Search

You may also like

Internationale Petanque-Tournoi zu Iechternach
Neiegkeeten

Internationale Petanque-Tournoi zu Iechternach

Organiséiert vum Veräin „Petanque Pavillon Iechternach“ fënnt dës international Renconter

What the Fakt – RTLplus start zu Lëtzebuerg duerch
Neiegkeeten

What the Fakt – RTLplus start zu Lëtzebuerg duerch

RTL gehéiert zur Geschicht vun eisem Land wéi de Gromperekichelchen

Den Internet ass kee rechtsfräie Raum
Neiegkeeten

Den Internet ass kee rechtsfräie Raum

Eng Ausso déi een esou an der Raum stelle kéint

De Marc Angel zur Revisioun vu Fluchgaaschtrecht-Veruerdnung

Negativ Auswierkungen op Passagéierrechter?

De Marc Angel zur Revisioun vu Fluchgaaschtrecht-Veruerdnung

Ënnert der aktueller kroatescher EU-Rotspresidentschaft läit eng Revisioun vun der Fluchgaaschtrecht-Veruerdnung fir. Zënter 2005 hu Fluchreesend bei Fluchonreegelméissegkeeten, wéi beispillsweis bei enger Fluchverspéidung, Uspréch op Saach- a Geldleeschtungen, déi an der Fluchgaaschtrecht-Veruerdnung entspriechend definéiert sinn.

Déi proposéiert Iwwerschaffung vun der Veruerdnung gesäit eng Ännerung vun de Fluchgaascht-Rechter bei Departe mat Retard vir. Deemno sollen d’Schwelle vu Verspéidungen an domat d’Recht op Entschiedegung nei gestaffelt ginn. Bei Laangstreckeflich soll de Fluchgaascht eréischt no 12 Stonne Verspéidung um Zil, an net wéi bis elo no 4 Stonnen, Usproch op Saach- a Geldleeschtungen hunn. Bei Mëttelstreckeflich soll d’Schwell vun 3 Stonnen op 9 Stonne Verspéidung, a bei Kuerzstreckeflich vun 3 Stonnen op 5 Stonne Verspéidung erhéicht ginn.

Den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel, Member vum Ausschoss fir de Bannemaart a Verbraucherschutz (IMCO) vum Europäesche Parlament, reagéiert doropshi mat enger schrëftlecher Ufro un déi Europäesch Kommissioun. Hie wëll vun der EU-Kommissioun wëssen, ob si iwwert eng Ofschätzung vun de Folge verfüügt, déi souwuel d’Noutwennegkeet vun esou Ännerungen noweise kann, an och méiglech negativ Auswierkungen op Fluchgaaschtrechter ënnersicht.

D’Veruerdnung 261/2004/EG leet fest, datt eng Fluchgesellschaft ënnert aussergewéinlechen Ëmstänn, déi och beim Ergräife vun alle Moossnamen net hätte vermeit kënne ginn, vun der Verflichtung zur Bezuelung vun Ausgläichleeschtunge befreit ass. Beispiller vun esou „aussergewéinlechen Ëmstänn“ sinn an der Veruerdnung opgefouert.

Mee genau dës Oplëschtung ass de sprangende Punkt, dee fir Rechtsonsécherheete suergt. Wëll d’Tatsaach, datt d’Grënn fir eng Befreiung vun der Bezuelung vun Ausgläichleeschtungen a Form vu Beispiller opgelëscht ass, gëtt de Fluchgesellschaften ee breeden Interpretatiounsspillraum vum Ausdrock „aussergewéinlech Ëmstänn“. An e puer Fäll entsprécht d’Ausleeung net méi der Ofsicht vum Gesetzgeber an et läit eng Verletzung vum Fluchgaaschtrecht vir. Fluchgäscht verfügen net iwwert déi entspriechend Mëttel fir ze iwwerpréiwen, ob „aussergewéinlech Ëmstänn“ och tatsächlech agetruede sinn.

Wëll eng Revisioun vun der Fluchgaaschtrechte-Veruerdnung virgesinn ass, freet de Marc Angel bei der Europäescher Kommissioun, ob am Kader dovun och eng Kloerstellung vum Begrëff „aussergewéinlech Ëmstänn“ op der Grondlag vun den Uerteeler vum Europäesche Geriichtshaff virgesinn ass an eng ëmfaassend Lëscht vun den a Fro kommende Situatioune bereetgestallt gëtt.

D’Europäesch Kommissioun huet 6 Wochen Zäit zu der schrëftlecher Ufro Stellung ze bezéien.

Matgedeelt vun der Lëtzebuerger Delegatioun vum Groupe de l’Alliance Progressiste des Socialistes et des Démocrates au Parlement européen – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu
Opmaacherbild: © Christopher Farrugia / Unsplash

Related topics Europadeputéiert, Europäesch Kommissioun, Fliger, Fluchgaaschtrecht-Veruerdnung, LSAP, Marc Angel, Verspéidung
Next post Previous post