Search

You may also like

De Contournement vu Käerjeng ass beschlosse Saach
Meenung Neiegkeeten Stories

De Contournement vu Käerjeng ass beschlosse Saach

Um Freideg huet de Regierungsrot den Tracé vun der neier

E Regisseur, en Acteur, e Film: GIRL
Meenung Neiegkeeten Stories

E Regisseur, en Acteur, e Film: GIRL

E pakende Film iwwert dat wat an engem virgeet, a

Et gëtt eng „hot“ Rentrée
Meenung Neiegkeeten Stories

Et gëtt eng „hot“ Rentrée

Déi politesch Rentrée dierft, streng geholl, net onwiesentlech méi liicht

Manner Doudeger op eise Stroossen (mat ofschléissendem Kommentar)

40% manner déidlech Accidenter an awer ass de Paul Hammelmann iergendwéi onzefridden

Manner Doudeger op eise Stroossen (mat ofschléissendem Kommentar)

Zu Stockholm fänkt haut d‘Konferenz „Global Network for Road Safety Legislators“ un an dat ass eng gutt Geleeënheet vir den Transportminister, am Virfeld dozou e Bilan zur Lag op eise Stroossen virleeën. A Schweden geet et bis en Donneschdeg drëms sech iwwert déi respektiv Prioritéite vun den ënnerschiddleche Länner auszetauschen an iwwer méiglech Sécherheetsstrategien ze beroden.

Wat elo de Bilan zu den Accidenter op eise Stroosse betrëfft, esou ass deen Enn Januar vun engem Aarbechtsgrupp ausgeschafft ginn. Aus dësem kann een enthuelen, datt d‘Zuel vun den déidlechen Accidenter vun nach 36 am Joer 2018 op elo 22 am Joer 2019 zréckgaange sinn. Dat sinn a Prozent 40% manner firwat een um gudde Wee wier, d‘Baisse vu 50% an dësem Joer nach ze erreechen.

Dat zumindest sinn d‘Objektiver déi sech déi Vereenten Natiounen zu New York gesat hunn. An de François Bausch huet déi gutt Zuelen a Relatioun mam Aktiounsplang Verkéierssécherheet bruecht deen zanter 2014 a Kraaft ass. Datt et besser ginn ass op eise Stroossen, huet och domadder ze dinn, datt méi Policekontrolle stattfannen. An awer ass och fir eise Minister all Doudegen een ze vill.

An deem Sënn geet de Kampf géint d‘Geforen am Stroosseverkéier weider. Mam Projet „Visioun Null“ – dee war am Mee d‘lescht Joer virgestallt ginn – kéint dat gesaten Zil och erreecht ginn, esou ee zouversiichtleche Mobilitéitsminister, deen dann awer drop higewisen huet, datt de vollstännege Bilan zur Lag op de Stroossen zu Lëtzebuerg am Laf vum Mee der Press virgeluecht gëtt.

Ouni kregéils geet et dann awer net

Elo kann een natierlech enttäuscht sinn, datt just d‘Zuelen zu den déidlechen Accidenter genannt goufen, woubäi de komplette Bilan eigentlech ëmmer am Mee presentéiert gëtt, mee dat ass nees en Detail. En Detail deen awer dem President vun der Verkéierssécherheet Asbl, Paul Hammelmann, erméiglecht säi Pefferkär bäizesteieren. Hien ass iwwregens elo och zu Stockholm…

Déi gutt Nouvelle: De Paul Hammelmann stellt fest, datt sech de Minister, oder Villméi seng Moossnamen, um gudde Wee befannen. De President vun der Verkéierssécherheet weist allerdéngs drop hin, datt et sengem Veräin zouzeschreiwen ass, datt et iwwerhaapt zur Ëmsetzung vun dëse Moossname komm ass. Et wier vill Lobbyaarbecht noutwenneg gewiescht fir dat ze erreechen.

