Search

You may also like

Déi jonk gréng: Iddie fir d’Zäit no Covid-19
Neiegkeeten

Déi jonk gréng: Iddie fir d’Zäit no Covid-19

An der neister Matdeelung vun déi jonk gréng ginn d’Iddien

Griicheland fënnt eng Léisung mat den Scholdenandreiwer
Neiegkeeten

Griicheland fënnt eng Léisung mat den Scholdenandreiwer

No laangen an zeien Verhandlungen huet déi griichesch Regierung sech

dislike
Weltklimakonferenz: Et ass Zäit endlech Realitéiten ze schafen
Neiegkeeten

Weltklimakonferenz: Et ass Zäit endlech Realitéiten ze schafen

Säit e Méindeg setzen d‘Vertrieder vun 195 Länner, ONGen a

Wéi de Marc Hansen a FEDIL Entreprisë bei der Digitalisatioun begleede wëllen

Wéi de Marc Hansen a FEDIL Entreprisë bei der Digitalisatioun begleede wëllen

Gëschter huet den delegéierten Digitalisatiounsminister Marc Hansen d’Delegatioun vun der FEDIL getraff. Zesumme gestallt aus der Presidentin Michelle Detaille an dem Direkter René Wilkin huet dës Federatioun, déi d’Industrie an zuelräich Ubidder vum Service ICT representéiert, déi digital Transformatioun als eng vun den 3 Prioritéite vun hiren Aktioune vermierkt.

Wärend dem Gespréich konnt de Marc Hansen sech mat de FEDIL-Representanten iwwert hir Handlungen an der Digitalisatioun an de Kooperatiounsméiglechkeeten tëscht dem Ministère an der Federatioun ënnerhalen. Haaptsächlech ass et ëm der Aarbechtsgrupp hir Ziler an der Informatioun an de relativen Austausch zur Digitaltechnik gaangen.

D’Regierung an déi administrativ Vereinfachung, déi am Zentrum vun der Beschäftegung vu villen Entreprisë stinn, sinn dobäi och ugeschwat ginn. An dësem Kontext huet de Minister nach emol den Engagement vun der Regierung ervir gehuewen, fir esou den Alldag vun de Leit an Entreprisen ze vereinfachen, andeems een déi verschidden administrativ Prozesser verbessert a vereinfacht.

Opmaacherbild: © MinDigital

Related topics Digitaliséierung, Fedil, ICT, Marc Hansen, Ministère fir Digitalisatioun
Next post Previous post