Search

You may also like

Zum Ofschloss vun der Mobilitéitswoch: de Steel-Run
Neiegkeeten

Zum Ofschloss vun der Mobilitéitswoch: de Steel-Run

Säit 2005 bedeelegt sech Lëtzebuerg un der europäescher Mobilitéitswoch, déi

D’Museksindustrie huet Kaméidi mat Spotify – Dobäi misst dat guer net sinn
Neiegkeeten

D’Museksindustrie huet Kaméidi mat Spotify – Dobäi misst dat guer net sinn

Wéi vill bleift fir Museker iwwreg, wann een op Spotify

Kommentar: Feindséilegkeeten „à la Carte“ – US-President dréit op der Felg
Neiegkeeten

Kommentar: Feindséilegkeeten „à la Carte“ – US-President dréit op der Felg

Dem selwer ernannte „Krichspresident“ Donald Trump feelt et net Feindbiller,

mateneen. Demokratiebildung an der digitaler Gesellschaft

Déi 4. Editioun fir eng demokratesch Schoulkultur

mateneen. Demokratiebildung an der digitaler Gesellschaft

Dat véiert Heft vun der Rei „mateneen – Praxishefte Demokratische Schulkultur“ beschäftegt sech mat der Demokratiebildung an der Schoul an der digitaler Gesellschaft. D’Editioun ass virun der Pandemie entstanen, kritt awer duerch d’Kris thematesch nach zousätzlech Aktualitéit, och wann een net op déi nei Situatioun vum Covid-19 ageet.

Wärend Videoportaler, Internetsäiten a sozial Netzwierker ëmmer méi zu de wichtegen Informatiounsquelle fir d’Virbereedung vun Hausaufgabe sinn, bedeit de schnellen Zougang zu Informatiounen net automatesch, datt de Schüler och Qualitéit kritt. D’Offer mécht et schwiereg, dat Richtegt ze fannen. Feel- an Desinformatioun ze erkennen, déi jeeweileg politesch Orientéierung vum Beitrag anzeschätzen, an de schnellen digitalen Austausch tëscht de Jugendlechen stellt divers Erausfuerderungen duer.

Den Ëmgang mam Medium Internet muss soumat mediepedagogesch vermëttelt ginn. Et stellt op der anerer Säit nämlech och eng Chance fir d’Demokratiebildung duer. D’Heft weist hei Beispiller an Ureegungen, wéi een an der Schoul mat digitale Medie schaffe kann.

D’Heft, sou wéi weidert Material kritt ee gratis op www.mateneen.eu an HEI op Däitsch a Franséisch.

Related topics Bildung, Demokratiebildung, digital Medien, Digitaliséierung, Hausaufgaben, Informatiounen, mateneen, Schoul
Next post Previous post