Search

You may also like

money
Pëtrolspräisser: de Brent klëmmt iwwer 80 US-Dollar
Neiegkeeten

Pëtrolspräisser: de Brent klëmmt iwwer 80 US-Dollar

Um Donneschdeg ass de Präis fir e „Barrel“ Brent-Pëtrol iwwer

Pipo Peng: Schëppen Damm
Neiegkeeten

Pipo Peng: Schëppen Damm

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

D’Ambassadrice Arlette Conzemius iwwerreecht den Ordre de Mérite un den Admirol Rob Bauer
Neiegkeeten

D’Ambassadrice Arlette Conzemius iwwerreecht den Ordre de Mérite un den Admirol Rob Bauer

Gëschter huet S.E. d’Arlette Conzemius, Ambassadrice vu Lëtzebuerg zu Bréissel

Gläichstellung vu Mann a Fra: eng gedeelte Verantwortung

Gläichstellung vu Mann a Fra: eng gedeelte Verantwortung

Am Regierungsprogramm 2018-2023 gëtt d‘Gläichstellung vu Mann a Fra als Prioritéit vun enger transversaler Politik betruecht. An d‘Ministesch, Taina Bofferding (LSAP) huet um Mëttwoch heizou hiren ambitionéierte Programm virgestallt.

Et dierf e betounen, datt sech d‘Thematik an verschiddene Kapitel erëmfanne léisst, fir nëmmen op d‘Ukënnegung vun enger friemer feministescher Politik anzegoen. Den Undeel vun de Fraen op Schlësselpositioune vum Héichschoulwiesen an der Fuerschung, der Fërderung vun de Fraen an der Aarbecht duerch steierlech Moossnamen, der Bildung an der Familljepolitik.

D‘Ministesch Taina Bofferding huet an der Regierung d‘Verantwortung fir d‘Koordinatioun vun der d‘Gläichstellungspolitik iwwerholl, an am Kontext vum Neijoerschdagspatt fir d‘Beamte vum Ministère fir d‘Gläichstellung vu Mann a Fra (MEGA), hir Prioritéite fir 2019 genannt.

Nach ëmmer Ongläichheeten tëscht Mann a Fra

Wat de Kampf géint d‘Ongläichheeten tëscht Mann a Fra betrëfft, esou ass d‘Ministesch der Usiicht, datt et gewësse Problemer gëtt, déi virrangeg ze behandele sinn: esou muss en Effort gemaach ginn, bei der Preventioun an dem Ofschafe vum Sexismus.

Bei de Gehälter ass et och nach net wéi sollt sinn, an et gëtt héich Zäit, datt d‘Frae besser an de wirtschaftlechen an politeschen Entscheedungsgremie vertruede sinn. Si versprécht d‘Offer vun der Ënnerstëtzung fir Affer vun haislecher Gewalt ze verbesseren, de Kampf géint Mënschenhandel a Prostitutioun ze verstäerken. Wéi dat am Detail soll ausgesinn, huet si net gesot.

Eng reell Gläichheet vun de Geschlechter

Wat d‘Fërderung vun der Gläichheet tëscht de Geschlechter ugeet, esou géif hei de gréisste Challenge an der Informatioun an der Sensibiliséierung vun de Bierger leien, déi et, esou zumindest liest et sech, nach ëmmer net verstanen hunn, datt et zu Lëtzebuerg Gläichberechtegung gëtt.

D‘Message, datt Mann a Fra esouwuel bei de Rechter wéi bei de Flichte gläichgestallt sinn, muss bei jidderengem ukommen. Dofir muss dat schonn deene jéngste bäibruecht ginn. D‘Taina Bofferding huet sech zur Aufgab gemaach, eng Strategie zur Integratioun vun der Gläichstellung vun de Geschlechter, an alle Niveaue vun der Educatioun, eranzebréngen.

Kanner a Jugendlecher wieren déi ideal Acteuren am Kampf géint Stereotyppen, déi nach allze oft hire Choix, ob Schoul, Aarbecht oder Liewensstil, géife beaflossen. Hei ass et dann awer nees d‘Schoul, respektiv sinn et d‘Veräiner, déi d‘Erzéiung vun den Eltere musse korrigéieren.

Harmonie tëscht Famill a Beruff

Interessanterweis huet d‘Ministesch och nach ënnerstrach, datt et zu enger Harmoniséierung tëscht Beruffs- a Familljeliewe muss kommen. Dat natierlech am Respekt vun der Geschlechtergläichheet an der Fërderung vun de selwechten Instrumenter a Rechter, fir béid Geschlechter.

Esou soll et dann dëst Joer zu enger Evaluatioun an enger Professionaliséierung vum Programm zur Zesummenaarbecht mat den Entreprise aus dem Privatsecteur kommen. Dat am Kader vum Programm „Positiv Aktiounen“. Och dat eng zimlech „oppen Ausso“, wou ee sech iwwert eppes méi Konkretes un Informatioun hätt erfreeë kënnen. Mee bon, méi gouf anscheinend net gesot.

D‘Taina Bofferding huet de Cumul vu Mandater genotzt, fir och seng Siichten zum Ausdrock ze bréngen, wat eng verstäerkten Zesummenaarbecht mat de Gemengen am Land betrëfft. Si wiere schliisslech déi lokal Vecteure vun der Promotioun vun der Gläichstellung tëscht Mann a Fra.

Foto: Taina Bofferding, Ministesch fir d‘Gläichheet tëscht Männer a Fraen, ëmginn vun de Männer a Frae vum Ministère fir d‘Gläichheet tëscht de Männer a Fraen © MEGA

Related topics Fra, Gläichberechtegung, Mann
Next post Previous post