Search

You may also like

Legal… Illegal… Schäissegal…
International Neiegkeeten

Legal… Illegal… Schäissegal…

Lëtzebuerg wäert de rekreative Konsum legaliséieren, am Frankräich ass esouguer

Ab der Rentrée 2021/2022: Bachelor am musikaleschen Enseignement zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Ab der Rentrée 2021/2022: Bachelor am musikaleschen Enseignement zu Lëtzebuerg

Ronn 18.000 Kanner, Jugendlecher an Erwuessener besichen aktuell zu Lëtzebuerg

Vëlospist an Trottoir op der Passerelle „Al Bréck“gespaart
International Neiegkeeten

Vëlospist an Trottoir op der Passerelle „Al Bréck“gespaart

Wëll et nach net genuch Chantieren zu Lëtzebuerg ginn kënnt

Den Emirater hir éischt Mars-Missioun

Déi Vereenegt Arabesch Emirater schécken d‘Sond al-Amal (Hoffnung) zum roude Planéit

Den Emirater hir éischt Mars-Missioun

D‘Sond al-Amal ass mat enger Trägerrakéit vum Typ H2A vun der japanescher Weltraumgar op der Insel Tanegshima an den Himmel geschoss ginn. Domadder sinn déi Vereenegt Arabesch Emirater (UAE) déi éischt arabesch Natioun, déi eng Sond zum Mars schéckt. al-Amal soll no siwe Méint, also am Februar 2021 hir Ëmlafbunn ronderëm de roude Planéit erreechen.

Sënn an Zweck vun dëser Missioun ass et, der Wëssenschaft ee vollstännegt Bild vum Mars-Klima ze bidden. D‘Sond soll dann och ee ganzt Mars-Joer (687 Deeg no eiser Zäitrechnung) laang d‘Atmosphär, d‘Wiederännerungen an de Wiessel vun de Joreszäiten observéieren. D‘Fuerscher erhoffen sech vun dëser Missioun vill nei Erkenntnisser.

Esou kéint dës Missioun Erklärungen derzou liwweren, firwat d‘Waasser vum roude Planéit verschwonnen ass. Vun dëser Missioun profitéiere Wëssenschaftler un iwwer 200 Universitéiten an Héichschoulen. Wann alles esou ofleeft, wéi et geplangt ass, kéint d‘Mars-Atmosphär zu all Ament observéiert ginn. Bis heihinner ass een awer scho frou datt de Start gegléckt ass.

Mee net nëmmen déi Vereenegt Arabesch Emirater hu Weltraumambitiounen. Och China an d‘USA wëllen déi gënschteg Positioun vum Mars zur Äerd notzen, fir eege Mars-Missiounen op de Wee ze bréngen. Si sollten nach dëse Mount starten. D‘USA wëllen den neien NASA-Roboter „Perseverance“ um Mars landen. Seng Missioun: Gestengs- a Buedemprouwe maachen.

Wat ass besonnesch un der UAE-Missioun?

Eng Sond zum Mars schécken an dëse fir allerlee Observatiounen seng Ronnen dréinen ze loossen ass net nei. Mars-Missioune gëtt et zanter de 60er Joren, an awer ass d‘Missioun vun der UAE eppes Besonnesches. Am arabesche Raum gëtt et keng Raumfaarttraditioun Dem Raumfaartzenter zu Dubai besteet eréischt zanter wéinege Joer, an bis ewell goufen do just Satellitten hiergestallt.

Mars

© UAE Space Agency

Sech elo un eng Mars-Missioun ze woen ass ee grousse Schratt, un deem der scho vill gescheitert sinn. D‘Chance fir dës Missioun stinn allerdéngs ganz gutt. D‘Emirater hunn hire Projet mat vill Pragmatismus an Ugrëff geholl, an sech hei d‘Zesummenaarbecht mat den USA geséchert. An den USA sinn d‘Instrumenter vun der Sond al-Amal gebaut an ëmfänglech getest ginn.

Wat si sech dat kaschte gelooss hunn, gouf net verroden, mee dëst Partenariat dierft vill zum Erfolleg vun dëser Missioun bäidroen. al-Amal ass zudeem net déi eenzeg Sond, déi wäert ronderëm de Mars orbitéieren. Aktuell sinn aacht Sonden am Mars-Orbit an eng chinesesch ass ënnerwee dohinner. Lëtzebuerg hat nach keng Mars-Missioun ugekënnegt…

mat indymedia/fuk/dxb

Bild: © UAE Space Agency

Related topics al-Amal, Mars-Missioun, NASA, UAE Space Agency, Vereenegt Arabesch Emirater
Next post Previous post