Search

You may also like

Editorial: Méi Schiet wann ech gelift!
Neiegkeeten

Editorial: Méi Schiet wann ech gelift!

Zur summerlecher Zäit, an der sech haaptsächlech ëm d’Wuelbefanne vu

Hefteg Stierm iwwer Alabama a Louisiana
Neiegkeeten

Hefteg Stierm iwwer Alabama a Louisiana

An de südlechen US-Bundesstaaten Alabama a Louisiana si bei den

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!
Neiegkeeten

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!

Um Samschdeg, den 11. Mee 2019 sidd Dir häerzlech op

Manner Alkohol, méi Fun. Kee Patt ze vill!

Manner Alkohol, méi Fun. Kee Patt ze vill!

Pünktlech zur Fuesent knäppt de Gesondheetsministère un de Succès vun 2018 un a lancéiert seng Sensibiliséierungscampagne géint den iwwerméissege Konsum vun Alkohol. Manner Alkohol, méi Fun. Kee Patt ze vill! huet als Zil bei Jugendlechen a jonken Erwuessenen een responsabelen Ëmgang mat alkoholeschem Gedrénks ze erzilen, sou datt een déi nächst Soirée a gudder Erënnerung behale kann.

Der europäescher Etüd EHIS (European Health Interview Survey, Joer 2017) no, drénken zu Lëtzebuerg Jugendlecher mat 15,9 Joer (15,6 fir Jongen, 16,6 fir Meedercher) déi éischt Kéier Alkohol. Positiv ass awer, datt just eng vu siwe Persoune mat 15 Joer op mannst 2 Mol a sengem liewe voll war, wat an der EU den niddregste Wäert ass.

Kuckt een d’Episode vum iwwerméissegen Alkoholkonsum, esou läit Lëtzebuerg ganz wäit vir: Mat engem Erwuessenen op Dräi erreeche mir no Dänemark a Rumänien déi drëtt Plaz.

Manner Alkohol

Den exzessive Konsum vun Alkohol schiedegt nohalteg der Gesondheet. Ënnert anerem klëmmt nämlech de Risiko fir Häerzkreeslafkrankheeten, verschidde Kriibszorten, Liewerproblemer oder och mental Stéierungen. Grad elo fir déi lëschteg Fueszäit, wou alkoholescht Gedrénks an originell Kostümer bal net ewech ze denke sinn, sollt ee sech bewosst ginn, datt net de Béier, Cocktail oder Schampes d’Freed an déi geselleg Ronn bréngen, mee vill méi d’Leit, mat deenen een ënnerwee ass.

Related topics Beier, EHIS, Fuesent, Gesondheetsministère, Häerzkreeslafkrankheeten, Kriibs, Liewerproblemer, Manner Alkohol, méi Fun. Kee Patt ze vill!, Paulette Lenert, Schampes, Sensibiliséierungscampagne, Wäin
Next post Previous post