Search

You may also like

Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!
International Neiegkeeten Sport

Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!

Um vergaangene Freideg a Samschdeg stoung alles am Zeeche vun

Si hunn e bessert Aarbechtsgesetz gestëmmt
International Neiegkeeten Sport

Si hunn e bessert Aarbechtsgesetz gestëmmt

Mat 57 Stëmmen dofir an zwou Enthalungen ass dat neit

Roserei iwwert d’UNO-Ried: D’Kornelia Kirchweger mëscht sech Loft!
International Neiegkeeten Sport

Roserei iwwert d’UNO-Ried: D’Kornelia Kirchweger mëscht sech Loft!

Nach ëmmer schalt der Klimaaktivistin Greta Thunberg seng Ried beim

Martin Luther King Day an der NBA

Martin Luther King Day an der NBA

D’Joer 2020 kann ee wuel offiziell als “annus horribilis” bezeechnen, an deenen sech zwielef Méint laang eng schlecht Noriicht no där anerer d’Hand ginn huet. Heiansdo war et schwiereg – wann net souguer onméiglech – eppes Positives ze fannen, fir aus dësen ustrengenden 365 Deeg eppes ze léieren. Awer am Chaos, der Radikaliséierung a Polariséierung vun der Gesellschaft, sollten e puer Eventer ënnert d’Kategorie vun der positiver Entwécklung notéiert ginn.

Tatsächlech schéngt sech an de leschte Méint eng Verännerung an der Welt vum Sport gedoen ze hunn. Den Interessi an d’Positionéierung an de politeschen Noriichte gëtt ëmmer méi ausgepräägt.

Et ass déi éischte Kéier säit laanger Zäit – an engem allgemeng sanéierten a politeschem Universum mat ironeschen an trauregen Aussoen, datt eng Erhiewung vu Stëmmen oder Handlunge stattfënnt, déi wichteg Ereegnisser kritiséieren.

Dat offensichtlechst Beispill, un dat een sech erënnere sollt, ass d’Reaktioun vun der Sportswelt op de systematesche Rassismus duerch déi amerikanesch Police un déi afroamerikanesch Bevëlkerung.

Aus enger Reaktioun, déi iwwert eng einfach Sportaart erausgeet, huet eng Protestbeweegung stattfonnt. Vum Fussball bis zu der Formel 1, vum Tennis bis zu der NBA, déi dacks duerch d’Opleeë vum Knéi op de Buedem an eng erhuewe Fauscht a Richtung Himmel symboliséieren. Tëscht Solidaritéit an de soziale Netzwierker, Trikoten déi modifizéiert goufen, fir laangjäreg Ongerechtegkeeten unzeprangeren, huet sech de Sport fir d’éischte Kéier an der Geschicht zu Beweegungen zesummegeschloss, déi offensichtlech Auswierkungen op d’Medien hunn. Se kënnen souguer zu Protestaktiounen op der ganzer Welt féieren. Iwwerraschenderweis goufen och Eegeninitiative mat Sportperséinlechkeete gesinn, déi sech verstäerkt fir Situatiounen asetzen, déi an hiren Aen net ze erdroe sinn.

Dëst war de Fall vum franséischen Antoine Griezmann, deen net nëmme säi Partnervertrag mam chinesesche Ris Huawei gekënnegt huet. Hien huet d‘Gesiichtserkennung an de soziale Medien denunzéiert, déi genotzt gëtt, fir déi uiguresch Bevëlkerung ze identifizéieren. Si gëtt zënter Joren engem diktatoresche Regime vun der chinesescher Regierung ausgesat.

An de leschte Méint hunn mir de Marcus Rashford gesinn, deen sech fir de Kampf géint Kanneraarmut ausgeschwat huet. Säi Match géint déi englesch Regierung mat der Aféierung vu gratis Iesse fir Kanner a Familljen am Summer huet hien och gewonnen.

