Search

You may also like

Covid19-Gesetz gouf verschäerft
Meenung Neiegkeeten

Covid19-Gesetz gouf verschäerft

De Xavier Bettel hat sech e Sonndeg eng Auszäit vum

Fleegeversécherung: Den ADR wéist gäre wéi eescht et dem Minister ass?
Meenung Neiegkeeten

Fleegeversécherung: Den ADR wéist gäre wéi eescht et dem Minister ass?

Bei der Fleegeversécherung läit nach ëmmer d‘Krom an der Heck,

Déi jonk Enseignanten hunn es bis iwwert d‘Oueren
Meenung Neiegkeeten

Déi jonk Enseignanten hunn es bis iwwert d‘Oueren

Et geet duer, d‘Mooss ass voll! Esou an net anescht

Krichsdreiwer: EPP-Chef Manfred Weber (Kommentar)

Krichsdreiwer: EPP-Chef Manfred Weber (Kommentar)

Fir den EPP-Fraktiounschef aus Bayern, de Manfred Weber (CSU) ass et imminent wichteg dem europäesche Militärkomplex méi Bedeitung zouzemoossen, an zäitno eng cool gesamteuropäesch Agrëffstrupp a Cyberwar-Brigade op d‘Been ze stellen. Grond? D‘Amerikaner wieren net méi bereet Weltpolizist ze spillen. De Krichsdreiwer Weber géif d‘Roll vum Sheriff gären iwwerhuelen.

Géintiwwer de Medie vun der Funke-Grupp huet dee Mann, dee Politiker wéi d‘Faschisten Orban a Bolsonaro als demokratesch Virbiller promovéiert, ganz eeschthaft fir méi Oprëschtung, méi Arméi a virun allem Krichsbereetschaft Werbung gemaach. Wann een allerdéngs weess wéi schlecht déi däitsch Arméi opgestallt ass, besonnesch materiell, kann een de bayresche schonn eppes verstoen.

Zudeem besteet keng Gefor, dat hie perséinlech, oder d‘Frënn vun der europäescher Vollekspartei, jo net emol d‘Amigoen aus dem Bundestag, selwer mussen zur Waff gräifen. Politiker loosse gären aner Mënsche fir hir Iddie stierwen… Elo weess awer och de Manfred Weber, datt esou eppes – also eng Agrëffstrupp an/oder Cyberwar-Brigade – net iwwer Nuecht entstoe kann, net emol mat him.

De Problem ass bekannt, fir esou eppes op d‘Been ze stellen – an do huet et jo nach Leit, déi d‘EU zur Krichsmuecht wëllen opbauen – misst all Memberland, engersäits emol gewëllt si esou eppes matzemaachen, matzefinanzéieren a wuel och déi eege Leit dem Doud zouzeféieren. Wann een elo drop hiweist, datt emol geheescht huet: et dierf kee Krich méi vun däitschem Bueden Ausgoen…

Gutt Bayern ass elo net wierklech Däitschland, an den Dabo wou d‘Welt a Brand gestach gehat, war Éisträicher, firwat ee wierklech sollt ophalen – besonnesch den zäitgenëssesche Generatiounen – den Däitschen d‘Zäitgeschéie vu viru 85 Joer virzehalen. Richteg ass awer, datt sech de Manfred Weber op vill däitsch „Beweegunge“ verloosse kann, déi eng grouss Afferbereetschaft matbréngen.

Déi hate jo d‘Grousspäpp vun den haitege Generatioune schonn emol demonstréiert, firwat sech haut nach wëll entschëllegt ginn. Elo also sollen nei Krichsvirbereedunge getraff ginn. Offiziell nennt sech dat „Verdeedegung“. Jo et nennt sech och „Verdeedegung“ wann een ee Land iwwerfält an/oder Besetzt. Esouguer „Zwangsdemokratiséierung“ a „Ressourcendéifstall“ ass Verdeedegung.

Laut dem Manfred Weber, dee jo och d‘Gewaltausübung an d‘Iwwergrëff vun der Grenzschutz-Agence Frontex éischter begréisst wéi kritesch begleet, doriwwer eraus ganz dem Horst Seehofer (nach Inneminister a Flüchtlingshater) senger Ausriichtung gewien ass, misst sech Europa elo den Opportunitéite bewosst ginn, déi sech duerch déi verännert US-Aussepolitik eiser Wirtschaft ubitt.

Jo den Opbau vun enger 5.000 Mann staarker Agrëffstrupp, nach emol eng Dausend Cyberwarior an dee ganzen administrativen Apparat, wäert eppes Kaschten, an et huet masseg Entreprisen, déi just drop waarde mat an d‘Boot geholl ze ginn. Woubäi et solle Milliarde gespuert an d‘NATO gestäerkt ginn. Mat engem Manfred Weber, erschéngt engem de Klimawandel plëtzlech net méi bedreelech…

Illustratioun: © Schildpaddie /unsplash

Related topics Bayern, CSU, EPP, Fraktiounschef, Krichsdreiwer, Manfred Weber
Next post Previous post