De Sozialist a fervente Porschefuerer, weist dann awer och drop hinn, datt dat mat der „Visioun Null“ nach net erreecht ass, an dat wier elo net emol dem grénge Verkéiersminister zouzeschreiwen. Nee schold un de Verkéiersdoudegen (also net all, mee awer) hätt dem François Bausch seng Parteikolleegin, d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, déi d‘Beem laanscht Stroosse stoe léist.

Eng Ausso déi zum Personnage passt an erkläert firwat hien net „mam“ Minister op Stockholm gereest ass, mee seng Rees selwer huet dierfe gestalten. Datt Beem – zumindest am Reegelfall – net op d‘Automobilisten oder Motocycliste lassginn, kann de Paul Hammelmann natierlech net wëssen, hien ass e Stadmënsch… Eppes méi seriéis: dat mat de Beem ewech maachen ass säin Doudeescht.

Ëmweltsau oder Mobilitéits-Humanist?

Schweden dat ass d‘Heemecht vun enger jonker Klimaaktivistin, déi de Paul Hammelmann esou och net leide kann. Dat berout op Géigesäitegkeet, och wann unzehuelen ass, datt d‘Greta Thunberg nach ni eppes vum President vun der Verkéierssécherheet Asbl héieren huet. Do awer wëll de gudde Mann der Welt erklären, datt Beem näischt um Bord vun enger Strooss ze sichen hunn.

Ok, net all d‘Beem déi laanscht d‘Stroosse sti musse weechen, just déi wou als „Gefor fir de Verkéier“ identifizéiert ginn. Am Land goufen esou 12 Beem als eng Gefor identifizéiert, mee et goufen der bis haut nëmmen 3 ëmgehaen, an dat wier, esou de Paul Hammelmann net nëmme bedauerlech, mee schonn no drun un der „ënnerloossen Hëllef“ säitens dem Environnement.

Hie wäert also och weiderhin Drock op d‘Carole Dieschbourg a den Ministère maachen, fir datt et endlech kann an Ugrëff geholl ginn a nees d‘Sécherheet an der Virdergrond gestallt gëtt. A mam Argument: „All Doudegen ass een Doudegen ze vill“ wat jo esou falsch elo och net ass, sollen d‘Beem gefält ginn. Mee de Paul Hammelmann ass en Emotiounsmënsch a liicht ze duerchkucken.

Zum enge seet hie selwer, datt Bilanen an Statistiken aus Zuele bestinn, déi wéineg iwwert déi jo awer relevant Ëmstänn zur Ursaach vum Accident aussoen. An tatsächlech, wann do steet: 22 Leit sinn op der Stroosse verstuerwen, esou seet dat näischt doriwwer aus, wéi sech de Chauffer vum Gefier beholl huet. Näischt wat eis kéint soen, wéi oft et Selbstmord war, wat jo och virkënnt…

Op ee Wuert

Wann et jo richteg a gutt ass, datt sech d‘Verkéierssécherheet Asbl sengen Ziler verschriwwen huet, an dëse Veräin absolut Sënn mécht, esou huet hire President dat grousst Talent mat zouhuelendem Alter ëmmer méi sonnerlech Gedanken an d‘Ëffentlechkeet ze bréngen. Hie geséich et gären datt d‘Fräispriechanlagen nees verbuede ginn, well och déi am Gespréich de Chauffer Oflenken…

Fëmme sollt een och net a vläicht sollt een dann och d‘Krapperten net méi mathuelen, well déi kënnen een zuweilen och zolidd oflenken. Nee esou einfach wéi een et gären hätt kann et guer net ginn an déi eenzeg valabel Léisung ass et d‘Leit zur Vernonft ze bréngen, wat an haitegen Zäite keng einfach Aufgab ass. D‘Beem ëmschloen ass jiddefalls net de Wee, Här Hammelmann…

Illustratioun: Sven Lachmann / Pixabay

Related topics Beem, déidlech Accidenter, Global Network for Road Safety Legislators, Konferenz, Stockholm, Verkéierssécherheet
Next post Previous post