Search

You may also like

CinEast 2020: Expo “Planting the Future” an Ouverturesconcert
Neiegkeeten Sport Stories

CinEast 2020: Expo “Planting the Future” an Ouverturesconcert

Den 8. Oktober um 17:30 Auer fänkt déi dësjäreg Editioun

Kalifornien: D‘Wéngerte vu Napa a Sonoma am Feier ënnergaangen
Neiegkeeten Sport Stories

Kalifornien: D‘Wéngerte vu Napa a Sonoma am Feier ënnergaangen

Matten an de Ruinen déi nach dämpen, Fässer déi verkuelt

Trump dreet diplomatesch Bezéiung zu China anzestellen
Neiegkeeten Sport Stories

Trump dreet diplomatesch Bezéiung zu China anzestellen

An Amerika gëtt et elo offiziell iwwer 36 Millioune Chômeuren,

Marc Girardelli: Eng olympesch Karriär

65 Goldmedailen an 141 Medailen am Ganzen. 2 olympesch Sëlwermedailen. Fir dës siwent Ausgab vun #ThrowbackThursday blécke mir op eng spannend Carrière zréck.

Marc Girardelli: Eng olympesch Karriär

1976. E jonke Kärel vun 13 Joer begéint op enger Kiermes-Course e gewëssenen David Zwilling. Hie war een éisträichesche Schifuerer, deen 1974 den Weltmeeschtertitel erhalen huet. Dëse Star, huet opgrond vu senger Statur all Kand fir de Schisport begeeschtert. Mee net “dëst” Kand. De Marc huet sech geweigert him ze no ze kommen, hien huet an nëmmen engem Saz vill iwwert seng Ambitiounen erzielt: “Ech waarden drop, datt hie bei mech kënnt fir en Autogramm ze kréien.”

Dësen Ausfluch gouf zur Legend, en huet perfekt erkläert, wien den zukünftegen olympesche Gewënner ass. An dat zweemol. E Mann mat engem verréckten Talent, enger atypescher Karriär, dee wéineg Zäit fir Trivialitéiten, a senge groussen Ambitiounen hat.

De Marc Girardelli, dat kann ee wuel soen, ass mat enger Passioun fir de Schi op d’Welt komm. D’Legend erzielt, datt si trëppelen a Schi fueren anengems geléiert huet. Hie war verréckt no dësem Sport. Mat sengem Talent ass de jonken Éisträicher scho fréi op de Pistë ronderëm geflunn. Mat nëmmen 11 Joer huet hien seng éischt Coursë gewonnen – de Slalom an de Riseslalom vum “Topolino”. Dës Course war international fir jonk Sportler.

Seng Karriär huet fréi ugefaangen a spéit opgehalen. Logescherweis huet säi Papp Helmut sech dozou entscheet, hien an der Schiakademie zu Schruns unzemellen. Dës war fir grouss Uspréch bekannt.

D’Geschicht huet hire Laf geholl

Just datt de Marc Girardelli d’ Adaptatioun vun den Trainingsprogramme schlecht opgeholl huet. Hie war dru gewinnt mat sengem Papp ze schaffen, an huet drënner gelidden esou wäit vu senger Famill ewech ze sinn. Den héijen Drock vu sengen Trainer louch him och schwéier um Mo. Säi Papp Helmut, iwwerzeegt datt säi Jong dat gréissten Talent hätt, huet hien doropshi vun der Schoul geholl.

En éischte Konflikt deen 1978 säin Héichpunkt erreecht: Nodeems de Marc net fir d‘Participatioun un der Junioreweltmeeschterschaft ausgewielt gouf, hunn déi zwee d’Entscheedung geholl sech an Éisträich aus dem Sport zeréckzezéien. Si hunn sech dann awer zu engem Neiufank zu Lëtzebuerg entscheet

E ganz klengt Land, wat seng Vir- an Nodeeler huet

Virun allem, wéinst sengem Talent an dem Manktem u richteger Konkurrenz am Grand-Duché, ass den „Neie“ Lëtzebuerger elo sécher, bei alle Competitiounen ofzeraumen. Mee an engem Land wou deen héchste Punkt bei 560 Meter läit, an d’Sportsfederatiounen net un de Wantersport gewinnt sinn, ass et kloer, datt d’Trainingsbedéngunge fir d‘Famill Girardelli net ideal sinn.

