Search

You may also like

Zur Lag vun der Natioun: …no der Ried den Debat
Fail International Money Neiegkeeten WTF

Zur Lag vun der Natioun: …no der Ried den Debat

Well de Xavier Bettel a senger Ried zur Lag vun

Wéi fonctionnéiert en Handelskrich?
Fail International Money Neiegkeeten WTF

Wéi fonctionnéiert en Handelskrich?

Et gëtt dëser Deeg vill iwwert en Handelskrich tëscht den

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Helperknapp?
Fail International Money Neiegkeeten WTF

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Helperknapp?

[onionbuzz quiz-id=212][/onionbuzz] Haut gi mer mam Quiz an eng vun

dislikemoneysurprise

Mammenhaus vu Google huet wéinst EU-Geldstrof manner verdéngt

Et dréckt nawell d'Stëmmung

Mammenhaus vu Google huet wéinst EU-Geldstrof manner verdéngt

Gëschter huet „Alphabet“, d‘Mammenhaus vu Google, seng Resultater vum zweeten Trimester 2017 verëffentlecht. Déi sinn nach ëmmer méi héich wéi erwaart. An se hätten nach besser kënne sinn. Mee well eng Geldstrof vun der EU verhaange ginn ass, wéinst Abus vun enger dominanter Positioun, muss dat elo relativiséiert ginn.

De Grupp hat schonn am Virfeld ugekënnegt, datt dës Geldstrof an senge Resultater vum zweete misst erschéngen. D‘Strof muss dann och berappt ginn, och wann Alphabet virgesäit an Appell ze goen.

Manner Profit?

Dat huet op ee Schlag de netto Benefice an d‘Gette goe gelooss. Dee bedréit elo nach just 3,52 Milliarden Dollar fir de genannten Zäitraum. De Boni pro Aktie, d‘Referenz an den USA, läit allerdéngs bei erfreelechen 5,01 Dollar, géinteniwwer den erwaarten 4,83 Dollar.

Wann een elo d‘Geldstrof ausser Uecht léisst, verzeechent de Benefice eng richteg Hausse. Dee klëmmt op 6,26 Milliarden Dollar, géinteniwwer 4,9 Milliarde fir de gläichen Zäitraum vum lëschte Joer. Dat entsprécht 8,9 Dollar pro Aktie, wat gläichfalls wäit iwwert den Erwaardunge läit. Den Ëmsaz huet 26 Milliarden Dollar erreecht, wat eng Hause vun 21% ass, am verglach zum zweeten Trimester 2016.

D‘Aktie huet dann awer nach u Valeur verluer. Mat enger Baisse vun 3% am elektronesche Wiessel, war hire Wäert no 23 Auer (GMT) bei 950 Dollar ukomm.

Reklamme si Gold wäert

Alphabet freet sech dann awer besonnesch iwwer den duerch Reklamme gemaachte Benefice. Google dréit hei iwwer seng Sichmaschinn dee gréissten Deel bäi. Woubäi och YouTube mat staarkem Zouwuess säi Bäitrag leescht.

Eng gewëssen Zefriddenheet, déi duerch Ausgabe gestéiert gëtt. Hei ass et virun allem den Undeel un den Einname bei de Reklammen, déi un d‘Partner (TAC) ausbezuelt ginn. Dat waren ëmmerhin 5,1 Milliarden Dollar, also gutt eng Milliard méi wéi am leschte Joer an ee gudde Batz méi, wéi vun den Analyste virgesinn. D‘Käschten déi mat den Datenzentre verbonne sinn, grad wéi den Akaf vun Inhalter vu YouTube, drécken op de Benefice.

Google „cloud“

De Generaldirekter vu Google, Sundar Pichai, huet am Bezuch op YouTube drop higewisen, datt „mëttlerweil 1,5 Milliarden User d‘Offer all Mount notzen, an déi an der Moyenne eng Stonn de Dag iwwert d‘Tablett oder Handy kucken“.

Mëttlerweil och am Verwaltungsrot vun Alphabet, setzt den Sundar Pichai grouss Hoffnungen op „Google Cloud“. Déi dematerialiséiert Servicer verzeechnen en immense Wuesstem. Mee och de Verkaf vun Hardware (Google Home, Telefonen, etc…) leeft bei Google gutt. Zuelen heizou huet de Generaldirekter dann awer keng genannt.

D‘Uklicke vun de Reklammen, wat Google de gréisste Benefice bréngt, huet sech ëm 52% bannent engem Joer gesteigert. Allerdéngs sinn d‘Käschte fir ee Klick am Mëttelwäert ëm 23% erofgaangen.

Google bleift Zuchpäerd

Google ass de Profit-Zenter vun Alphabet. Dat mat engem Exploitatiounsbenefice vun 7,8 Milliarden Dollar, géinteniwwer 7 Milliarden am zweeten Trimester 2016. Den Ëmsaz läit bei 25,8 Milliarden Dollar, wat enger Hause vun 21% entsprécht.

Déi futuristesch Wette vun Alphabet (Investissementer an d‘Gesondheet, Autonom Autoen, Internet mëttels Ballonen…) hunn en Ëmsaz vun 248 Milliounen Dollar bruecht. D‘läscht Joer waren et der nëmmen 185 Milliounen. Hei gëtt allerdéngs och Geld verbrannt. Déi operationell Perte läit bei 772 Milliounen. Wat awer géinteniwwer 2016, wou et der nach 855 Millioune waren, schonn als Erfolleg ugesi gëtt.

Rekordverdächteg

Déi vu Bréissel den 27. Juni verhaange Geldstrof, wéinst Abus vun enger dominanter Positioun, an héicht vun 2,42 Milliarden Euro (ongeféier 2,7 Milliarden Dollar) deet wéi. An et wier en neie Rekord. Bis ewell hat déi héchste Geldstrof wéinst Abus, déi géint INTEL verhaange gi war, mat 1,06 Milliarden Euro de Rekord.

D‘Europäesch Exekutive, Wiechter vun der Konkurrenz an der EU, beschëllegt Google seng dominant Positioun mëssbraucht ze hunn. Dëst am besonnesche bei an mat senger Sichmaschinn, fir dem Hauseegenen Präisvergläicher „Google Shopping“ e Virdeel ze verschafen. An esou gutt wéi al den EU-Länner läit de Maartundeel vu Google bei iwwer 90%.

mam Julie Charpentrat/AFP

Foto: De CEO vu Google, Sundar Pichai, bis op déi vun der EU verhaange Geldstrof, mam Resultat vum zweeten Trimester zefridden (© Justin Sullivan/Getty Images/AFP)

Related topics Finanzen, Google, IT
Next post Previous post