Pandemie, Theater, Timo Wagner
Next post Previous post