Search

You may also like

Wou ass de Goss?
Neiegkeeten

Wou ass de Goss?

Enn Januar huet déi national Gesondheetskeess (CNS) misse feststellen, datt

Köln den 11.11.: D’Karnevalssaison huet nees gestart!
Neiegkeeten

Köln den 11.11.: D’Karnevalssaison huet nees gestart!

D’Häerz vun alle Kölner a Karnevalisten schléit erëm méi héich.

Covid19-Vaccin: Wann d‘Fleegepersonal net mat mécht, wat dann?
Neiegkeeten

Covid19-Vaccin: Wann d‘Fleegepersonal net mat mécht, wat dann?

Wann een emol dovunner Abstraktioun mécht, datt gutt zweedrëttel vun

D‘Paräisser Plaz mat neiem Liewe gefëllt

D‘Paräisser Plaz mat neiem Liewe gefëllt

Et ass Summer, d‘Leit si gutt gelaunt an esou soll et och bleiwen. Do presentéiert et sech gënschteg, datt d‘Aarbechten un der Tramsstreck gutt viru kommen a d‘Paräisser Plaz konnt ageweit ginn. Dat war ee Samschdeg de Fall, an natierlech gouf dat vu politesche Riede begleet.

D‘Paräisser Plaz ass jo am Kontext vun engem mat de Bierger ageleete participative Prozess, net nëmmen „nei geduecht“ mee och ganz nei reamenagéiert ginn. Dat gouf esou och vum uwiesende Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot, dem Mobilitéitsminister an engem héije Vertrieder vu LuxTram bei der feierlecher Erëffnung um Samschdegnomëtten nach emol betount.

Gesäit een emol dovunner of, datt sech déi politesch Elite an de serviabelen Employé vu LuxTram, no engem ustrengende Pandemiejoer an diverse politescher Skandaler, ee puer agreabel Amenter vergënnen dierfen, esou dierft et virun allem de Geschäftsleit, den Awunner vun den ëmleiende Quartiere, mee selbstverständlech alle Gäscht an sonstege Leit gutt gefalen, wat do gebuede gëtt.

De Raum ass lëfteg gestalt ginn, et huet aacht Platanen, Bänken an méi generell ass d‘Plaz jo vun de gastronomeschen Terrassen ëmginn. Wann elo nach dofir gesuergt gëtt, datt een och mam Vëlo ouni Angscht mussen ze hunn, dohinner kënnt, da kann een d‘Aarbechten als ofgeschloss betruechten. Et ass awer och richteg, datt schonn elo d‘Liewensqualitéit siichtbar besser ass. A sécher ass et och…

Fir de Minister ass d‘Fäerdegstellung vun dësem Streckenofschnëtt, mat der Réckgab vun der Paräisser Plaz un d‘Bierger, dann och de Beweis dofir, datt de Projet LuxTram wäitaus méi ass, wéi just ee Mobilitéitsverbesserungsprojet. De Mobilitéitsschäffe vun der Stad Lëtzebuerg freet sech, datt nees Liewen op d‘Paräisser Plaz kënnt, déi jo och eng kommerziell a kulturell Plaz ass.

Esou kann ab dem 8. Juli nees all Donneschdeg de Garer Maart (vu 7.30 bis 14 Auer) stattfannen. Lokal Fester, d‘Garer Kiermes a soss kulturell Aktivitéite sinn nees méiglech. Déi nei Vëlospist, déi d‘Nei Avenue mat der Uewerstad verbënnt, dréit dann och zur Attraktivitéit bäi. Net ze vergiessen, datt et wéineg Meter méi wäit, bei de Zitha-Klinik jo och eng Vel’OH Statioun huet…

Foto: © Laurent Blum / VDL

Related topics LuxTram, Nei Avenue, Paräisser Plaz, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post