Search

You may also like

Solidaritéitscampagne vum Kierchbierg Shopping Zenter
Neiegkeeten

Solidaritéitscampagne vum Kierchbierg Shopping Zenter

Mat der „Mauer fir de Merci“ wëll d‘Ekipp vum Kierchbierg

Hollywoodlegend Peter Fonda am Alter vun 79 Joer gestuerwen
Neiegkeeten

Hollywoodlegend Peter Fonda am Alter vun 79 Joer gestuerwen

Hie war de Wyatt am Film „Easy Rider“ an ee

Spurlos verschwonnen: de saudesche Journalist Jamal Khashoggi
Neiegkeeten

Spurlos verschwonnen: de saudesche Journalist Jamal Khashoggi

Nodeems de saudesche Journalist Jamal Khashoggi an der Tierkei beim

Wat maachen si mat de Vaccinen? (Kommentar)

Wat maachen si mat de Vaccinen? (Kommentar)

Mir liewen an enger komescher Welt. Wärend eis d‘Regierung versprécht Transparent mat der Kris ëmzegoen, ass et den Europäeschen Zenter fir d‘Präventioun an d‘Kontroll vu Krankheeten (ECDC) deen d‘Jalousien héich zitt.

Woubäi eng Regierung och dann nach als „Transparent“ ze betruechte wier, wann si net all Info elo op den Dësch leet. Dat et deem engen oder aneren net wierklech séier genuch mam Impfe geet, ass dat eent. Datt d‘Regierung entscheet hat beim AstraZeneca 75% vun de Dose ganz ze benotzen – well jo hei bis zu 12 Woche kann tëscht den zwou Injektioune gewaart ginn – ass dat anert.

Elo ass zanter Enn Mäerz 2020 d‘Kommunikatioun säitens dem Gesondheetsministère awer leider ënner aller Klarinett, firwat ee gutt dorunner deet, sech wäerteg Informatiounsquellen zouzeleeën. Wärend zu Lëtzebuerg d‘Regierung d‘Informatiounzougangsgarantie fir Journaliste konterkaréiert, sinn EU-Instanze besser opgestallt an esouguer zougänglech. A wann een da wësse wëll wou sech de Covid19-Impfstoff zu Lëtzebuerg befënnt: also am Frigo oder an de Mënschen, si wëssen dat.

Gesi mir emol vun esou wierdege Politiker a Wirtschaftsprofien – wéi beispillsweis de Jean-Louis Schiltz (e fréiere CSV-Minister deen de Mënschen am Land déi chrëschtlech Léiere virlieft) a seng Komerode vum HRS-Verwaltungsrot – of, da sollt de Vaccin tatsächlech just an de Kierper vun de Mënschen opzefanne, sinn, déi entspriechend de politesch-ethesche Prioritéite festgeluecht goufen.

Bei der ECDC ass ee wuel och net iwwert déi vereenzelt Exactiounen erfreet, verweist awer op d‘Verantwortung vun der Regierung. Do wousst bis gëschter kee wou mir mat den „Dosen“ dru sinn, also wéi vill et erausgaangen ass, a wat nach esou doruechter leien… Zu Bréissel dogéint, schéngt ee besser informéiert ze sinn. Laut der ECDC, sinn vun den zu Lëtzebuerg geliwwerten Impfdosen am Ganze ronn 55% verschafft ginn. Haut bestätegt de Ministère datt deem esou ass.

Et sollt och gerecht zougoen…

Datt et net einfach ass déi ganz Impfstrategie ze organiséieren an ëmzesetzen (Lëtzebuerg ass jo net Israel) sief dohi gestallt, mee eppes Kompetenz an der Kommunikatioun wier schonn ubruecht. Fir um Freideg op Nofro ze erkläre wou een drun ass, dann d‘Informatioun vun der ECDC ze bestätege fir ze ënnersträichen datt dat genee esou geplangt huet, jäizt fërmlech no… jo no wat eigentlech?

Also muss d‘Press nees zortéieren an interpretéieren. D‘Regierung erwaart jo vun dëser, datt si de Leit Mutt mécht, statt hinnen d‘Flemm anzedreiwen. Well jo jidderee matkritt huet, datt d‘Vaccine vu Pfizer/Biontech a Moderna gréisser Opmierksamkeet beim Ëmgang bedierfen an hei déi zweet Dosis bannent véier Woche muss verofreecht ginn; et awer anersäits bei der Hierstellung klemmt, gëtt déi zweet Dosis un der Quell geséchert. Et well ee keng onnéideg Verzögerunge provozéieren.

Beim AstraZeneca – deem aus onverständleche Grënn gewësse Leit kee vertraue schenken – ass déi strategesch „Zweet-Dosis-Reserv“ op 25% begrenzt ginn, fir ebe méi séier mat den Impfunge virun ze kommen. Hei huet et jo méi zäitleche „Spillraum“ vum Hiersteller gebuede kritt. Hei ass de Risk eppes ze verbëtzen och vill méi kleng. Hei kéint een ugebrache Flaconen, iwwer Nuecht lageren.

Datt déi aner Länner, besonnesch awer eis direkt Noperen een anere Wee ginn ass elo och gewosst: esou hunn se an der Belsch 83%, bei de Preisen nach 71% a d‘Fransousen ëmmerhin 68% vun den virrätegen Dosen „verschoss“. Ginn dës Länner elo e gréissere Risk an? Wëssen déi eppes wat eis Dirigenten net wëssen? An iwwerhaapt: firwat ass et net méiglech zumindest regional Konzepter an der Unioun duerch- an ëmzesetzen? Well d‘Länner vun der Unioun alleguerten net Teamfäeg sinn…

Illustratioun: © Little Plant / unsplash

Related topics Covid19, ECDC, Impfstoff, Impfstrategie, Vaccin
Next post Previous post