Search

You may also like

Elektronesche Patientendossier: Virdeeler fir Patient an Dokter
Business Meenung Neiegkeeten

Elektronesche Patientendossier: Virdeeler fir Patient an Dokter

Zënter dem 1. Januar 2020 si ganzer 625.564 elektronesch Patientendossier

Route d’Esch – Chantier vum 22. Juli bis de 14. September 2020
Business Meenung Neiegkeeten

Route d’Esch – Chantier vum 22. Juli bis de 14. September 2020

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt duerch Aarbechten um ëffentleche Versuergungsnetz

SNMC: een éischte Rapport no zwee Joer bestätegt grousse Succès
Business Meenung Neiegkeeten

SNMC: een éischte Rapport no zwee Joer bestätegt grousse Succès

De Service National du Médiateur de la Consommatioun (SNMC) huet

Editorial: Ee Mataarbechter „à la Carte“

Editorial: Ee Mataarbechter „à la Carte“

Et ass schonn interessant wéi Patronat an ADEM laanscht enaner schaffen, woubäi déi eng wuel der Usiicht sinn et wier ee „Wonschconcert“ an déi aner keng „Noute liese“ kënnen. Et ass nu emol net domadder gedoe festzestellen, datt et zanter Joren eng Diskrepanz tëscht den ugebuedene Plazen an de Qualifikatiounen huet. An d‘ADEM kann dës Qualifikatiounen aus Grënn net aus eegener Kraaft den Demandeuren zoukomme loossen, an dem Patronat sinn esou Formatioune vill ze opwenneg.

De moderne Patron erwaart sech haut vum staatlechen Déngschtleeschter ADEM, datt dësen him dat Personal zur verfügung stellt dat hie brauch: méiglechst Jonk, Männlech mat Beruffserfarung a flexibel (och wat d‘Pai ubelaangt). Blöd dat et dës „Eierlegende-Woll-Milch-Sau“ (wéi de Preis dës seele Pärel nennt) net als Demandeur huet. Wien eng Drop huet brauch nämlech alles ausser ee Placeur vun der ADEM, fir sech d‘Liewe schwéier ze maachen, oder falsch orientéieren ze loossen.

Zudeem schénge weder Patronat nach ADEM matkritt ze hunn, datt fir „dee richtegen ze fannen“ ausser dem Gehalt, och nach d‘Attraktivitéit – net nëmmen déi vun der Entreprise – eng ëmmer gréisser Roll spillt. Rekrutementsproblemer zu Lëtzebuerg si ganz kloer der Attraktivitéit vum Land an de schlechte Paie geschëlt. Déi ginn nämlech oft net emol méi duer d‘Liewenskäschten an de Loyer ze bezuelen, an de Radius vum abordabele Logement, erwiedert sech leider och stänneg.

Dat heescht fir iwwert d‘Ronnen ze komme muss ee „flexi-mobil“ sinn, wat bedeit datt een a Kaf hëlt bis zu véier Stonne just fir de Schaffwee op sech ze huelen. A wéi gesot, wien säi Job kennt a net grad op de Kapp gefall ass, wäert seng Liewensqualitéit net dem Lëtzebuerger Aarbechtsmaart afferen. Gutt am administrative Beräich wéi sécherlech och dem Finanzsecteur ass dat net esou wëll, hei ass unhand den ADEM-Zuele gewosst, datt et genuch Demandeuren an Offer huet.

Anescht gesäit et dann am Déngschtleeschtungssecteur, dem Evenementiel an der Gastronomie aus. Hei gëtt an der Reegel just ee Misärsloun, grotteschlecht Aarbechtskonditiounen an den Toun muss wuel och verbesserungswierdeg sinn. Jiddefalls well sech keen de schlechten Ëmgang, déi moer Pai an dat stännegt „ënnerwee sinn“ op dauer undoen. Richteg ass wuel och nach, datt d‘Motivatiounen haut anescht gelagert sinn. Gutt Patronen an/oder anstänneg Betriber hunn dee Problem jo net.

Illustratioun: Salariéeë kaschte Geld, maache Knascht an nerven eigentlech just d‘Patronat, an awer geet et net ouni. Verfollegt de Patron dann eng Aarbechtspolitik wéi am viktorianeschen Zäitalter, statt sech op de Wee vun de sektorielle Kollektivverträg ze maachen, soll hie kucke wou e bleift a versichen nozedenken… © Olivier Collet / unsplash

Related topics Aarbechtskonditiounen, Aarbechtsmaart, ADEM, Formatioun, Kollektivvertrag, Patronat
Next post Previous post