Search

You may also like

De Krautmaart dréit Trauerflor: de Camille Gira ass vun eis gaangen
International Neiegkeeten

De Krautmaart dréit Trauerflor: de Camille Gira ass vun eis gaangen

Hie war en engagéierten, jo e passionéierte Politiker, deen sech

Wat weit méi: Mënscherechter oder Handelsbezéiungen?
International Neiegkeeten

Wat weit méi: Mënscherechter oder Handelsbezéiungen?

Op Aluedung vum tierkeschen Ausseminister, Mevlüt Cavusoglu, huet sech de

Chantier Sprangkraut – Aktiv géint déi invasiv Planz!
International Neiegkeeten

Chantier Sprangkraut – Aktiv géint déi invasiv Planz!

Um kommende Samschdeg ass Är Hëllef gefrot. Den Natur- a

Grönland-Deal geplatzt, wéi wier et mat engem Stéck Belsch?

Déi Jonk vun der N-VA géifen dem Trump Wallounien fir 1 Euro iwwerloossen

Grönland-Deal geplatzt, wéi wier et mat engem Stéck Belsch?

Fir déi eng ass et Humor, fir déi aner en weideren Exzess deen zur Spaltung vun der Belsch soll bäidroen. D‘Jugendsektioun vun der flammännescher N-VA jiddefalls hu gëschter, nodeems da bekannt war, datt den Donald Trump vun den Däne Grönland net verkaaft kritt, eng Fotomontage vum Duerf Durbuy mat Trump Tower getwittert, an dat mat enger däitlecher Message.

Belsch„Leiwen Här Trump, een Euro a Wallounien gehéiert iech. Rufft eis un“. Domatter hunn déi jonk Nationalisten sech op den Interessi vum US-President fir déi „dänesch“ Insel bezunn. Si maachen allerdéngs esou och keen heel dorausser, datt si sech nawell gäre géife vun de Wallounen trennen.

Hiren Tweet huet dann och säin Effet net verpasst. Esou huet den zukünftege President vun de „Jeunes du MR“ (den MR war op federalem Niveau emol Koalitiounspartner vun der N-VA – NvdR) Steve Detry de „Kollegen“ matgedeelt, datt de Witz „flappseg“ an „eppes domm“ ass. Hie géif sech vun hinnen eppes méi Verstand erwaarden, wann een an Zukunft zesummeschaffe wëll.

Mee och déi Konservativ hu reagéiert, dat an der Persoun vum Catherine Fonck (cdH) eng fréier Ministesch. „Den anti-Frankophonen Hunneg ronderëm de Mond ze schmieren, sech op sech selwer ze bezéien an anerer ofleenen… Hir Visioun vun der Zukunft ass esou traureg an egoistesch“.

mat indymedia/lge

Related topics Belsch, Grönland, Jong N-VA, N-VA, Wallounien
Next post Previous post