Search

You may also like

Parc Merveilleux Beetebuerg: Ware mir dëst Joer schonn do?
International Neiegkeeten

Parc Merveilleux Beetebuerg: Ware mir dëst Joer schonn do?

Falls net, gëtt et awer héich Zäit bis dohinner luussen

Iwwer 9000 Passagen an den Zenteren fir erweidert Fleeg
International Neiegkeeten

Iwwer 9000 Passagen an den Zenteren fir erweidert Fleeg

Ab haut hunn d’Zenteren fir erweidert Fleeg an der LuxExpo,

Domm, frech a gewaltbereet…
International Neiegkeeten

Domm, frech a gewaltbereet…

Et ass bestëmmt richteg, datt ee verschiddentlech muss Versteesdemech hunn,

Den Digitalisatiounsminister beim OECD Going Digital Summit

De Lëtzebuerger Digitalisatiounsminister Marc Hansen huet dës Woch um OECD Going Digital Summit zu Paräis deelgeholl. Dëse Sommet war d’Schlussevenement vum Projet zum Iwwergang vun der Digitaltechnik. Dobäi hunn wichteg Entscheeder, politesch Responsabele vun der digitaltechnescher Ekonomie an d’Haaptbedeelegt deelgeholl.

De Sommet ass a verschidden Aarbechtsseancen opgedeelt ginn, wéi beispillsweis am Beräich Uschlossfäegkeet, Konkurrenzfäegkeet an Entwécklung, Aarbechtsmarché, Handel, Investissement a Schutz vum private Liewen an enger Welt, déi just mat Donnée funktionéiert.

Beim Evenement ass de Minister Marc Hansen beim Diskussiounspanel „Making Digital Transformation Work for al Businesses“ agetrueden. An dësem Kontext huet hien d’Wichtegkeet vum digitalen Iwwergang ënnerstrach, déi och fir Lëtzebuerg a Saache Konkurrenzfäegkeet an Entwécklung am digitalen Zäitalter vu grousser Bedeitung ass. Et ass dem Digitalisatiounsminister seng Aufgab op nationalem Niveau dësen Iwwergang ze vereinfachen, woubäi och d’Regierung sech kontinuéierlech engagéier weise muss, fir dës Transformatioun ze garantéieren.

„Aus dësem Grond huet déi Lëtzebuerger Regierung entscheet an national strategesch Infrastrukturen ze investéieren. Ouni Kärinfrastruktur ass den Iwwergang zur Digitaltechnik schwéier ëmzesetzen. Dofir fiert Lëtzebuerg virun mat der Ëmsetzung vum 5G an der Kreatioun vun engem High Performance Computer (HPC). Dës Entwécklunge vun der Infrastruktur sinn essentiell wann ee Land sech als digitaltechneschen Hub positionéiere wëll an d’Schlëssel-Secteuren, wéi Big Data, kënschtlech Intelligent oder IoT ermuddege wëll“, sou de Minister.

Dobäi huet de Marc Hansen och misse kloerstellen, datt d’Regierung och kleng a mëttelgrouss Entreprisen ënnerstëtzt duerch eng Serie un Hëllef, déi esou den digitalen Iwwergang fërdere soll. An dësem Kader gouf drun erënnert, datt och déi digital Kompetenze weiderhi vun der Regierung ënnerstëtzt musse ginn, virun allem um Niveau vun der nationaler Edukatioun an dem Enseignement Supérieur, der Formation Continu an den Entreprisen an den Administratiounen. Eng holistesch Approche kann dozou bäidroen Entreprisen, mee och déi zivil Gesellschaft fir déi digital Entwécklung ze ermuddegen.

Related topics 5G, Digitalisatioun, High Performance Computing, Marc Hansen, Minister fir Digitaliséierung, OECD Going Digital Summit
Next post Previous post