Search

You may also like

Dem Trump säi Friddensplang fir Palestina
Neiegkeeten

Dem Trump säi Friddensplang fir Palestina

Virun der geplangter Staatsvisite vum (nach) israelesche Regierungschef Benjamin Netanyahu

Verlängerung vun de Covid19-Mesure bis de 14. Mäerz
Neiegkeeten

Verlängerung vun de Covid19-Mesure bis de 14. Mäerz

Zanter gëschter ass et offiziell: déi geltend Moossnamen am Kampf

No der Faillite vu „Mille-Services Sàrl“
Neiegkeeten

No der Faillite vu „Mille-Services Sàrl“

Den Elektriker-Betrib Mille-Services Sàrl ass den 22. Juni Offiziell als

Dräi Joer am Asaz fir d’Escher Bierger

Mandy Ragni zitt Bilanz iwwer d’Aarbecht als Sozial- a Schoulschäffin

Dräi Joer am Asaz fir d’Escher Bierger

Esou wéi de Koalitiounsaccord tëscht der CSV, DP an déi gréng et virgesinn huet, gouf et déi lescht Woch ee Remaniement am Escher Schäfferot. No dräi Joer huet déi gréng Schäffin Mandy Ragni, hiert Mandat (Schoul & Soziales) un de Christian Weis vun der CSV ofgetrueden.

Zu dësem Ulass gouf et Pressekonferenz, an där déi engagéiert Kommunalpolitikerin en Abléck op hir Aarbecht vun de leschten dräi Joer gewäert huet. „Politik mécht ee fir Mënschen“, esou d‘Mandy Ragni, „ech si glécklech datt ech tëscht 2017 an 2020 d‘Geleeënheet hat, mech als Schäffin mat Erfolleg fir d‘Wuelbefanne vun eise Kanner, mee den Hëllefsbedierftegen an eiser Gesellschaft anzesetzen“.

An d‘Mandy Ragni huet Opweises: am schoulesche Beräich konnten ewell déi meeschte Punkten aus dem Koalitiounsaccord ëmgesat, oder zumindest an déi richteg Richtung dirigéiert ginn. Esou ass d‘Offer vun der Kannerbetreiung weider ausgebaut ab de Schoulwee méi sécher ginn. Et konnt d‘Wuelbefanne vun de Kanner verbessert ginn an zäitgläich ass et gelongen hinne Wäerter – wéi Naturschutz a Respekt – ze vermëttelen.

D‘Coronaviruskris wier an de leschte Méint fir déi allermeeschte Leit eng grouss Belaaschtung an Erausfuerderung gewiescht. Esou och an deene Beräicher wou d‘Kommunalpolitikerin d‘Fiedem an der Hand hat. Mee et huet een et ugepaakt an dank der gudder Zesummenaarbecht mat de Kolleege bannent dem Schäfferot, wéi och allen Intervenanten ass et gelongen d‘Prioritéiten an de Beräicher Bildung a Soziales virunzedreiwen.

Villes konnt erfollegräich ëmgesat ginn

Et ass zu Esch-Uelzecht an de leschten 3 Joer massiv an déi edukativ Institutiounen investéiert ginn. Den Ausbau vun der Kannerbetreiung leeft a wann dat wat bis ewell an Ugrëff geholl ginn ass bis fäerdeg gestallt sollt sinn, gëtt et an der Minettemetropol 1.850 zousätzlech Plazen an de Maison Relais. Mee et gouf net eleng u „méi Plaz“ geschafft. Och déi pedagogesch Offer ass qualitativ vill besser ginn. Un dësem Ausbau soll och festgehale ginn.

Als Erfolleg ass de sougenannte „Pedibus“ ze bewäerten. Hei gëtt d‘Sécherheet vun de Kanner um Schoulwee an am Schoulhaff assuréiert. D‘Zesummenaarbecht mat der Waldschoul, dem flotten Naturschutzzenter Ellergronn an och dem Déierepark um Gaalgebierg dréit derzou bäi, datt de Kanner ee respektvollen Ëmgang mat der Natur an den Déiere ka vermëttelt ginn. D‘Butzen hunn vun der Gemeng „Broutkëschten an Drénkfläschen“ zur Rentrée kritt.

Och am Sozialen huet et Fortschrëtter ginn

Wat de soziale Volet betrëfft, esou gouf d‘Bekämpfung vun der Aarmut an der Obdaachlosegkeet an de leschten dräi Joer mat vill Engagement ugepaakt. Eng lokal Strategie géint d‘Obdaachlosegkeet ass am Schäfferot ugeholl ginn a soll elo sécherstellen, datt och déi schwächst an der Gesellschaft eng wierdeg Ënnerkonft fannen. D‘Zäit vun de Container beim Schlassgaart soll geschwënn nach just eng schlecht Erënnerung sinn.

Fir ee méi dezenten Openthalt fir déi Bedierfteg, wéi besser Aarbechtskonditioune fir d‘Salariéeë vum Nuetsfoyer, ass an de Buerstrooss e Gebai kaf ginn, dat elo nach muss renovéiert an op déi verschidde Besoine vum Service muss ausgeriicht ginn. Hei sollen nieft den 30 Schlofplazen och véier Wunnengen nom Prinzip „Housing First“ entstoen. Et dierf drun erënnert ginn, datt schonn zanter 13 Joer un dëser Léisung fir den Abrisud gedoktert gouf.

Dat alles an nach villes méi konnt d‘Mandy Ragni mat hire Mataarbechter realiséieren. Si ass dësen dann och immens dankbar fir hir loyal Ënnerstëtzung an den onermiddlechen Asaz. Si wäert als Conseillère am Gemengerot weider un dësen Theme matschaffen an wënscht dem Christian Weis dee selwechten Erfolleg am Sënn vun den Escher Bierger. Déi gréng Fraktioun am Gemengerot, wäert sech och weiderhi fir d‘Liewensqualitéit asetzen.

Foto: © déi gréng

Related topics Christian Weis, CSV, déi gréng, Esch-Uelzecht, Mandy Ragni, Schäfferot
Next post Previous post