Egal, Papp a Jong trainéieren zesummen, wéi se et ëmmer gemaach hunn. An nimools a senger laanger Karriär, ass den Handicap, net vun ugepasste Strukturen ze profitéieren, wärend senge Competitiounen ze spieren.

“Meng Rivale mussen nëmmen hier Schier undoen. Ech këmmere mech ëm alles. Reesen, Training, Piqueten, den Auto. Ausserdeem hunn ech kee Referenzpunkt, ech muss mech eleng op meng Gefiller verloossen. Mee ech fuere schonn zënter 10 Joer gutt domat. Et ass net elo, wou ech dat wäert änneren”, sot de Champion am Joer 1985. Dës Meenung huet säi Papp Helmut mat him gedeelt. Hie bestätegt: “Eng Equipe brauch ee Champion. Mee ee Champion brauch keng Equipe.”

Eréischt 1988, wéi de Marc Girardelli seng 25 Joer hat, konnt hien an de Faarwe vu sengem neie Land bei den olympesche Spiller untrieden. Déi puer Joer Waardenzäit huet hien ze sengem Virdeel genotzt, mat der Zäit huet de Marc seng Stäerkten entwéckelt. A wéinege Joer mécht sech de Girardelli een Numm, hien ass ëmmer méi als Mammut vun der Disziplin opgetrueden.

D‘Ambitioune ware fréi ze erkennen

Mat nëmme 16 Joer, am Joer 1976 huet hien seng éischt Weltmeeschterschafte bestridden. A mat 18 Joer ass hien zu Wengen op säin éischte Podium geklommen. Hie verbessert seng Leeschtung all Joer op en Neits. Zesumme mat sengem Papp hunn si schlussendlech beschloss, datt de Marc professionelle Schifuerer soll ginn. An dunn huet hien ugefaangen seng Victoiren ze stapelen. Eng éischt war d’Joer vu sengem zwanzegste Gebuertsdag, Ufank 1983 op schwedeschem Buedem.

Fënnef anerer, all am Slalom am Joer 1984 (am Joer vun den olympesche Wanterspiller zu Sarajewo wou hien net huet dierfen deelhuelen), an dëst trotz enger grousser Verletzung e puer Méint virdrun. Dunn 12 Méint méi spéit, wärend der Saison 1984/1985 gouf de Marc fir d’éischt Weltmeeschter.

Dat war eng Auszeechnung fir dee jonke Mann, mat atypeschem Charakter. An dësem Sport ass hie mat senger Introversioun a Manktem u Wäermt opgefall. Hien ass nämlech net um Terrain fir waarm ze ginn. Säin Zil ass einfach: gewannen. An dës Loscht huet keng Plaz fir aner Trivialitéite gelooss. Ausserdeem hat hie souwisou keng Zäit fir Hobbyen.

Et gëtt eng Anekdot, déi ganz genee symboliséiert, wat fir ee Aarbechtsdéier de Marc Girardelli war: Wéi hien sech 1989 blesséiert huet, vir d’éischt un der Seen an dono um Knéi selwer, war eng Operatioun fälleg. A wéi huet hien seng Zwangspaus genotzt? Hien huet de Piloteschäi fir den Helikopter gemaach…

Seng rar Aussoen an de Medien hunn och fir wéineg Sympathiepunkte gesuergt. Hien huet behaapt, datt eng Weltmeeschterschaft ouni Marc Girardelli, keng WM ass. Dës Ausso war, duerch seng Victoirë schwéier ze kritiséieren. Gewënner vun der Weltmeeschterschaft am Slalom (1984 an 1985), vum Riseslalom (1985) a vun der allgemenger Klassifikatioun (1985, 1986).

De Papp a Jong-Tandem hunn Titel ëm Titel gewonnen. Onglécklecherweis hunn seng Blessure ugefaangen ze stéieren. Si hunn hien dru gehënnert, sech uerdentlech op 1987 virzebereeden. Nodeems et dem Grand-Duché 50 Joer laang net gelongen ass, ee Sportler op d’Wanterspiller ze schécken, war et 1988 endlech sou wäit. De Girardelli konnt sech, mat de Lëtzebuerger Faarwen zu Calgary (Kanada) beweisen.

