Search

You may also like

Aus der Chamber: Police-Reform
Neiegkeeten

Aus der Chamber: Police-Reform

Et ass gëschter an der Chamber net nëmmen ëm de

Iechternach: Nostalgesch verdreemt an eng alternativ Zukunft kucken.
Neiegkeeten

Iechternach: Nostalgesch verdreemt an eng alternativ Zukunft kucken.

Och dëst Joer war et den Weekend vum 4. August

Moskau erzwéngt Wafferou am Kaukasus
Neiegkeeten

Moskau erzwéngt Wafferou am Kaukasus

No eppes méi wéi sechs Woche schwéieren Ausenanersetzungen am Bergkarabach,

Mat der SAS op Stockholm an zréck

Lëtzebuerg ass elo nach eppes besser mat Schweden verbonnen

Mat der SAS op Stockholm an zréck

Lëtzebuerg ass attraktiv, egal ob fir doucen Tourismus oder knallhaarde Business. Dat bréngt eis de Wuesstem och op de Findel. Hei gëtt elo all Méindeg, Mëttwoch a Freideg eng Direktverbindung mat Schweden.

De Jungfernfluch gouf et Méindeg an d‘Maschinn vun der SAS, e Fliger vu Bombardier (CRJ900) mat 90 Plazen ass pénktlech um hallwer 11 gelant. An entgéintgesater Richtung, also a Schweden ass den éischte Fluch eppes kléngs no 13 Auer ukomm. D‘Verbindung tëscht dem Findel an der Haaptstad vu Schweden läit zäitlech bei ronn 140 Minutten (ouni Check-in).

Fir en Aller-retour Billjee mat der Luxair sollt ee ronn 600 Euro bei enger normaler adhoc Buchung ze bezuelen hunn. En Ticket direkt bei der SAS (Depart den 9.11 – Retour den 13.11) kascht der schonn 1.100 Euro. Et sollen awer och nach méi bëlleg Flich ginn, mee wéi dat soll oder kann ausgesinn, dat konnt eis um haidege Mëttwoch dann elo nach kee soen. Bei deene bekannte Präisser gëtt awer ersiichtlech, datt hei an éischter Linn déi Leit ugeschwat ginn déi geschäftlech ënnerwee sinn. Et ass awer elo och gewosst, datt dës Flich gutt ausgelaascht sinn, et also Besoin ginn huet.

Foto: Heiner Rambold / Pixabay

Related topics Findel, Fliger, Lëtzebuerg, SAS, Stockholm
Next post Previous post