Search

You may also like

Onofhängegkeet fir Katalounien!
International Neiegkeeten

Onofhängegkeet fir Katalounien!

De katalaneschen Nationalfeierdag heescht „La Diada“ an erënnert un d‘Néierlag

Brexit: Britescht Parlament schéckt Premierministesch bei de Däiwel
International Neiegkeeten

Brexit: Britescht Parlament schéckt Premierministesch bei de Däiwel

Wéi sech d‘Theresa May an de Jean-Claude Juncker e Méindegowend

Bare Brewing mam „Lawn Mower“ – Eng Méimaschinn fir de Comptoir
International Neiegkeeten

Bare Brewing mam „Lawn Mower“ – Eng Méimaschinn fir de Comptoir

Datt engem richtege gudde Béier och de passenden Numm muss

Mir gedenken dem Martin Luther King

Mir gedenken dem Martin Luther King

Um haitege Mëttwoch, viru genee 57 Joer huet de Martin Luther King de Friddensnobelpräis fir säin Engagement erhalen. Hien war ee grousse Biergerrechtler, deen sech fir d‘Gläichstellung tëscht de Rassen a géint Diskriminéierung agesat huet.

Sou wéi all People of Color gouf den Dr. King duerch déi deemoleg Rassentrennung an den USA diskriminéiert. Dobäi sinn all d‘Beräicher aus dem alldeeglechem Liewe getrennt ginn – Schoulen, Kierchen, ëffentlech Gebaier, Busser sou wéi ëffentlech Toiletten. Et war eng grouss Ongerechtegkeet, géint déi hie gekämpft huet – an dat scho vu Klengem un.

Seng éischt negativ Erfarung huet de Martin Luther King als klenge Jong gemaach. Säin enkste Frënd war ee wäisse Jong. Wéi déi zwee an de schoulflichtegen Alter komm sinn, hunn se ënnerschiddlech Schoulen misse besichen. Dono hunn si och net méi dierften zesumme spillen.

Duerch säin engagéierten sou wéi passionéierten Asaz ass d‘Beweegung Civil Rights Movement entstanen, déi tatsächlech dofir gesuergt huet, datt d’Rassentrennung gesetzlech opgehuewe ginn ass. Eng weider Folleg war d‘Walrecht vun der schwaarzer Bevëlkerung an den US-Staaten.

Wéi d‘Rosa Parks den 1. Dezember 1955 verhaft ginn ass, well hatt enger wäisser Persoun keng Plaz wollt maachen an einfach am Bus sëtze bliwwen ass, war dat den Ausléiser vum Montgomery Bus Boykott, dee vum Martin Luther King ugefouert ginn ass. Dësen huet 381 Deeg gedauert. Dono war Rassentrennung an de Verkéiersmëttele vu Montgomery ënnersot.

Martin Luther King
Vu Selma op Montgomery – Biergerrechtsmarsch am Joer 1965 – Public Domain

De Martin Luther King war fir vill Leit ee Virbild, säin Engagement ass haut nach ze spieren. Mee säin Asaz war net grad ongeféierlech, seng Famill ass dacks vu Rassiste bedreet ginn. Hien huet net opginn. Bekannt ass virun allem seng Ried, an där de Martin Luther King iwwert säin Dram geschwat huet. 250.000 Mënschen hunn ganz friddlech zu Washington géint Rassismus an Aarmut demonstréiert a sengen ergräifende Wierder, déi nach duerch d‘Welt sollte goen, nogelauschtert.

Hien hat den Dram, dat schwaarz a wäiss Mënschen enges Dages a Fridden un engem Dësch mateneen sëtze kënnen. An hien hat den Dram, datt seng véier Kanner enges Dages an engem Land liewen an deem si net no der Hautfaarf, mee no hirem Charakter beurteelt ginn.

Leider muss een dozou soen, datt sech säin Dram nach net ganz erfëllt huet. U villem muss nach geschafft ginn. Säi Kampf ëm Gerechtegkeet huet den Dr. Martin Luther King mat sengem Doud misse bezuelen – an dat am knappen Alter vun 39 Joer.

De Moment huet hien sech zu Memphis opgehalen a fir e bessere Loun fir schwaarz „Drecksmänner“ agesat. Hien war op sengem Balcon am Hotel net sécher, zwee Schëss hu sengem Liewen een Enn gesat. De wäisse James Earl Ray gouf als Eenzeltäter verurteelt. Iwwert seng Motiver gëtt haut nach spekuléiert.

A Gedanken u säin Dout sot hien eemol: „Ech wäert kee Geld hannerloossen. Ech wäert keng luxuriéis Saachen hannerloossen. Ech wëll nëmmen een engagéiert Liewen hannerloossen.“ An dat huet hien!

Opmaacherbild: De Moment, wou de Martin Luther King seng wuel bekanntste Ried “I Have a Dream” gehalen huet (1963) – Public Domain

Related topics Civil Rights Movement, Diskriminéierung, Friddensnobelpräis, Martin Luther King, Rassentrennung, Rassismus, Rosa Parks, Virbild
Next post Previous post