Onglécklecherweis huet hien duerch gebrache Rëpper an ee beschiedegt Handgelenk nëmmen déi 9. Plaz erreecht. Um Riseslalom war et eng enttäuschend 13. Plaz. Dëse penibelen Echec huet en dunn genotzt, fir sech ze erhuelen a sech nei ze fokusséieren. Seng Perspektiv huet sech op déi usprochsvoll olympesch Spiller geluecht.

De Marc Girardelli – wéi gesot een Aarbechtsdéier -huet déi stachanowistesch Methode vu sengem Papp akzeptéiert. Hien ass erëm an de Kampf gezu fir säin Honger op Victoirë weider ze stëllen. 1989 war hien erëm prett! Leider huet hien nach geschwächelt, et stoung nach eng Operatioun um Programm. Dat war eng Klengegkeet fir hien. De Girardelli huet d’Chirurgen allkéiers iwwerrascht – esou séier wéi hien sech ëmmer nees erholl huet.

Mat villen neie Victoiren am Joer 1991, an obwuel hien de Medie mësstraut huet, well si him net zougetraut hunn, erëm e Gewënner ze ginn, konnten den Helmut a säi Jong si vum Géigendeel iwwerzeegen.

Olympesch Wanterspiller vun Albertville.

Fir de Marc Girardelli waren déi olympesch Spiller am Joer 1992 ouni Zweiwel seng lescht Chance, fir ze weisen, wat e kann. Duerch de Pech verfollegt, annuléierte Participatiounen a Verletzungen, der wéineger Hëllef vun der éisträichescher Federatioun, well hien déi lëtzebuergesch Faarwe gedroen huet, erreecht de Marc Girardelli endlech säin Zil. D’Goldmedail. Seng Disziplin an de leschte Joren huet sech gelount.

Doriwwer ass déi ganz Schiwelt enttäuscht. Éisträich huet him säi Fortgoen ni Verginn, si hu säi Manktem u Patriotismus kritiséiert. D’Press, déi vill méi vum Albert Tomba sengem Gebraddels verféiert gëtt, gesäit de Marc als „douce Perséinlechkeet“. D’Athlete schéngen net waarm ze ginn, mat dësem ongewéinleche Sportler, dee vu sengem usprochsvolle Papp ausgebilt gouf. De Marc Girardelli ass eleng a glécklech esou. Hie brauch keng Léift a keng Frëndschafte fir endlech dee wäertvolle Sesam ze kréien.

Sonndes, den 11. Februar 1992

D’Juegd no de Goldmedaile fänkt op der „Face de Bellevarde“ Pist un. Op engem Parcours, de perfekt zum Girardelli sengem villsäitege Stil gepasst huet, aus Grënn déi schwéier ze erkläre sinn, fält en. Jidderee war iwwerrascht.

Et war spektakulär, virun allem fir de Lëtzebuerger, dee gesäit wéi seng gëllen Dreem, bannent enger Minutt verschwonne sinn. Et war en Albdram. Déi olympesch Spiller hunn e béise Klang kritt – den Dag drop ass de Marc Girardelli nach eemol gefall. An dat no engem perfekten éischten Deel vun der Course. Mat dëser Chute ass him säin Titel endgülteg duerch d’Bascht gaangen.

Trotz dëser grousser Enttäuschung, bei där anerer scho laang opginn hätten – zemools no enger 19-Järeger Karriär, ouni olympeschem Charme a mat engem duerch d’Ustrengung gebrachene Kierper, ass de Girardelli a Rou ofgedaucht.

Wéi ëmmer. Hien huet u sech geschafft. Och wann hien seng Chance bei zwee Evenementer verpasst huet, bei deene Gold méiglech war, a seng kombinéiert Chancë gläich null sinn – hie muss et wëssen. Da sicht e seng Victoire eben anzwousch anescht. Hie war absolut net als Favorit vu Super G ugesinn, engem Kompromëss tëscht biergof a Slalom. Seng Resultater waren enttäuschend, mee hien huet alles dofir ginn.

