Search

You may also like

Bio & lokal ass ideal: Eng edukativ a gläichzäiteg lecker Campagne
Neiegkeeten

Bio & lokal ass ideal: Eng edukativ a gläichzäiteg lecker Campagne

Vum 26. Abrëll bis de 7. Mee 2021 organiséiert Restopolis,

SREL-Affär: Net ze gleewen… et gëtt ee politesche Volet
Neiegkeeten

SREL-Affär: Net ze gleewen… et gëtt ee politesche Volet

Wéi de Prozess déi lescht Woch, géint déi ugeklote SREL-Mataarbechter:

US-Justizministère verklot US-Bundesstaat Texas
Neiegkeeten

US-Justizministère verklot US-Bundesstaat Texas

Bei der Pressekonferenz zur Presentatioun vun der Klo géint den

Mat de Rettungsdéngschter an dat neit Joer

Vergaangenen Dënschdeg huet d’Inneministesch Taina Bofferding d’Representante vum Service vun der ziviller Sécherheet op déi traditionell Neijoerschfeier am CIS zu Sprénkeng invitéiert.

Fir Unzefänken huet d’Ministesch de ville Benevolle fir hiert virbildlecht Engagement am Alldag Merci gesot. Säit der Aweiung vum CGDIS kann een adequat op all Noutruffen agoen. Ouni déi vill Aarbecht vun de Benevolle wier dëst net méiglech. Dobäi huet d’Taina Bofferding annoncéiert, eng Evaluatioun vum CGDIS, mat néidegen Upassungen, a Collaboratioun mam Terrain ze organiséieren.

D’Ministesch weist sech besuergt, datt a leschter Zäit ëmmer méi Leit vum Rettungsdéngscht wärend hiren Asätz ugegraff ginn. Si veruerteelt dëst Verhalen zu déifst an ënnersträicht dobäi d’Wichtegkeet vun der Ännerung vum Gesetzesprojet mam Artikel 410-2 vum Code Pénal, woubäi Aggressioune géigeniwwer vum Rettungsdéngscht bestrooft solle ginn. An dësem Kader misst een dann och Preventiounsaarbecht leeschten.

Och op d’Terrorübung VIGILNAT um Belval, vergaangene Samschdeg, huet si sech bezunn. Dobäi huet d’Ministesch alle Participante Merci gesot fir hir extrem professionell Aarbecht. Ee grousst Luef goung un déi super Kollaboratioun tëschent dem Service vun der ziviller Sécherheet, der Lëtzebuerger Police an dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet. D’Regierung wäert den Exercice elo evaluéieren a seng Conclusiounen zéien.

Donieft huet d’Ministesch de Wonsch ausgedréckt, datt d’Legislatioun zu obligatoresche Feiermelder a bewunnte Raim vun der Chamber gestëmmt soll ginn. D’Preventioun hält awer net beim Montéiere vu Feiermelder op. A Kollaboratioun mam Service vun der ziviller Sécherheet soll een nationalen Dag vun der Preventioun géint Bränn agefouert ginn.

Zu gudder Lescht ass nach emol d’Wichtegkeet vum CGDIS ënnerstrach ginn. Säit der Grënnung gëtt et ëmmer méi schwéier, hei Fräiwëlleger ze fannen.

Related topics CGDIS, Feiermelder, Neijoerschpatt, Sécherheet, Taina Bofferding
Next post Previous post