An eisen Häerze lieft hie weider…
Et gëtt vill Journalisten am Tageblatt, mee et huet nëmmen
Et gëtt vill Journalisten am Tageblatt, mee et huet nëmmen
All Joer, wann d’Oscar-Nominéierungen eraus sinn, ginn et di selwecht
Säit siwe Jore spillen d’Sascha an de Laurent en improviséierenenden, experimentellen Duoprojet, mat deen si am Oktober 2019 hiert zweet Album It’s Alright To Be Everywhere ënnert dem Label JazzHausMusik mat Erfolleg verëffentlecht hunn. Eng laang Zäit vun Zesummenaarbecht féiert och déi zwee franséisch Kollegen ëmmer erëm zesummen.
Mat de Free Spirit Songs feiert den Trio Ley/Öztürk/Payfert am Kader vum Mamer TheaterContainer op hier eegen Aart d’Léift zum Jazz.
Wéini spillen se:
– allkéiers um 20.00 Auer am TheaterContainer zu Mamer (24, rue du Marché, Mamer)
Tickete ginn et zum Präis vun 10€ a Virverkafsgebühr gëtt et ënner www.luxembourg-ticket.lu an um Tel. 47 08 95-1.
Den Trio Ley/Payfert/Öztürk
D’Sascha Ley vereent als méisproocheg Sängerin, Improvisatorin, Schauspillerin a Poetin erfollegräich eng Bün- a Musekskarriär. Souwuel gesanglech ewéi och kompositoresch geet si op liichte Féiss an onkonventionellen Aarte Weeër, déi Jazz, fräi Improvisatioun, imaginäre Folklor, zäitgenéisseg Musek an erweidert Gesangstechniken ëmfaassen. Als eegewëlleg Interpretin bestécht si duerch hier Authentizitéit an Ausdrockskraaft, als Kreativ verfollegt si kontinuéierlech hier Recherche an de Beräicher vun den Klang- an Ausdrocksméiglechkeeten.
De Murat Öztürk ass Pianist a Komponist. Duerch säi franko-italo-tierkesche Background ass hie fréi mat där enormer europäescher Kultur a Beréierung komm, déi sech zënter Joerhonnerten am Osten an am Westen entwéckelt huet. Nodeems hien duerch d’Musek vum Bill Evans, Oscar Peterson a Keith Jarrett de Jazz entdeckt huet, huet en un der Bill Evans Piano Academy a Paräis studéiert. Begéinunge mat Museker ewéi Bernard Maury, Clare Fischer, Michel Petrucciani hunn hien ëmmer méi zum Jazz gefouert. A do huet sech als fäinsënnege Virtuose etabléiert.
De Laurent Payfert, franséische Kontrabassist, huet am Conservatoire de Musique zu Metz klassesch Musek studéiert. Hien huet a Rock- a Funkbands gespillt a spéiderhin huet hien ugefaange Jazz an Improvisatiounen afléissen ze loossen. Dobäi hunn Begéinunge mam ënner anerem dem Hein Van De Geyn, Ricardo Del Fra a Steve Lacy säi perséinleche Stil beaflosst. Nieft sengem Improvisatiounsduo mam Sascha Ley a sengem Laurent Payfert Quartett schafft en als Sideman (Jeff Herr Corporation) a mat Schauspiller, Dänzer a Plastiker.