Search

You may also like

Spärung vun der N4 tëscht dem Rondpoint Holz an dem CR179A
Kultur Neiegkeeten

Spärung vun der N4 tëscht dem Rondpoint Holz an dem CR179A

Am Kader vu Stroossenaarbechte gëtt d’N4 (route d’Esch) tëscht dem

Fräiheet a Sécherheet: Hu mir no 4 Méint Pandemie de Respekt verluer?
Kultur Neiegkeeten

Fräiheet a Sécherheet: Hu mir no 4 Méint Pandemie de Respekt verluer?

Bei der ëffentlecher Chambersitzung vun haut huet de Premier- a

Doktere vun der Welt: Grippeimpfung fir d‘Leit vun der Strooss
Kultur Neiegkeeten

Doktere vun der Welt: Grippeimpfung fir d‘Leit vun der Strooss

Wéi schonn 2016, mécht och dëst Joer keng Ausnam an

Mario Batkovic: De Rockstar um Akkordeon

Schwätzt ee vun engem Akkordeon-Concert huet een eigentlech ganz aner Biller, wéi e villfältegen modernen Optrëtt am Kapp. Ma, de Museker Mario Batkovic huet e Freideg an der Kulturfabrik bewisen, datt säin léifsten Instrument besonnesch vill Facetten huet an een och um Akkordeon e richtege Rockstar ka sinn.

Obwuel de Mario Batkovic eleng mat sengem Instrument op der Bühn souz, hat ee bei senge Lidder d’Gefill, et géif eng ganz Band spillen. Hien huet et hikritt, den Akkordeon als Perkussiounsinstrument ze notzen, en ënnert anerem wéi eng Uergel oder e Blosinstrument kléngen ze loossen. Vun Electro, iwwert Rock a Metal, eriwwer zu zäitgenëssesche Kläng oder och klassesche Melodien huet de Museker e ganzt Repertoire u Stiler offréiert.

Datt hie sech a seng Musek net wëll an en Tirang stieche loossen huet hie schnell kloer gemaach. Hie gehéiert kengem spezifesche Stil un, mee produzéiert Melodien, déi zu sengen Erliefnisser passen. Gebuer a Bosnien, opgewuess zu Bern, emol hei, emol do gelieft, geléiert an opgetrueden – dat präägt. Op senge Reesen huet de Mario Batkovic nämlech gemierkt, datt esou Klasséierunge Grenze kreéieren – physesch, mental, musikalesch – a grad d’Musek sollt dach en artistescht Mëttel fir jidderee sinn.

Mario Batkovic
© Shari Pleimelding/moien.lu

Sech wéi e grousse Star fillen

Eigentlech wollt hien ëmmer Gittarist ginn, sot den Museker. Mat senger Léift zum Akkordeon war hie schonn ëmmer anescht a wousst, datt dëst Instrument net als besonnesch „cool“ ugesi gëtt. Op de Concerten a Festivallen, déi hie besicht huet, wollt hien dunn nom Geheimnis sichen, wat esou e richtege Rockstar ausmécht. A schliisslech war d’Äntwert do: E Plektrum!

Och wann dës kleng Plackett näischt mam Akkordeon selwer ze dinn huet, esou duerft de Publikum mat Applaus a Jubel dem Mario Batkovic dat Rocker-Gefill ginn, dat hie sech erhofft huet, wou hien de Plektrum an d’Leit geworf huet.

D’Opreegung, no iwwert engem Joer Paus nees en Optrëtt ze hunn, konnt een dem Artist umierken, awer net eraushéieren. Hien huet zum hin-an-hir-wibbelen mat de Féiss, dem no-lénk-an-no-riets-wénke mam Kapp an dem op-den-Takt-klappe mat den Hänn animéiert. D’Begeeschterung vum Publikum war spierbar.

Leider vergeet bei de schéinste Saachen d’Zäit ëmmer am schnellsten. Ëmsou méi grouss war d’Freed, wou de Mario Batkovic fir eng Zugabe zeréckkomm ass, de Stecker gezunn a sech un de Bord vun der Bühn placéiert huet, sou datt mir déi ganz Authentizitéit vu sengem Instrument héieren duerften.

E super Concert, e fantastesche Museker, an en originelle Choix vum Instrument – de Mario Batkovic sollt ee live gesinn hunn!

Billergalerie © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Akkordeon, Begeeschterung, Concert, Elektro, Instrument, Kulturfabrik, Mario Batkovic, Metal, Musek, Optrëtt, Plektrum, Rock, Rockstar
Next post Previous post