Search

You may also like

Italien hëlt dem Salvini säin „anti-Migranten“ Gesetz un
Neiegkeeten

Italien hëlt dem Salvini säin „anti-Migranten“ Gesetz un

E Mëttwoch huet Italien e kontroverséiert „Gesetz-Dekret“ ugeholl, mat deem

Sécher a responsabel ënnerwee: T’ass Safer Internet Day 2020!
Neiegkeeten

Sécher a responsabel ënnerwee: T’ass Safer Internet Day 2020!

Am Kader vum sougenannten haitegen Safer Internet Day (SID) setzt

De Sportprogramm vum Weekend (26. – 28.03.2021)
Neiegkeeten

De Sportprogramm vum Weekend (26. – 28.03.2021)

Fir dëse Weekend – un deem iwwregens och d’Zäit ëmgestallt

Mann an der Musel erdronk

Gëschter Owend ass ee 45 järege Camionschauffer beim schwammen ënnergaangen a konnt nëmmen nach lieflos gebuerge ginn

Mann an der Musel erdronk

Fir de 45 järege Camionschauffer aus Rumänien, ass um Samschdegowend all Hëllef ze spéit komm. De Mann war zesumme mat dräi Kolleegen zu Mäertert géint 21.30 Auer an d‘Musel schwamme gaangen, esou déi éischt Erkenntnisser vun der Police, déi mat der Enquête zu dësem Virfall befaasst ginn ass.

Déi héich Temperaturen hätte richteg Loscht op eng Ofkillung gemaach, mee et schéngt, datt déi véier Männer sech net iwwert d‘Gefore vun der Musel erkënnegt hunn, iert si an d‘Waasser gaange sinn. An esou koum et, datt d‘Affer op emol net méi vu senge Kolleegen erbléckt ginn ass. Si hunn direkt den 112 ugeruff, an d‘Leit vum CGDIS ware séier op der Plaz.

Et brauch allerdéngs en Ament bis d‘Taucher asazbereet sinn, a mat all Minutt schwënnen d‘Chancen. Zudeem ass d‘Nuecht agebrach, wat der Sich nom Camionschauffer net gehollef huet. Dee konnten d‘Taucher dann no eng gudder Stonn och leider nëmmen nach lieflos aus dem Waasser biergen. Et ass eng Tragedie déi esou net misst geschéien.

Aus dësem Grond muss drun erënnert ginn, datt schwammen an der Musel vill Gefore bitt. Zum engen ass sécher de Schëffsverkéier ze ernimmen, mee och d‘Stréimung vun eisem Grenzfloss sollt net ënnerschätzt ginn. A wann ee sech net auskennt, ass et generell Besser sech am Virfeld iwwert d‘Méiglechkeeten ze erkënnegen.

Zu Mäertert läit d‘Fléissgeschwindegkeet vun der Musel am Summer tëscht 3 a 5 Km/h. Zwar ass d‘Schwammen an der Musel grondsätzlech erlaabt, mee et gëtt eng Rei Reegelen déi zwéngend anzehalen sinn. Esou ass et verbueden 100 Meter uewerhalb a 50 Meter ënnerhalb engem Hafen, eng Schëffsuleestell an/oder der Fähr an d‘Waasser ze goen.

Wann e sécher ka Versteesdemech dofir hunn, datt et bei dësen Temperature gutt deet, sech am Waasser ofzekillen, esou bekloen eis däitsch Noperen all Joer bis zu 20 Affer, déi an der Musel erdrénken. Zu Lëtzebuerg kënnt et éischter Seele vir, well déi meescht Campingen op däitscher Säit leien, an et op eiser Säit mat Baggerweier a Schwämmen Alternative gëtt.

D‘Police réit grondsätzlech nëmmen op iwwerwaachte Flossofschnëtter schwammen ze goen. Sollt een an eng Noutlag geroden, ass et wichteg d‘Rou ze beworen an iwwerluecht ze handelen. Et soll een net versiche géint d‘Stréimung unzegoen, mee sech dreiwe loossen, fir un dat séchert Ufer ze gelaangen. Duerch ruffen a wénke kann een op sech opmierksam maachen.

Illustratioun: Et ass schonn daagsiwwer wichteg gutt uecht ze doen, a beim abrieche vun der Nuecht sollt een et vermeiden an d‘Musel schwammen ze goen. E Rotschlag dee fir den 45 järege Mann aus Rumänien ze spéit kënnt. D‘Taucher vum CGDIS konnten hien um Samschdegowend nëmmen nach dout aus dem Waasser fëschen. (Johnny Chicago – GFDL – cc by-sa 3.0)

Related topics Camionschaufferen, CGDIS, Mäertert, Musel, Schwammen
Next post Previous post