Search

You may also like

Den US-Ausseminister verdeedegt geeschtegen Zoustand vum Trump
Kultur

Den US-Ausseminister verdeedegt geeschtegen Zoustand vum Trump

No der Verëffentlechung vun engem Buch, dat sech mat de

Net noloossen! Et gesäit besser aus wéi et ass
Kultur

Net noloossen! Et gesäit besser aus wéi et ass

Zu Lëtzebuerg ass ee sech säitens der Regierung, och oder

Bréissel: d‘Belsch huet eng “Sommet-Tax” fir Journalisten agefouert
Kultur

Bréissel: d‘Belsch huet eng “Sommet-Tax” fir Journalisten agefouert

All d‘Journalisten déi an der Belsch accreditéiert sinn – egal

Mat de Krapperten an den Zirkus

Mat de Krapperten an den Zirkus

Wat eng Freed, an dat direkt fir: déi ganz jonk, déi einfach nëmme jonk, an natierlech alleguerten déi, deenen et einfach net wollt geléngen erwuessen ze ginn. Si sollten dann och vum Lëtzebuerger Adventszirkus profitéieren, deen op neits de Wee an d‘Haaptstad fonnt huet, an esou e flotte Beitrag zu de Feierlechkeeten um Joresenn leescht.

Natierlech ass gëtt hei kee Deier ze gesinn, dofir awer Zirkus vum allerfeinsten. Déi wou et drop ukënnt sinn do, d‘Akrobate mat hire gefällege Spiichten – op datt engem d‘Häerz stoe bleift – d‘Komödianten, déi keen A wäerten dréche loossen, an wéi et sech zur Festlechkeet gehéiert, sinn och eng Rei international Artiste mat vun der Partie.

Verroden di mir dann emol esouvill: Sécher mat derbäi ass d‘Chloe Walsh, dat sech u sengen Hoer „ophänkt“ an och soss spannend Saachen a grousser Héicht mécht. Oder de Jongleur, Tony Garcia, dee seng Keele méi séier duerch d‘Loft geheit wéi d‘Aen hinnen nokommen. Natierlech dierfen d‘Clownen net feelen, an d‘Rad vum Dout ass dës Kéier och do.

Ticketen gëtt et ab 25 Euro op www.luxembourg-ticket.lu

de ganze Programm a wat engem soss nach gebuede gëtt fënnt een op www.luxemburger-adventzirkus.lu

Related topics Adventszirkus, Glacis, Stad Lëtzebuerg, Zirkus
Next post Previous post