Search

You may also like

Neien Lëtzebuerger Aktiounsplang: Jughurt amplaz Waasser!
Neiegkeeten WTF

Neien Lëtzebuerger Aktiounsplang: Jughurt amplaz Waasser!

De Bau vun enger vun der griichescher Molkerei-Grupp FAGE zu

Covid19 Iwwersiicht
Neiegkeeten WTF

Covid19 Iwwersiicht

Nodeems leschte Freideg vum Xavier Bettel an dem Paulette Lenert

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag
Neiegkeeten WTF

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag

De verlängerten Aarm vun al-Quaida a Kenia, d‘al-Schabaab-Miliz, huet um

surprise

Wëlle Mann mat pyrotechneschen Naupe verhaft

Wëlle Mann mat pyrotechneschen Naupe verhaft

An der Nuecht vun ee Samschdeg op ee Sonndeg, esou de Policebericht, huet ee Mann seng fréier Liewensgefäertin opgesicht. Dat zu Käl an engem Etablissement wou si beschäftegt ass. Et war no Feierowend (1.50 Auer) wou de Mann d‘Lokal betriede wollt, wat dësem allerdéngs verwiert gouf.

De Klatzkapp war sichtlech bis ganz zolidd veriergert, wollt sech mat Gewalt Zougang zum Lokal verschaffen a soll géint d‘Fënster geschloen hunn. Kuerz drop hat sech de wëlle Mann verzunn, hei awer nach dräi Pneue vun der Fra hirem Gefier platt gemaach a Feier am Auto geluecht hat. Eng éischt Fahndung huet net zum Ergräife vum Täter gefouert.

Zum Gléck konnt d‘Feier am Auto nach virum Antreffe vun de Pompjeeë geläscht ginn. Säitens den Autoritéite gouf de Feierdéngscht vun der Police Judiciaire mat der spurentechnescher Ermëttlung beoptraagt. Um fréie Sonndegmuere gouf de Police géint 9.30 Auer zu Diddeleng eng verdächteg a staark alkoholiséiert Persoun gemellt. Et huet sech ëm déi gesichte Persoun gehandelt.

D‘Beamten hunn de Mann mat op de Büro geholl, fir alles zu Protokoll ze huelen. Fir de Mann, dee wuel nach ëmmer maximal „veriergert“ war, ee ganz falschen Ament Morddreeunge géint seng fréier Partnerin auszeschwätzen. D‘Polizisten hunn de Mann nämlech eescht geholl. Dësen hat jo och, bezunn op seng Aktioun d‘Jalone scho selwer placéiert.

Folgerichteg hunn d‘Polizisten dem Procureur de Fall geschëldert, an dëse konnt net anescht wéi d‘Verhaftung vun dëser offensichtlech geféierlecher Persoun unuerdnen. Dee gouf um Méindeg dem Untersuchungsriichter virgefouert. Och hei schéngt de Mann, vun deem unzehuelen ass datt en zu dësem Ament erniichter war, keng Asiicht gehat ze hunn, firwat hien elo sëtzt…

Illustratioun: © Christian Allard / unsplash

Related topics Alkohol, Gewalt, Morddreeung, Police, Policebericht, Pyroman
Next post Previous post