Search

You may also like

Coronavirus: Éischte Stierffall zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Coronavirus: Éischte Stierffall zu Lëtzebuerg

Et ka sécherlech keen Trouscht fir kee sinn, datt am

Geféierleche Stroosseverkéier: d‘CSV geet an d‘Offensiv
Neiegkeeten

Geféierleche Stroosseverkéier: d‘CSV geet an d‘Offensiv

Datt d‘CSV sech op eng méi konkret Oppositiounsaarbecht – also

D’Taina Bofferding beim FNCTTFEL
Neiegkeeten

D’Taina Bofferding beim FNCTTFEL

Gëschter huet eis Inneministesch Taina Bofferding d’Vertrieder vum Landesverband (FNCTTFEL)

Well Manner an dësem Fall „Méi“ ass

D‘Asbl Natur & Ëmwelt plädéiert fir manner Streesalz anzesetzen

Well Manner an dësem Fall „Méi“ ass

Dat eis Wanteren ëmmer méi waarm ginn, verhënnert net, datt zu Fraschtperiode komme kann an da gräift de Bierger fir gewéinlech zu Streesalz. Dat geet séier a mécht vill manner Kaméidi wéi mat der Schnéischëpp den Trottoir fräi ze maachen, schued allerdéngs och der Ëmwelt.

Säitens der Asbl Natur & Ëmwelt gëtt wuel drop higewisen, datt ee rechtlech genéidegt ass, säi Stéck Trottoir vu Schnéi an Äis fräizehalen; mee néierewou steet geschriwwen datt ee „muss“ Streesalz asetzen. Stëmmt, an awer… et ass dach esou bequem, et brauch ee keng Sekonn éischter opzestoen, an et léist um Wee bis bei den Auto, quasi am „laanschtgoen“ erleedegen.

Hei wier et flott, wann ee sech nees géif selwer an Gitt kréien. Leit déi ee freet – am beschte wärend se streeën – wéi si dat mat Ëmweltschutz esou halen, behaapte gären, datt d‘Natur an d‘Ëmwelt hinne ganz wichteg sinn. Oft ass et dann och déi schier Gewunnecht, deels natierlech déi schonn erwäänte Bequemlechkeet… an et soll nach Mënsche ginn, déi de Problem net erkannt hunn.

Mat enger Bildung, déi stänneg op de klengsten Nenner zesummeschrauft gëtt, enger nach ëmmer grasséierender „Leck-Mech-Am-Aarsch-Mentalitéit“ awer, stellt dës Ëmweltverschmotzung eis virun Defien. Duerch d‘Salz ginn dem Buedem d‘Nierstoffer entzunn, dëse kompaktéiert sech an de PH-Wäert verselbststännegt sech. Vun do aus geet an d‘Grondwaasser an lant am Krunnewaasser.

Buedem, PH-Wäert a belaaschte Krunnewaasser schéngen de Leit net Motivatioun genuch ze sinn, sech statt mat engem Salz, mat der Schnéischëpp der Veräisung vum Trottoir unzehuelen. Wien elo Déieren huet, dierft éischter no der Schëpp gräifen, well dee weess, datt d‘Salz de Patte vun eise véierbeenege Familljememberen esou guer net bekënnt. Wéi iwwerzeegt een dann elo déi aner?

Wa gewosst ass, datt och zu Lëtzebuerg den Auto als statutarescht Symbol gehellegt ass – a well och grad Autofestival ass – sollt een dierfen drun erënneren, datt bis zu 50% vum Schued duerch Korrosioun um Gefier, duerch d‘Streesalz ervirgeruff gëtt. Dofir sollt een op d‘Alternativen déi sech ubidden zeréckgräifen: Holzspéin, Äschen an/oder Sand a Kräsi. Esou einfach kann et sinn.

Ah jo… et ass mam Natur- & Ëmweltschutz wéi mat der Coronavirus-Pandemie: Mir sinn all en Deel vun der Léisung. Et kléngt verréckt, mee wann ee sech tatsächlech en Ament Zäit hëlt, kuerz iwwerleet, kënnt ee bal vum selwen drop…

Illustratioun: Wilfried Pohnke / Pixabay

Related topics Asbl Natur & Ëmwelt, Ëmweltschutz, Ëmweltverschmotzung, Glatäis, Streesalz
Next post Previous post