D‘Marche Blanche vum Sonndeg

D‘Demonstrante weisen, datt och friddlech manifestéiert ka ginn

Déi sougenannten Marche Blanche Silencieuse , déi gëschter stattfonnt huet, ass friddlech verlaf. Selbstverständlech war d’Police verstäerkt am Asaz fir d’Sécherheet vun der Ëffentlechkeet ze assuréieren.

Hei ware gutt 500 Demonstranten uwiesend, déi sech un d’Oploe gehalen hunn. De Cortège huet op der Europaplaz ugefaangen – do haten d‘Demonstranten sech zesummefonnt fir de weidere Wee ze goen. Eng hallef Stonn méi spéit sinn si ouni Problemer um Glacis (dem Demonstratiounsfeld) ukomm.

Och wann de Verkéier deelweis behënnert an de Boulevard John F. Kennedy esou wéi de Rondpoint Schuman fir ee Moment gespaart waren, sou huet sech d‘Demonstratioun géint 17 Auer ouni Tëschefäll friddlech opgeléist.

Dernières nouvelles