Et goufe Riede bemierkt (vun anere Spiller, déi sech iwwer bestëmmte Situatiounen opgereegt hunn) – iwwer Verännerungen an der Bezéiung tëscht Sport a verschiddene politesche Bléckwénkel.

Vill Sportler sinn sech hirer Stëmm an dem grousse Publikum bewosst ginn. Si notzen hier Bekanntheet, fir e gewëssenen Afloss op hier Fans auszeüben a fir géint Situatiounen ze kämpfen, déi net ze toleréiere sinn.

Sécherlech huet de Quarterback Colin Kaepernick fir en neie Medienusaatz gesuergt. Hien war deen éischten NFL-Athlet, deen sech wärend der Nationalhymne niddergeknéit huet. Zanterdeem goufen dës Eenzelinitiativen a ville Sportaarten demokratiséiert, vum Lewis Hamilton bis Kylian Mbappé, de Lebron James vun der NBA ageschloss.

D’NBA. Historesch protestéieren.

D’NBA, genau. Als aussergewéinlech Figur an engem Sport, an deem et heiansdo ze däischter gëtt, huet d’Liga ëmmer hier Roll als Verfechter vu soziale Reforme gespillt. Vun hirem Kampf fir déi selwecht Paien tëscht senge schwaarzen a wäisse Sportler, bis zum kierzleche Boykott vu Reunioune géint Ënnerstëtzung vun der Black Lives Matters Beweegung, war d’NBA ëmmer eng Plattform fir Protest a Rettung vir Ongerechtegkeeten. Eng Haltung a Fuerderung déi ni besser symboliséiert gouf, wéi um Martin Luther King Day, deen de Méindeg, den 18 Januar 2021 war.

Een Dag oder e Marathon u Matcher, solidareschen Aktiounen a soziale Fuerderunge passen all zesummen. Esou ass den drëtte Méindeg am Januar zum wichtegsten Dag an der Meeschterschaft gemaach ginn.

De Martin Luther King Day gouf 1986 zu Éieren vum ermuerde Paschtouer gegrënnt. En huet et well geschafft, a méi wéi drësseg Joer, amerikanesch Showen a sozial Aktiounen am rengste Stil ze mëschen. Tëscht aussergewéinleche Plakater an Hommagen un ee vun de berümtsten Afroamerikaner vun der Welt, hieft sech de Martin Luther King Dag vun all anerer Sportaart of. An dat duerch seng Eenzegaartegkeet a säin Usproch op eng historesch opgeluede Liga.

Säit hirem Ufank an den 80er Joer war d’Liga wierklech vun Athlete vertrueden, déi net gezéckt hunn, d’Sportplattform ze benotzen, fir kompromësslos Messagen ze liwweren. Genee wéi de Mohamed Ali refuséiert huet a Vietnam ze goen, wäert de Bill Russell ouni Zweiwel eng vun den aktiivste Stëmmen an de 60- a 70er Joren sinn. Hien huet de Martin Luther King bewonnert, hien huet net gezéckt an engem Sport, deen kulturell vu Schwaarze behaapt gëtt (am Géigesaz zum Baseball, Hockey oder der NFL), seng Bekanntheet ze benotzen, fir déi sozial Beweegung virunzedreiwen.

Den Dag nom Martin Luther King sengem Doudesdag, ass hien ee vun de wéinege Spiller gewiescht, déi sech geweigert hunn, ze spillen – haut wär et dat éischt Spill vun enger Konferenzfinall. Et war eng Ofleenung ouni Wierkung. Wéi endlech gespillt gouf – op enger stierwender Atmosphär um Spillterrain – hunn d’Spiller weder Roserei, nach de Wonsch ze gewannen, gewisen. Et war ee Mësserfolleg fir de Russell, deen sech de Mängel am System bewosst gouf an dankbar bliwwen ass:

“Ech soen net, datt dës Liga perfekt ass. Mee si ass déi, wou am meeschte Fortschrëtter gemaach ginn. An déi, wou de Prozentsaz vun den Afroamerikaner am gréissten ass.” huet de Bill Russell 2011 gesot.