Ënnert engem impressionnanten Niwwel, ass de Marc Girardelli a voller Geschwindegkeet gestart. Hien huet op säin Instinkt vertraut, d’Visibilitéit war staark ageschränkt. Den Norweger Kjetil Andre-Aamodt hat d’Lat ganz héich gesat – mat engem beandrockende Laf. Dës Leeschtung huet de Lëtzebuerger net ageschüchtert, seng Motivatioun ass verzéngfacht ginn.

Hie wollt sech déi éischt Plaz huelen, mee déi war him alles anescht wéi versprach. An der Hallschent vun der Course, war hien nëmmen nach 30 Honnertstel vum Titel ewech a schléckt d’Streck weider. Beim leschte Stéck gëtt hien onsécher: Kann hien trotz senge Chutten, a sengem Alter an enger Disziplin an där hie kee Meeschter ass, Gold huelen? Gemiess op 71 Zentimeter ass d’Äntwert: Nee!

Et ass eppes Surrealistesches, sech virzestellen, datt eng Sëlwermedaile bei den Olympesche Spiller eng Enttäuschung ka sinn.

An awer

Trotz sengem spektakulärem Accident den éischten Dag, senger Chute den zweeten Dag, trotz jorelaangem Pech, Operatiounen an Disziplin kann de Marc Girardelli dës zweet Plaz net als Erfolleg ugesinn. Tëscht engem komesche Gefill tëscht Enttäuschung an Erliichterung, huet hien seng al Routine erëm opgeholl. E bereet sech op eng nei Tortur vir.

De jéngste Sëlwermedailegewënner notzt seng Ressourcen, ignoréiert d’Péng vu sengem Kierper a liwwert ënnert de strengen Ae vu sengem Papp, een perfekt Rennen. Esou hätt hien déi éischt Plaz kritt. An och verdéngt. Onglécklecherweis fënnt op dësem Nomëtten och een aneren Athlet, den Alberto Tomba, déi irrational Kraaft fir Goldmedail ze huelen.

An dat mat engem Virsprong vu 34 Honnertstel. Et ass erëm déi zweete Plaz, déi de Marc erreecht, well een sech selwer iwwertrëfft. Ee Podium, deen den Athlet ze genéisse léiert. Zemools wann hien sech der eegener Disziplin bewosst gëtt, déi am Ufank vun den olympesche Spiller keen Zil war.

Och wann dës Rubrik iwwert aussergewéinlech Resultater soll handelen, sou war d’Wal dës Geschicht ze erzielen, keng schwéier Léisung. Am Laf vun de Joren war et fir d’Geschicht, de Sportler an de Mann vu grousser Bedeitung, festzestellen, wéi wichteg seng Karriär a seng Medaile fir d’Bild vu senger Passioun fir dëse Sport sinn. E Modell vun Affer, Courage an Erfolleg.

De Girardelli war deen zweetmeeschte Medailegewënner aller Zäiten an der Weltmeeschterschaft. An deen eenzegen a senger Disziplin, deen et gepackt huet, eng vu sechs Editiounen ze gewannen. Gutt, bei den olympesche Spiller hat hien net dee wuelverdéngten Erfolleg, mee Verletzungen an administrativ Problemer, schlechten Timing a Mëssgeschécker hunn d’Geschicht vum Lëtzebuerger Sport gepräägt. De Marc Girardelli gouf sechsmol zum Sportler vum Joer gewielt.

Mat onvergläichlecher Widderstandsfäegkeet, an der stänneger Sich no Perfektioun, déi hie verdéngt hätt, huet den Athlet säi Liewe geaffert – op der Sich no Exzellenz. An als Symbol wäert de Phönix no engem gemëschte Joer an engem schwéiere Fall vu Konkurrenz aus senger Äschen erëmgebuer ginn, an déi eenzeg zwou Medailen an der Geschicht vum Lëtzebuerger Wantersport gewannen. Méi wéi genuch fir den David Zwiling, hien endlech no engem Autogramm ze froen.

Vum Tendai Michot / mental.lu

Foto: De Marc Girardelli (Archiv) Christoph95 – cc by-sa 3.0

Related topics Marc Girardelli, Olympesch Wanterspiller, Schifuerer, Sport, Wantersport
Next post Previous post