Search

You may also like

Vereedegung vun zwee Ënneroffizéier – mir gratuléieren!
Stories

Vereedegung vun zwee Ënneroffizéier – mir gratuléieren!

Um haitegen 26. Mäerz huet de Generol Alain Duschène d’Vereedegung

75 Joer Retour vun den Tambower Jongen
Stories

75 Joer Retour vun den Tambower Jongen

Wéi Dir wësst, setzt sech d’Amicale des Anciens de Tambow fir d’Net-Vergiessen

D’App SANTE.lu ass a Betrib!
Stories

D’App SANTE.lu ass a Betrib!

Fir der Bevëlkerung den Informatiounszougang zur ëffentlecher Gesondheet ze erliichteren

Mansplaining – Egal wéi qualifizéiert s du bass, de Mann huet ëmmer Recht

Mansplaining – Egal wéi qualifizéiert s du bass, de Mann huet ëmmer Recht

Als weiblechen Gamer diskutéieren ech oft Taktiken, Updates etc. Ech hat mol e Kolleg, dee mir dauernd arieden wollt, dass säin Built fir en Charakter besser wier. Et war souguer deen eenzegen richtegen Built. Wann ech him de Contraire erkläert hunn, huet en mer net nogelauschtert. Ech hu méi Experienz a Wëssen iwwert dëst Spill, an hien huet ëmmer erëm mat senger Taktik verluer. Trotzdeem hat hien Recht.

Déi meeschten Fraen kennen dëst ganz gutt. Männer ënnerbriechen eis fir eppes ze erklären wat mer scho wëssen. Männer huelen am Gespréich d’Kontroll. Männer dominéieren Diskussiounen am Büro, an der Klass an jo, och op Twitter. Männer erklären eis Themen an deenen mir perséinlech méi Erfarung hunn, wei den weiblechen Kierper oder Feminismus. Déi, déi vun Sexismus nëmmen héieren oder gelies hunn, sollen et net deene erklären, déi et am Alldag erliewen.

Männer mengen dat villäicht net béis. An dach maachen se et, och fir hiren Ego ze stäerken – dat op d‘Käschte vu Fraen!

Männer mengen dat natierlech net béiss. Männer erwëschen jo och net mat dem Gedanken: ‘Wéi vill Fraen kann ech dann haut en Gespréich versauen?’ Oder déi meescht Männer sinn mol net esou.

Den Problem ass dass Männer hier Meenung als Fakt ugesinn, an stempelen Fraen hier Meenung als feelerhaft. D’Resultat dovunner ass och net esou schéin – Fraen zweiwelen u sech selwer an limitéieren sech, während d’Männer hieren Ego onbestännegt verstäerkt kréien.

Dëst ënnerstëtzt an bestätegt d’Machtasymetrie, déi tëscht den Geschlechter/Genders an eiser Gesellschaft besteet. Et ass e Problem wann doduerch Stemmen net deen Espace kréien deen se verdéngen. Mir hu jo all Recht ob dat selwecht, dat ass jo just Gläichheet.

Wei d’Rebecca Solnit schreift an sengem Essay Men Explain Things To Me : “We know less when we erroneously think we know than when we recognize that we don’t.”. Dësen Essay vun 2008 ass den Ursprong vum dem Wuert ‘Mansplaining’.

D’Rebecca Solnit erzielt do och d’Anekdot vun enger Party. An engem Gespréich mam Gastgeber, en wuelhabenden Mann, erkläert d’Rebecca, dass et Autorin vun engem Buch iwwert den Eadweard Muybridge ass. Den Gastgeber ënnerbrëcht d’Rebecca fir vun engem rezente Buch dat e gelies huet ze zielen wat sech em en Muybridge handelt. Dorops hin seet dem Rebecca seng Frëndin, dass et genau dat Buch ass, dat d’Rebecca geschriwwen huet. Wouropper den Gastgeber sproochlos war. Keng Iwwerraschung bei esou enger Blamage!

Related topics Mansplaining, Sexismus
Next post Previous post