Search

You may also like

Aweiung vun der BnL: 1,8 Millioune physesch Wierker erwaarden Iech!
Meenung Neiegkeeten

Aweiung vun der BnL: 1,8 Millioune physesch Wierker erwaarden Iech!

Um leschte Septemberdag ass um Kierchbierg dat neit Gebai vun

Bam vum Joer 2019: d‘Flatter-Ulm
Meenung Neiegkeeten

Bam vum Joer 2019: d‘Flatter-Ulm

De Bam vum Joer ass d‘Flatter-Ulme (Ulmus laevis), déi wéi

Hurrikan Dorian: Vun der Karibik bis an den héijen Norden
Meenung Neiegkeeten

Hurrikan Dorian: Vun der Karibik bis an den héijen Norden

Immense Schued op de Bahamas, Chaos un der amerikanescher Ostküst

Vu Maskeflicht a medezineschen Attester (Kommentar)

Vu Maskeflicht a medezineschen Attester (Kommentar)

Wat bei eisen däitschen Nopere schonn zanter leschtem Summer als „praktesch Liewenshëllef“ vu ville Mënsche genotzt gëtt, fënnt och bei eis am Land ëmmer méi Fans: Een Attest vum Dokter dee vun der Maskeflicht befreit. De Problem hei: et kann net méi tëscht Gefälleg- an Noutwennegkeet ënnerscheet ginn, an dat ass net nëmme bei de Germanen ee richtege Problem.

A wéi dat bei esou Phenomener d‘Reegel ass, sinn et net déi wou fuddelen, déi sech rechtfäerdege mussen, mee selbstverständlech all déi wou ee ganz reale medezinesche Grond hunn, sech vun der Mask befreien ze loossen. Et sinn och net „déi“ wou de „Kontakt sichen“, an der Reegel behuelen sech déi mat guddem Grond „Maske-Befreit“ Mënschen, éischter Diskret a meiden déi aner.

Ob sech d‘Droe vun der Mask positiv op der Schutz virun der Covid19-Infektioun ausgewierkt huet oder eben net, ass streng geholl irrelevant. D‘droe vun der Mask ass per Gesetz Flicht, an domadder entfält d‘Afrostellen. Elo gëtt et dann déi medezinesch Attester, déi eigentlech wierklech nëmmen a seelene Fäll gräifen, wuel awer ëmmer méi oft optauchen a virgewise ginn. An dat ass ee Problem.

Zudeem huet et och ëmmer méi Medezinner déi ganz oppe vu „Gefällegkeet“ schwätzen. Et huet allerdéngs och ëmmer méi Medezinner déi d‘Existenz vum Covid19 an Fro stellen. Kuerz gesot: et fänkt zolidd un oniwwersiichtlech ze ginn, wann zu quokelege Situatioune féiere kann. Allergesch Reaktiounen op d‘Mask sinn erwisenermoosse seelen, an de Benefice ass dem Notzen ugepasst.

Wann et also zu enger Dispens vun der Maskeflicht kënnt, sollt de Grond dofir ganz reell sinn an de Mënsch sech zum eegene Schutz vu Geforequellen ewech halen. An et gëtt och Mënschen, deenen een aus anere „Grënn“ keng Mask undoe sollt: Persoune mat Psychopathologien a klenge Kanner. Wéi ee feststelle kann, d‘Zuel vun den Attester zur Maskebefreiung sollt iwwerschaubar bleiwen.

Fir de Patron awer, deem esou een Attest virgeluecht gëtt, huet et keng Alternativen. Deen ass, esou den Aarbechtsministère, gehalen den Avis vum Medezinner deen den Zertifikat ausgestallt huet unzëerkennen. Et geet nu emol net duer „iwwerzeegt“ ze sinn, datt et sech beim virleienden Attest ëm eng Gefällegkeet handelt. Dat hält „Patronen“ net dovunner of op d‘Maskeflicht ze bestoen.

An de Schoule geet een „dat“ eppes méi pragmatesch un. Schüler déi mat engem entspriechenden Attest ukommen, ginn hannert eng Plexiglasscheif gesat. Säitens dem Educatiounsministère heescht et dozou, datt et ganz wéineg Fäll huet, an deenen op esou eng Moossnam muss zeréckgegraff ginn. No iwwert engem Joer „sanitär Kris“ an onverständleche Mesuren, wuel ee previsibele Problem…

Illustratioun: © Kayla Speid / unsplash

Related topics Aarbechtsrecht, Attester, Covid19-Gesetz, Gefällegkeet, Maskeflicht
Next post Previous post