Search

You may also like

„Lëtzebuerg-Dubai“ mat der Luxair: Inauguratiounsfluch ausgebucht!
Neiegkeeten

„Lëtzebuerg-Dubai“ mat der Luxair: Inauguratiounsfluch ausgebucht!

Wärend alles wat „Rang an Numm“ huet d‘Leit oprifft keng

London erwächt net aus dem Terror-Albdram
Neiegkeeten

London erwächt net aus dem Terror-Albdram

Ee Mann ass gestuerwen a weider aacht Mënschen si blesséiert

money
Onbezuelbar: Wunnen zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Onbezuelbar: Wunnen zu Lëtzebuerg

Wann ee sech traut d‘Präisentwécklung vum Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg zu

Eng nei Maréchale um groussherzoglechen Haff

Eng nei Maréchale um groussherzoglechen Haff

De groussherzoglechen Haff deelt mat Freed mat, datt d’Madamm Yuriko Backes zur Maréchale de la Cour ernannt ginn ass. S.A.R. De Groussherzog huet dës Decisioun zesumme mat der Regierung getraff.

Um 1. Juni 2020 wäert déi nei Maréchale vum Haff hiert Amt untrieden. De Groussherzog ass houfreg beim Concours eng Persoun mat ëmfaassender diplomatescher Erfarung um nationalen an internationalen Niveau ausgewielt ze hunn.

Duerch hir perséinlech Qualitéiten an de professionelle Parcours ass d’Yuriko Backes déi ideal Perséinlechkeet fir um groussherzoglechen Haff ze déngen.

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Diplomatie, Groussherzoglechen Haff, Marechalat, Maréchale, Regierung, S.A.R. de Groussherzog Henri, Yuriko Backes
Next post Previous post