Dës zwee Joerzéngte waren de Schlësselstee beim Opbau vun der NBA. Et ass massiv an den Universitéiten rekrutéiert ginn, d’Campusse goufe radikaliséiert – dat huet dozou bäigedroen, Spiller mat ideologeschen Iwwerzeegungen ze formen, déi an der Konscht vun der Mobiliséierung verwuerzelt an etabléiert waren. Wéi de Kareem Abdul-Jabbar, hien war de Chef vun der Boykottbeweegung fir déi Olympesch Spiller a Mexico. Dat war 1962. Oder wéi den Bill Walton, deen 1972 bei enger Demonstratioun géint de Vietnamkrich festgeholl gouf.

Ausgestatt mat Spiller, déi Gewerkschafte gegrënnt hunn an d’Bewosstsinn fir sozial Problemer schnell schäerfen, fërdert d’NBA dës Beweegung, déi et hinnen erméiglecht, Medieberichterstattung, Popularitéit an d’Identitéit vun Dissidenten ze gewannen.

Mam Réckgang vun der Biergerrechtsbeweegung (an den 80.er Jore bis 2000) goufen d’Protester an d’Galiounsfiguren och manner. Eng Ännerung, déi perfekt vum Michael Jordan an den 80er an 90er symboliséiert ginn ass.

Op d’Fro, firwat hie keen demokratesche Senatskandidaten ënnerstëtzt, sot den éischte Basketball-Superstar vun der Welt: “Well Republikaner och Turnschong kafen.”

Eng Äntwert, déi d’Entwécklung vun der Meeschterschaft zu enger Aart “Gesamtgeschäft” ofstempelt, an där sozial Ongerechtegkeeten näischt ze sichen hunn.

D’Medieberichterstattung an d’Bekanntheet vun der NBA hunn zanterdeem net opgehalen ze explodéieren. Hier Spëtzesportler hunn géint 2010 d’Kraaft vun hire Stëmmen a souguer vun hirem Schweigen (an och vun den Auswierkungen) op en Neits entdeckt. Dat kann och duerch de grousse Succès vun der Black Lives Matter Beweegung erkläert ginn. Stare wéi de Kobe Bryant, Lebron James oder de Stephen Curry hiewen hier Stëmm, deelen hier Meenung oder grënnen Associatiounen a Schoulen. Si engagéieren sech humanitär.

Dat ass eng kloer Positionéierung, déi mat der Wal vum Donald Trump déi amerikanesch Bevëlkerung nach méi polariséiert an den Image vun der NBA als méi wéi ee Sport festege wäert.

Och wann de Martin Luther King Day zënter méi wéi drësseg Joer stattfënnt an all Joer een ass, sou ass d’Editioun 2021 eng vun den Interessantsten, déi et ze verfollege gouf.

D’Ëffentlechkeet huet gefeelt a verschidden Aktivitéiten hunn missen ofgesot ginn, mee de gesondheetlechen, sozialen a wirtschaftleche Kontext vum Land preparéiert sech fir e Protest.

Amerika, ee Land wat gespléckt ass a vun enger sanitärer Kris erstéckt gëtt, (an nach un de Nowéie vun de Virfäll am Kapitol leit), et besteet keen Zweiwel dorunner, datt Spëtzesportler dës Geleeënheet net verpasse wäerten, fir Messagen ze iwwermëttelen.

Wann dat den Asaz ass, fir uerdentlech Sportsnoriichten ze liwweren, beschwéiere mir eis net driwwer. Mir lauschteren no.

Illustratioun: © Aline de Nadal / unsplash

Ee Beitrag vu MENTAL! – Aus dem franséischen iwwersat vum Jessica Mersch

Related topics Basket, Black Lives Matter, Colin Kaepernick, Kobe Bryant, Martin Luther King Day, NBA, Rassismus
Next post Previous post