Search

You may also like

Eng nei Etapp fir d’Schüler – wouhi goufe si orientéiert?
International Neiegkeeten

Eng nei Etapp fir d’Schüler – wouhi goufe si orientéiert?

Ganzer 5.411 Schüler aus dem Fondamental krute rezent an engem

Ultrasocial Pop: Eng Rees duerch déi musikalesch Abstraktioun
International Neiegkeeten

Ultrasocial Pop: Eng Rees duerch déi musikalesch Abstraktioun

Nodeems RAFTSIDE an de leschte Méint ëmmer erëm Singles verëffentlecht,

STATEC: Fir Kanner vun 18 Méint muss een den héchste Budget aplangen
International Neiegkeeten

STATEC: Fir Kanner vun 18 Méint muss een den héchste Budget aplangen

Wien e Bëbee kritt, dee muss e Mindestbudget vun 304

USA: Mannerjäregen erschéisst zwee Schoulkomeroden

USA: Mannerjäregen erschéisst zwee Schoulkomeroden

Am Staat Kentucky huet en Dënschdeg e Schüler a sengem Lycée zu Benton ëm sech geschoss, zwee Schüler déidlech getraff a weider Persoune blesséiert. De 15 järegen Tireur konnt ouni Asaz vu Gewalt vun engem Agent vum Sheriff verhaft ginn a sëtzt an Untersuchungshaft.

De Gouverneur vum Kentucky, Matt Bevin, huet bestätegt, datt et sech beim Bouf ëm e Schüler aus dem Lycée handelt. „Hie gëtt elo wéinst Mord a versichtem Mord viru Geriicht gestallt“, esou de Matt Bevin. Dat éischt Doudesaffer, eng Schülerin vu 15 Joer ass op der Platz déidlech getraff ginn, e weidere Schüler vu 15 Joer ass am Spidol senge Schossverletzungen erleeën.

D‘Affer waren, esou déi lescht Informatioun, alleguerte Schüler am Lycée vum Marshall County. 12 Kanner hu Schossverletzungen erlidden, a fir fënnef vun hinne gesäit et net gutt aus. Fënnef weider Schüler hu sech verletzt wéi duerch den Ugrëff Panik ausgebrach ass. Wéi üblech ass elo rieds vun enger grousser „Tragedie“ an och hei „konnt kee sech virstellen“ dat esou eppes méiglech wier.

Chronologie vun engem Drama

De Chef vun der Police vum Kentucky, Rick Sanders, huet d‘Chronologie a kuerze Wierder erëmginn: „De Virfall huet um 07:57 ugefaangen, wéi e Schüler vu 15 Joer mat enger Fauschtwaff an de Lycée gaangen ass an direkt ugefaangen huet mat schéissen. Den éischten Appell um 911 ass um 07:59 agaangen. Um 08:06 waren déi éischt Beamten an der Schoul“.

Lokal Medien hu Panik bericht. Schüler wieren iwwerstierzt aus der Schoul geflücht, während d‘Elteren ënner Tréinen op Noriicht vun hire Kanner gewaart hunn. „Si hunn d‘Gitter an den Zonk zerstéiert fir aus dem Lycée erauszekommen“, esou Shea Thompson am Interview mat NBC. Hir Kanner sinn och an dësem Lycée, waren awer vum Virfall net direkt betraff.

Psychologen hunn nach den Dag selwer ugefaangen sech den Awunner vu Benton unzehuelen. Benton am Kentucky, entsprécht dem amerikanesche Cliché vun enger ländlecher Klengstad. Hei wunne manner wéi 5.000 Mënschen. „Et wäert vill Zäit vergoe bis sech dës Wonn nees schléisst“, esou de republikanesche Gouverneur, dee wéi säi President um aktuelle Waffegesetz festhält.

Et gewinnt ee sech (net) drun

Schéissereien an den amerikanesche Schoule gëtt et mëttlerweil esou oft, datt ee scho bal dozou iwwergeet, déi Virfäll als „faits divers“ ze betruechten. Esou war um Méindeg eng Schülerin vu 15 Joer an der Kantinne vu sengem texanesche Lycée ugeschoss ginn. Bedenklech a Banal zugläich, schliisslech gëtt esou gutt wéi emol an der Woch, an iergendenger Schoul an Amerika geschoss.

„D‘Schoule vun eiser Natioun sollten déi sécherste Plaze fir eis Bierger sinn. Firwat loosse mir dësen Terror weiderhin zou?“, freet sech d‘Gabrielle „Gabby“ Dee Giffords (48), eng demokratesch Deputéiert aus dem Staat Arizona, a selwer Affer vun enger Schéisserei. Zanterhier ass d‘Fra behënnert a setzt fir e méi strengt Waffegesetz an.

Déi erneiten Tragedie, bei där d‘Motiver zur Stonn net bekannt sinn, esou sollt ee mengen hätt ee Verhënnere missen. Mee dat hat een och schonn deemools ugeholl, wou um 14. Dezember 2012 an der Primärschoul Sandy Hook zu Newtown (Connecticut) 28 Mënschen, dorënner 20 Kanner, bei enger Schéisserei zu Doud komm sinn.

Eng laang Lëscht

An d‘Lëscht vun de Virfäll ass laang. Erënnere mer u „Columbine“ (20. Abrëll 1999) wou déi zwee Schüler Eric Harris an Dylan Klebold zwielef Matschüler an ee Professer erschoss, a weider 24 Schüler méi oder manner schwéier blesséiert haten. Dat eenzegt wat dovunner iwwreg bliwwen ass: dem Michael Moore säi (kult) Dokumentarfilm: Bowling for Columbine.

Zanter dem „Amoklaf“ vu Sandy Hook, hunn d‘Amerikaner déi ganz op d‘Sécherheet fixéiert sinn, an de Schoulen, sougenannten „Alarmprozeduren“ agefouert an d‘Schüler musse reegelméisseg un Übungen deelhuelen. Zil dovunner ass et de Schüler déi „richteg Reflexer“ bei enger Schéisserei bäizebréngen. Dat schéngt dann och méi einfach ze sinn, wéi d‘Gesetzer ze verschäerfen…

Zäitgläich an Däitschland…

Um Dënschdegmueren, bal ëm déi selwecht Zäit 7.260 Kilometer ëstlech vu Benton, huet zu Lünen un der Käthe-Kollwitz-Schoul e 15 järegen ee 14 järege Matschüler erstach. Den Täter konnt vun der Police kuerz no der Dot, beim Datteln-Hamm-Kanal, festgeholl ginn. Den Täter war polizeilech bekannt an hat wéinst sengem aggressive Verhalen e Rendez-vous bei der Schoul-Sozialpädagogin.

De jonke Mann, dee vun der Schoul verwise gi war, awer och an engem aneren Etablissement net ënnerzekréie war sollt nees opgeholl ginn. Den Termin bei der Pädagogin sollt d‘Konditioune festleeën. Beim waarden op d‘Gespréich wier d‘Affer derzou komm, an hätt dem Beschëllegten seng Mamm „provozéierend ugekuckt“.

Wéi den Täter géintiwwer der Police beim éischte Verhéier zouginn huet, hätt hien de Bléck als erausfuerderend opgeholl, säi Messer aus der Täsch gezunn, an dem Matschüler an den Hals gestach. D‘Affer ass nach um Schoulhaff senger Verletzung erleeën. Den Inneminister vun NRW Herbert Reul (CDU) geet natierlech vun engem Eenzelfall aus a verlaangt genee Opklärung.

mam Sébastien Blanc/AFP

Related topics Däitschland, Gewalt, Schoul, USA
Next post Previous post