Marche Blanche

Zanter fënnef Wochen, lafen ee puer Dausend Leit all Freides vun de Philharmonie bis op de Knuedler, mat engem Tëschestopp um Krautmaart. Entspriechend der Police wieren et ee Freideg bis zu 2.500 Mënsche gewiescht, déi sech de Covi19-Mesure vun der Regierung verwieren.

Marche Blanche
© Hoff-Tholl / moien.lu

Et ass sécherlech erlaabt sech ze froen, wat dat alles soll, woubäi ee sollt bedenken: wann d‘TNS-Ilres Sondage mat bis zu Dausend Befrote fir representativ hält, sollt een dëse Sammelsurium u ganz ënnerschiddleche Mënschen, net als Minoritéit duerstellen, esou wéi dat zuweile vu ville politesche Vertrieder versicht gëtt. An et geet dobäi net emol drëms mat dësen averstanen ze sinn.

Déi méi „besonnen“ ënnert de Marcheuren huelen un dëser Manifestatioun deel, fir eng inkoherent an absurd Politik ze denoncéieren. De Jean, deen all Freideg vun der Musel kënnt erkläert: „Ech si geimpft an awer muss ech hei deelhuelen, wëll dat Gedeessems mat CovidCheck an Impfzwang duerch déi hënnescht Dier ufänkt méi Problemer ze maachen, wéi datt et der Saach déngt“.

Marche Blanche
Wat och eppes kontradiktoresch an den Aussoe vum „Mouvement“ eriwwerkënnt: „Mir liewen an enger Diktatur“. Wann deem allerdéngs esou wier, firwat geet d‘Police net mat Waasserwerfer géint dës Demonstranten a Regimmkritiker vir? A Russland, der Tierkei, jo zuweilen esouguer an den USA, ginn et der nach op d‘Sabbel iert ee „matgeholl“ gëtt. © Hoff-Tholl / moien.lu

Hie versteet zudeem net, firwat déi Geimpften, déi sech jo weiderhin ustieche kënnen an esou och de Virus kënne weiderginn, net méi getest ginn. Faktesch wier et jo esou, datt och bei 100% Impftaux, de Virus weider zirkuléiere, géif an eben net verschwanne géif. Ob dat esou Stëmmeg ass wësse mir wuel net, et ass een Argument ënner villen. An d‘Infektiounszuelen huelen nees zou…

Net wierklech gespréicheg

Et war eis och en Uleies mat den „Organisateuren“ iwwert déi erhéichten Infektiounslag am Land ze schwätzen. Dat gouf näischt an d‘Ausso: „Mat iech schwätze mir net, dat eenzegt wat dir am Sënn hutt, ass dës Biergerbeweegung ze diskreditéieren. Dir sidd dach d‘Sproochrouer vun der Regierung“. Hei gëtt op d‘Pressehëllef higedeit, déi moien.lu bis haut nach net zougestane krut.

Marche Blanche
Sécher dierf een de Medie punktuell ënnerstellen, datt si gewëssen Elementer vum Mouvement géife lächerlech maachen. Anersäits, sollte vläicht gewësse Leit de Spigel beméien, iert se d‘Haus verloossen. Eis Fotografen hu bekanntlech ee Fetisch, wat dat skurrilt ugeet, an si zwénge keen esou opzetrieden. © Hoff-Tholl / moien.lu

Wann een esou zeréckgewise gëtt, an ee senge Froe keng Äntwerten zoudroe kann, sollt ee sech wuel och mussen a Fro stellen. Mir hunn eis ee Samschdeg dann emol d‘Méi gemaach an eis Berichter zu de verschiddene Mouvementer nach emol iwwerlies. Mir stelle fest, d‘Organisateure liesen eis Artikelen net. Ass verständlech, déi allermeeschte liewen an hirer „Telegram“ Bubble.

Dat verhënnert net dat si engem dann awer schrëftlech Erklärungen an de Grapp drécken. Well eis Objektivitéit sech och dem Beholl vun de Gespréichspartner unhëlt, just esouvill: „Si behaapte keng Verschwierungstheoretiker, Impfgéigner oder Schädlingen ze sinn, déi weder an d‘Lächerlecht gezunn, nach zenséiert/stigmatiséiert ze ginn“. Dat ass kuerz knapp a jo och gekierzt duergestallt.

Firwat setzen si dann abstrus Theorien an d‘Welt, fir déi et weder konkret Beweiser nach soss iergendwéi iwwerpréifbar Daten huet? Eleng d‘Behaaptung, datt laang virun der Pandemie (mir haten als éischt am Januar 2020 iwwert de Coronavirus bericht) a goufe sengerzäit ausgelaacht. Knapp zwee Joer Drop, braddele selwer proklaméiert Experten, d‘Regierung hätt alles geplangt?

Marche Blanche
Esou eng Ausso hätt ee sech gewënscht, nodeems de sexuelle Mëssbrauch vu gewësse Kierchemänner net méi ze verheemleche war. Protest, Märsch oder aner Aktiounen, fir dat ze denoncéieren hat et allerdéngs keng. © Hoff-Tholl / moien.lu

Mee et ass een (zumindest wëssentlech) kee Verschwierungstheoretiker, och dann net, wann ee keng Beweiser fir esou Behaaptungen Opweises huet. Méi allgemeng, wann dann awer emol en Echange méiglech ass, muss ee feststellen, datt hir virzuchsweis „däitsch Quellen“ net nëmme vu Ligen an Topegkeeten esou strotzen, datt et eigentlech deem Dommste misst opfalen: do stëmmt eppes net.

Mee gutt, wann d‘Medien am Land entspriechend hirer Siicht sech alleguerte vereenegt an drop verstännegt hunn, just nach d‘Regierungspropaganda ze stäipen a folgerichteg och als Géigner vum Mouvement verstane ginn, da kënne mir eis Freides – mir si jo voll geimpft – nees statt an der Keelt ronderëm ze lafen, ee gemällegen „After-Work“ Apero vergënnen iert mer an de Restaurant ginn.

Foto: © Hoff-Tholl / moien.lu

Dernières nouvelles