Search

You may also like

What the Fakt – Haut den Dag vum Kuschelen!
International Kultur

What the Fakt – Haut den Dag vum Kuschelen!

Déi bescht Method sech u kale Wanterdeeg waarm ze halen

De Contournement vu Käerjeng ass beschlosse Saach
International Kultur

De Contournement vu Käerjeng ass beschlosse Saach

Um Freideg huet de Regierungsrot den Tracé vun der neier

Ëmwelt: Zesummeschaffe fir d‘Bach „Kuer“ besser ze Schützen
International Kultur

Ëmwelt: Zesummeschaffe fir d‘Bach „Kuer“ besser ze Schützen

D‘Ministerin fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Carole Dieschbourg, zesumme

Mat Baby Driver kënnt jiddereen op héich Touren

Quiitschend Pneuen, jaulend Motoren a gutt Musek: Esou héiert sech Baby Driver vum Edgar Wright un. Mee ze gesinn gëtt et och genuch, well hei gëtt dem Publikum een vun den interessantsten a beandrockendsten Action Filmer vun eiser Zäit gewisen.

Dem Edgar Wrigt gëtt gäeren emol virgeworf, datt seng Filmer (Scott Pilgrim, Hot Fuzz) éischter Stilübunge sinn wéi déifgrenneg Wierker. Sécherlech, säi Schnëtt an d’Inszenéierung sinn enorm stilsécher, eleng d’Szeneniwwergäng sinn et der wäert, analyséiert ze ginn. Mee wat all seng Filmer vereent ass eng eegestänneg Energie, déi och dee simpelste Plot iwwermole kann.

Schnell a voller Action

Bei Baby Driver geet et ëm de Baby (jo, dat ass säi Numm) deen als Fuerer fir eng net weider detailléiert kriminell Organisatioun schafft. Mir wëssen datt se kriminell ass, well direkt an der éischter Zeen en Iwwerfall samt Verfolgungsjuegd gewise gëtt an de Kevin Spacey de Kapp vun der Organisatioun spillt. An de Kevin Spacey ass jo eigentlech ni de gudden an esou enger Geschicht. Hien zwéngt de Baby Driver dozou, u sengen duerch geplangten Iwwerfäll deel ze huelen, fir datt en eng Schold bei him ofbezuele konnt. Wéi ee vun deenen Iwwerfäll schif leeft geréit hien net nëmmen an d’Viséier vun der Police mee och vu sengen eemolege Komplizen.

De Film lieft vun senge Verfolgungsjuegten: Si si schnell, actiongepaakt an dach verléiert een nie den Iwwerbléck. Meeschterlech weess d’Kamera ëmmer, wat ze weisen ass, fir datt den Zuschauer zu all Ament weess, wou wien drun ass. Et ass e klore Kontrast zu den hektesche Schnëtt, déi an anere Filmer fir soss näischt ewéi Verwirrung suergen. Passend dozou natierlech de Soundtrack, dee bal duerchgoend präsent ass. De Clou ass, datt de Baby säin Tinitus probéiert mat Musék ze iwwerbrécken, a mir lauschteren deen Ament ëmmer mat. Do mécht et dann näischt aus, wann e puer Zeenen, déi keng Poursuitten hunn, e bësschen ze lues am Tempo sinn. An och, datt den Dialog heiansdo ze minimalistesch ass, kann net stéieren: Eng gutt Pointe hei, eng bäileefeg Remarque do – just genuch, fir déi wichtegst Figuren uerdentlech ze ëmräissen.

Baby Driver ass e Film, dee ganz genau weess wat e wëll: Mat Stil ënnerhalen. Et ass schwéier him eppes iwwel ze huele, well e seng Missioun sou konsequent – a kompetent! – erfëllt. E Muss an dëse Summerwochen, wou leider vill Schlechtes an de Kinossäll ze fannen ass.

Fotos: ©2017 TriStar Pictures, Inc. and MRC II Distribution Company L.P. All Rights Reserved.

Related topics Baby Driver, Edgar Wright, Kino, Musék
Next post Previous post