Search

You may also like

Eng Gewerkschaft fir d‘Fraen
Neiegkeeten

Eng Gewerkschaft fir d‘Fraen

MODERN, INCLUSIV, TEAMORIENTÉIERT, SOLIDARESCH, FEMINISTESCH; dat ass de Motto vum

Schëlleg am Sënn vun der Uklo!
Neiegkeeten

Schëlleg am Sënn vun der Uklo!

No iwwer fënnef Joer ass gëschter zu Athen de Prozess

money
D‘Pëtrolspräisser klammen, de Marché optimistesch
Neiegkeeten

D‘Pëtrolspräisser klammen, de Marché optimistesch

Nodeems um Donneschdeg de Cours vum Pëtrol op der Bourse

Zur Akzeptanz vun der Maskeflicht an der Schoul

Zur Akzeptanz vun der Maskeflicht an der Schoul

D‘Päischtvakanz ass „passé“ an eis Kanner ginn nees an d‘Schoul. An de ieweschte Klasse vum Sekundarunterrecht ass nees d‘Presenz vun alle Schüler erwënscht. Hinne gi pro Woch zwee sougenannt Selbsttester/Schnelltester zur Verfügung gestallt. D‘Pilotphas war jo gutt gelaf a ganz allgemeng ass d‘Situatioun am Land jo och éischter zefriddestellend.

Zousätzlech zu dëser LST-Variant bleift dann awer d‘Maskeflicht fir d‘Schoulkanner ab dem 6. Joer Flicht. En Ëmstand, dee bei Elteren net nëmmen op Zousproch stéisst, an Ulass zu enger Petitioun ginn huet. Déi ëffentlech Petitioun 1867, gouf Enn Abrëll vum Perinne Pouget, Mamm vun dräi Kanner am schoulflichtegen Alter, agereecht a steet zënter dem 18. Mee zur Ënnerschrëft bereet.

Wourëms et geet a wat gefuerdert ass:

Ënnert dem Titel: „Fir eng Relaxe vun der Maskeflicht fir d’Kanner an de Schoulen an den ausserschoulesche Betreiungsstrukturen“ geet beklot, datt d‘Kanner ab 6 Joer stänneg mussen eng Mask unhunn. Dat an der Schoul wéi och ech an den edukative Strukture. Et géif esou Schüler, déi fënnef Deeg d‘Woch, genéidegt sinn iwwer 9 Stonnen den Dag eng Mask virum Gesiicht ze droen.

An der Petitioun fuerdert d‘Perinne Pouget, datt an der Schoul wéi an de Strukturen, d‘Kanner vun der Maskeflicht befreit si wann si entweder un hirem Dësch sëtzen oder am fräie Spillen. Et gëtt drop higewisen, datt dës Flicht am Kontext vun der „Urgence“ agefouert ginn ass. Si ass dunn och kontinuéierlech renforcéiert ginn, ouni datt en Enn vun der Moossnam a Siicht wier.

Elo géif et awer keen „zolitte“ wëssenschaftlecher Beweis dofir, datt d‘Masken esouwuel effikass wéi signifikativ derzou bäidroe géifen, d‘Iwwerdroe vum Covid19-Virus ze verhënneren. Et géif, esou d‘Perinne Pouget, awer Beweiser dofir, datt d‘Maskeflicht de Kanner psychesch a physesch Schuede géif. Zudeem géif et elo Vaccinen an d‘Behandlung vun der Infektioun wier besser ginn.

An da gëtt sech och nees drop bezunn, datt „all d‘Etüden“ géifen zu Konklusioun kommen, datt Kanner wéineg duerch der Virus impaktéiert ginn, a si en niddrege Kontaminatiounstaux opweisen. A ganz Europa géifen sech Elterevereenegungen a Vertrieder vum Gesondheetssecteur, iwwert den negativen Impakt iergeren. Och d‘WHO, géif keng Maskeflicht fir Kanner bis 12 Joer virschreiwen.

Weider gëtt drop higewisen, datt d‘Maskeflicht sech negativ op de Beholl vun de Schüler ënnert sech ausgewierkt hätt. (gemengt ass d‘Denonciatioun vun de Klassekomeroden) Et géif zudeem, bezunn op d‘Konventioun vun de Kannerrechter an dem Fait, datt d‘Wuel vum Kand ëmmer muss un éischter Stell stoen, ee Verstouss, géint eben d‘Rechter an d‘Wuel vum Kand virleien.

Remark:

D‘Petitioun steet nach 29 Deeg zur Ënnerschrëft op. Ob haut Méindeg huet si schon 1.434 vun den noutwennegen 4.500 Signaturen erhalen.

Illustratioun: © Marco Fileccia / unsplash

Related topics Betreiungsstruktur, Maskeflicht, Perinne Pouget, Petitioun 1867, Schoul
Next post Previous post